Op den Inhalt sprangen

Schilddrüs

Vu Wikipedia
Lokaisatioun vun der Schilddrüs beim Mënsch (Mann).
D'mënschlech Schilddrüs (hellbrong), vu vir gesinn, an d'Arteerien (rout), déi déi Drüs mat Blutt versuergen.

D'Schilddrüs (lat. glandula thyreoidea oder glandula thyroidea) ass eng Drüs am Hals vun de Wierbeldéieren, déi Hormoner produzéiert. Si läit bei de Mamendéieren ënnert dem Keelkapp virun der Luftröre. Beim Mënsch huet si d'Form vun engem Päiperlek. Si besteet aus zwee Läppercher, déi duerch eng schmuel Bréck matenee verbonne sinn, déi Isthmus genannt gëtt.

D'Haaptfunktioun vun der Schilddrüse besteet an der Späicherung vu Iod an der Bildung vun de iodhaltegen Hormoner Triiodthyronin an Thyroxin, an dem Peptidhormon Calcitonin. D'Schilddrüsenhormoner spillen eng wichteg Roll fir de Energiestoffwiessel, fir de Wuesstem vun eenzelen Zellen a fir de Gesamtorganismus. An der Schilddrüs gëtt Calcitonin gebilt, deen den Ofbau vun de Schanken hemmt.

D'Schilddrüs ass den Ausgangspunkt fir vill Erkrankungen, déi ënner anerem zu Stéierunge vum Hormonstoffwiessel féieren an eng Ënner oder Iwwerfunktioun vun der Schilddrüs ervirruffe kënnen.

Commons: Schilddrüsen – Biller, Videoen oder Audiodateien