Op den Inhalt sprangen

Hormonsystem

Vu Wikipedia
Déi wichtegst Drüsen am Hormonsystem vum mënschleche Kierper (op Däitsch).

Den Hormonsystem oder endokrinne System ass e System am Kierper vun de méizellege Liewewiesen, deen aus spezialiséierten Organer, biologeschem Tissu an Zellgruppe besteet. E steiert komplex Kierperfunktiounen, wéi zum Beispill de Wuesstem an d'Fortplanzung, mat Hëllef vun den Hormoner.[1],[2]

Hormoner si Chemikalien, déi vun den endokrinnen Drüsen an de Bluttkreeslaf ofgi ginn. Vun do aus beaflosse si also d'Funktioun vun hirem Zilgeweebe, wat eng aner endokrinn Drüs oder en Endorgan ka sinn. Op déi Manéier erlaabt den Hormonsystem eng koordinéiert Kommunikatioun tëscht de verschiddenen Organer am Kierper.[3]

Zum endokrinne System zielen ënner anerem d'Schilddrüs (glandula thyroidea), d'Nieweschilddrüs (glandula parathyroidea) an d'Niewenieren (glandula suprarenalis), nieft aneren Drüsen. Doriwwer eraus hu vill aner Organer oder Tissuen d'Fäegkeet, Hormoner ze produzéieren an auszeschëdden, dorënner den Hypothalamus, d'Liewer, d'Häerz, d'Haut, d'Skelettmuskulatur, de Mo, den Zwieleffangerdaarm an d'Keimdrüsen (Eeërstäck, Hoden).[1]

Endokrinn Erkrankunge sinn d'Resultat vu Stéierunge vun den endokrinnen Drüsen, respektiv vun deenen hirem Zilgeweebe. D'Endokrinologie ass d'Deelgebitt vun der Biologie an der Medezin, déi sech mam endokrinne System, senge Krankheeten a senge spezifesche Sekreter, den Hormoner, beschäftegt. Den endokrinne System huet eng enk funktionell Bezéiung zum Nervesystem. D'Neuroendokrinologie beschäftegt sech mat der Wiesselwierkung vun den zwee Systemer.[1],[3]

Commons: Endokrinne System – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 1,2 DocCheck Flexikon: Endokrines System
  2. United States Environmental Protection Agency: Overview of the Endocrine System
  3. 3,0 3,1 MDS Manuels: Übersicht über das endokrine System