Isobutan
Isobutan | |
---|---|
Systemateschen Numm (IUPAC) | 2-Methylpropan |
Trivialen Numm | Isobutan |
Cheemesch Formel | C4H10 |
Ausgesinn / Geroch | duerchsiichtege Gas |
Eegenschaften | |
Dicht | 2.70 kg/m3 bei 0 °C, 1013 hPa |
Léislechkeet | 0,049 g/l bei 20 °C (am Waasser) |
Molmass | 58,1 g/mol |
Schmëlzpunkt | -159.6 °C |
Kachpunkt | -11.7 °C |
Thermodynamesch Daten | |
Standard Formatiounsenthalpie ΔfH0
|
–134.2 KJ·mol−1 |
Standardentropie S0
|
249.7 J·K−1·mol−1 |
Verbrennungsenthalpie ΔcH0
|
–2869 KJ·mol−1 |
Weideres | |
Änlech Moleküllen | Pentan n-Butan |
Cheemesch Famill | Alkanen |
Isobutan oder 2-Methylpropan ass e ramifiéierte Kuelewaasserstoff, deen zu den Alkane gehéiert. D'Famill vun de Butane besteet aus zwéin Isomeren, dem n-Butan an dem Isobutan.
Physikalesch Eegenschaften
[änneren | Quelltext änneren]Isobutan huet keng Faarf a kee Geroch. En ass ganz liicht ze verflëssege wéinst sengem héije Kachpunkt. E gëtt dofir mat wéineg Drock ënner flësseger Form a Gasfläschen transportéiert.
Cheemesch Eegenschaften
[änneren | Quelltext änneren]Isobutan brennt un der Loft. Mam Sauerstoff gemëscht ass en explosiv. Bei der Verbrennung entsteet Kuelendioxid a Waasser.
Mat den Halogenen Chlor a Brom forméiert den Isobutan Substitutiounsproduiten.
Virkommen
[änneren | Quelltext änneren]Isobutan kënnt am Äerdgas an am Pëtrol vir. Donieft entsteet en an de Raffinerien a beim Cracking.
Uwendung
[änneren | Quelltext änneren]Isobutan ass ee vun den Haaptbestanddeeler vum Flësseggas. E gëtt an Drockfläsche gelagert a mam Butan gemëscht als Brennes benotzt. Gasfläsche mat Isobutan sollen op kille Plaze lageren a vu liichtentzündlechem Material ewechbleiwen. An der Chimie gëtt Isobutan geholl fir Alkylatbenzin hierzestellen.
Auswierkungen op d'Gesondheet
[änneren | Quelltext änneren]A groussen Dose wierkt Isobutan narkotesch.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Éditions A. De Boeck, Bruxelles, 1979, Chimie organique, A. Dessart - J. Jodogne - J. Paul