Op den Inhalt sprangen

Hoplit

Vu Wikipedia
Gravur vun enger Bronzestatu vun engem Hoplit.

En Hoplit (algr.: ὁπλίτης / hoplítês, vun ὅπλον / hóplon « Waff ») war am Ale Griicheland e schwéier bewaffenten Zaldot, am Géigesaz zum γυμνής / gumnếs an dem ψιλός / psilós, déi liicht bewaffent waren. D'Hoplite waren traditionell de Schwéierpunkt vun der griichescher Arméi.

D'Hopliten hunn an enger zouener Formatioun gekämpft, der Phalanx. De Kampf a Phalanxe war awer och scho virun den Hopliten am Brauch, doriwwer erzielt och den Homer. Duerch d'Verbreedung vum charakteristeschen Hopliteschëld huet sech d'Kampfweis lues awer sécher verännert. Beim Homer war d'Schluecht nach e flexibelt Hin an Hier. Wann eng Arméi an d'Flucht geschloe gouf, sou konnt si sech nees sammelen, an e Géigenugrëff starten.

Mam Hopliteschëld ass de Kampf méi statesch ginn. Wann eng Säit an d'Flucht gedriwwe gouf, sou war d'Schluecht entscheet, well vill Kämpfer op der Flucht hiert schwéiert Schëld ewechgehäit hunn. En neie Kampf ouni Schëld war net méiglech. D'Schluechte goufen doduerch méi rau, mä och méi séier an et gouf och meeschtens en eendeitege Gewënner. D'Dauer vun enger Hopliteschluecht léisst sech awer net ausrechnen. Antik Quelle schwätzen zwar dacks vun enger "laanger Dauer", mä dëst ass schwéier ze deiten.

„Erfonnt“ gouf d'Phalanx vun den Hopliten duerch d'Spartaner am Zweete Messenesche Krich ëm 640 v. Chr. Och déi fréisten Duerstellung vun der Phalanx vun den Hopliten, déi sougenannt Chigi-Kan, staamt aus dëser Zäit.

Hoplite waren ursprénglech och d'Zaldote vun de réimesche Legiounen bis dës am 4. Joerhonnert virun allem de Pilum benotzt hunn. Och d'Etrusker an d'Karthager hunn dem Staat als Hoplit no griicheschem Virbild gedéngt, d'Perser haten eng änlech Trupp. Déi fréi Triarii hunn och eng hoplitenänlech Ausrëschtung ugedoen.

Ausrëschtung

[änneren | Quelltext änneren]
E spartaneschen Hoplit.

Déi komplett Bewaffnung vun engem Hoplit gouf Panhoplie (algr.: panhoplia) genannt, wat souvill heescht wéi Allbewaffnung (pan = all, hoplon = Waff). Déi wichtegst Waff vun engem Hoplit war säi grousst ronnt Schëld, wat Aspis genannt gouf, an de ganzen Uewerkierper bedeckt huet. D'Schëld gouf aus Holz gemaach, an üblecherweis mat Bronze iwwerzunn, an hat ongeféier 1 Meter am Duerchmiesser. D'Ugrëffswaffe waren eng Stousslanz (δόρυ / dóry) mat enger Spëtzt aus Stol (am 7. an am 6. Joerhonnert gouf dës zum Deel duerch e méi kuerze Speer ergänzt) an e Schwäert (ξίφος / xíphos) fir de Fall, datt d'Lanz am Nokampf gebrach ass. D'Lanz war ëm déi 2 Meter laang, de Speer ëm déi 1,5 Meter. Bei de Schwäerter koumen e puer Modeller zum Asaz. Nieft engem Kuerzschwäert war och en Hiebschwäert (kopis, machaira) am Gebrauch, bei deem d'Spëtzt no vir ofgewénkelt war.

Dobäi koume Schutzwaffe wéi den Helm (κράνος / krános), Beeschützer (κνημῖδες / knêmĩdes) aus Bronze souwéi e Broschtpanzer (θώραξ / thốrax) – dëse war ursprénglech aus Bronze oder Lieder, zanter dem 5. Joerhonnert war et e Léngepanzer. Zousätzlech Bewaffnunge wéi Uewer- an Ënneraarmschinnen, Uewerschenkel- a Foussschutz koume virun allem am 6. Joerhonnert bei grousse Kämpf zum Asaz. Spéider goufe si ewech gelooss, fir méi beweeglech ze sinn. Zanter dem 4. Joerhonnert goufen d'Beeschinnen och dacks durch eng Zort "Stiwwel" aus Lieder ersat. Well dës Ausrëschtung deier war, konnte sech natierlech nëmmen déi räich Bierger sou Rëschtunge leeschten. Bei den Hopliten, déi net zum Adel gehéiert hunn, schénge méi einfach Ausstattungen üblech gewiescht ze sinn. Op Relieffer op Griewer vum 5. a 4. Joerhonnert si méi einfach Bewaffnungen och duergestallt. Dës Hopliten haten en Helm, dee souguer duerch en décke Filzhutt (pilos) konnt ersat ginn, e Schëld an eng Lanz. De Wäert vun enger Hopliterëschtung léisst sech kaum a Relatioun zu moderne Suewäerter setzen, well zum wirtschaftlechen Opwand ze wéineg Notizen an der anticker Literatur ze fanne sinn.

Jonke Mann mat der kompletter Panoplie vun engem Hoplit, 350325 v. Chr.

Et war üblech, charakteristesch Zeechen op d'Schëlder ze maachen, déi sech vu Polis zu Polis ënnerscheet hunn. D'Schëlter vun den Atheneschen Hopliten haten zum Beispill eng Eil, bei den Thebaner war et eng Sphinx a bei de Spartaner en Λ, de griichesche Buschtaf Lambda (fir Lakedaimon). Wéi vill Kämpfer vun enger Phalanx d'Zeechen op hire Schëlter haten, a wéiwäit dës Zeechen uniform waren, ass net kloer. Op athenesche Vasebiller gesäit een eng ganz Bandbreed vun Zeechen, déi och net ëmmer e Bezuch zu der Stad selwer haten. Och bei anere Waffe gouf et éischter Individualitéit.

Zanter dem Iphikrates goufen d'Speerer méi laang, an oval Theuros-Schëlder koumen zum Asaz. Schwéier Hopliten hunn e Kettenhiem ugedoen.

Politesch Bedeitung an der Polis Athen

[änneren | Quelltext änneren]

No der Reform vum Solon kruten d'Hopliten zu Athen en direkte politeschen Afloss. An der Staatsform, déi hien op d'Bee gestallt hat, déi sougenanntn Timokratie, war net méi den Adel eng Viraussetzung fir politesch Ämter ze bekleeden, mä d'Verméigen[1]. Well prinzipiell jiddweree genuch Sue konnt zesummebréngen, fir sech d'Ausrëschtung vun engem Hoplit ze leeschten, stoung domat och prinzipiell jiddwerengem den Opstig an déi politesch aktiv Klass op.

An demokrateschen Zäiten, wou de Status als Hoplit net méi d'Deelhuelen un der Politik no "ënne" beschränkt huet, konnten Athener ouni Besëtz eng Ausrëschtung am Zeughaus an der Stad kréien. Well all Phyle hir Kampfeenheet (500 v. Chr. zirka 1000 Hopliten) gestallt huet, hat all Bierger d'Wiel, op hien op enger Triere oder an der Phalanx dinge wollt.

Literatur zum Theema

[änneren | Quelltext änneren]
  • Giovanni Brizzi, Le Guerrier de l'Antiquité classique: de l'hoplite au légionnaire, Éd. du Rocher, 2004.
  • Pierre Ducrey, Guerre et guerriers dans la Grèce antique, Hachette, Paräis, 1999.
  • Jean-Claude Poursat, La Grèce préclassique, des origines à la fin du VIe siècle, Seuil, Paräis, 1995.
  • Johann Peter Franz, Krieger. Bauern, Bürger. Untersuchungen zu den Hopliten der archaischen und klassischen Zeit, Frankfurt am Main, 2002.
  • A. M. Snodgrass, „The Hoplite Reform and History“, in: Journal of Hellenic Studies 85, 1965, S. 110-122.
Commons: Hoplit – Biller, Videoen oder Audiodateien
Hellenopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer Griicheland an der Antiquitéit.

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Vgl. Zeugiten.