Wikipedia
Wikipedia ass eng fräi multilingual Enzyklopedie, déi vu Fräiwëllege geschriwwe gëtt an um Wikikonzept baséiert. Enn August 2024 gouf et ronn 63,6 Milliounen Artikelen an 345 Sproochen.[1]
Déi lëtzebuergesch Versioun gouf den 21. Juli 2004 gegrënnt an huet momentan 64.191 Artikelen.[2] Et fënnt een s'ënner http://lb.wikipedia.org.
Bedeitung vum Numm
[änneren | Quelltext änneren]Den Numm „Wikipedia“ ass zesummegesat aus „Wiki“ an „Enzyklopedie“:
- „Wiki“ kënnt vum hawaiianesche wiki wiki, wat „séier“ heescht.
- „Enzyklopedie“ kënnt vum algriicheschen ἐγκύκλιος παιδεία enkýklios paideía. enkýklios heescht a senger éischter Bedeitung „kreesfërmeg“ an am ofgeleete Sënn „allgemeng“; paideía heescht „Educatioun“.
Urspronk vum Projet
[änneren | Quelltext änneren]Genee wéi Nupedia gëtt Wikipedia vun der Free Software Foundation vum Richard Stallman ënnerstëtzt. De Stallman ass eng vun de Persounen, déi als éischt d'Iddi vun enger fräier universeller Enzyklopedie vertrueden hunn (liest dozou och "The Free Universal Encyclopedia and Learning Resource").
Haaptcharakteristiken
[änneren | Quelltext änneren]De Wikipediaprojet huet dräi Haaptcharakteristiken, déi en am World Wide Web definéieren an eenzegaarteg maachen:
- De Wikipediaprojet ass eng Enzyklopedie a keen Dictionnaire oder Forum, etc. Liest heizou och wat Wikipedia net ass.
- De Projet ass ausserdeem e Wiki. E Wiki erlaabt d'Kreatioun an d'Modifikatioun vun all Säit vu jiddwerengem. Wikipedia ass déi éischt generell Enzyklopedie, déi ënner dësem Format gegrënnt gouf.
- Wikipedia ass „fräi“, ënner der Lizenz CC-by-sa. D'fräi Texter ginn dem Grand public vum Proprietär vun der Lizenz offréiert an erlabe jiddwerengem den Text ëmzeänneren a weiderzeverbreeden. All Benotzer kann de Contenu vu Wikipedia – souguer fir kommerziell Zwecker – benotzen, wann e Wikipedia als seng Quell ugëtt an d'Lizenz respektéiert.
D'Mataarbechter vu Wikipedia schaffen zesumme Reegelen a Recommandatioune aus, fir datt de Projet gutt leeft.
Geschichtleches
[änneren | Quelltext änneren]De Projet gouf vum Jimmy Wales an dem Larry Sanger den 10. Januar 2001 gegrënnt. Et war am Ufank just en Deel vun Nupedia a sollt dozou déngen, d'Nupedia mat Contenu vu baussen ze fidderen. Well d'Communautéit vun Nupedia awer staark Oppositioun géint deen oppene Projet gemaach huet, ass e schonn no e puer Deeg, de 15. Januar 2001, ënner dem Numm Wikipedia op eng eegen Internetsäit geplënnert. De Larry Sanger huet dat éischt Joer déi englesch Versioun geleet.
E puer Méint drop sinn dunn déi éischt Wikipediaen an aner Sproochen entstanen. Den Ufank huet de 16. Mäerz 2001 déi katalounesch Wikipedia gemaach.
Aner Projeten am Zesummenhank mat Wikipedia:
- Wiktionnaire: En Dictionnaire an Thesaurus op wiktionary.org, deen den 12. Dezember 2002 an d'Liewe geruff gouf.
- Wikiquote: Eng Sammlung vun Zitater, ze fannen op http://wikiquote.org/, besteet zanter dem 27. Juni 2003.
- Wikibooks: Eng online Bibliothéik, déi sech u Studente riicht, http://www.wikibooks.org, gegrënnt den 10. Juli 2003.
Den 20. Juni 2003 gouf d'Fondatioun Wikimedia (http://wikimediafoundation.org) gegrënnt, fir déi verschidde Projete vu Wikipedia ze geréieren an ze finanzéieren.
Eng Pabeier/CD-ROM-Versioun gouf am August 2003 vum Jimbo Wales proposéiert. Liest heizou w:User:Jimbo Wales/Pushing To 1.0.
Den 21. Juli 2004 ass déi lëtzebuergesch Versioun vun der Wikipedia aus der Daf gehuewe ginn.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Wikipedia op Lëtzebuergesch.
Mataarbechter
[änneren | Quelltext änneren]U Wikipedia schaffen dagdeeglech eng grouss Zuel vu Mataarbechter, déi Wikipedianer genannt ginn.
Et gëtt eigentlech kee richtege „Chef“ vu Wikipedia. Wärend 13 Méint gouf de Larry Sanger vu Bomis, der Firma vum Jimbo Wales, als Chefredakter vun der englescher Wikipedia bezuelt. Am Februar 2002 huet hien demissionéiert. Aktuell a fréier Mataarbechter vu Bomis schaffen um Projet mat, sou z. B. den Tim Shell fir d'Enzyklopedie oder den Jason Richey an den Toan Vo als Developpeuren.
Technesch Aspekter
[änneren | Quelltext änneren]Wikipedia a seng Parallel-Projete si fräi WikiWikiWebs. D'Wikie sinn dynamesch Websäiten, wou all Visiteur d'Säit, déi e grad liest, modifizéiere kann. De WikiWiki ass nach méi einfach wéi HTML.
Op Wikipedia kann all Mënsch säi Pefferkär zu engem Artikel bäidroen, Feeler verbesseren an zesumme mat aneren u kniwwelegen Theeme schaffen. De kompletten Historique vun de Kontributioune bleift ëmmer gespäichert.
Wikipedia funktionéiert mam fräie Logiciel MediaWiki.
Déi verschidde Wikipediaen
[änneren | Quelltext änneren]Am August 2010 gëtt et d'Wikipedia an 272 Sproochen. 192 dovun hu méi wéi 1.000 Artikelen an 32 hunn der méi wéi 100.000 Artikelen. D'Versioune mat de meeschten Artikele sinn déi engleschsproocheg (3.366.789), déi däitsch (1.100.864), déi franséisch (975.941), déi polnesch (718.012) an déi italieenesch (711.238) (Stand 1. August 2010).
Am Juli 2019 gesäit d'Statistik sou ass: d'Wikipedia gëtt et an 304 Sprooche vun deenen der fofzéng méi wéi eng Millioun Artikelen hunn. Déi meescht Artikele gëtt et a follgende Sproochen:
- Englesch (5.894.239 Artikelen),
- Cebuano (5.378.559 Artikelen),
- Schweedesch (3.747.841 Artikelen).
47 Sproochen hu méi wéi 100.000 Artikelen, 81 Sproochen der méi wéi 10.000 an 115 Sproochen der méi wéi 1.000. A 46 Sprooche gëtt et héchstens 100 Artikelen. D'Lëtzebuerger Wikipedia läit op der 82. Plaz mat 56.844 Artikelen[3].
Stand 29. August 2024 gëtt et d'Wikipedia an 345 verschiddene Sproochen, vun deenen der 19 méi wéi eng Millioun, 71 méi wéi 100.000, 173 méi wéi 10.000 an 303 méi wéi 1.000 Artikelen hunn. D'Lëtzebuerger Wikipedia läit mat 63.719 Artikelen op der 94. Plaz. D'Versioune mat de meeschten Artikele sinn déi op Englesch (6.874.740), déi op Cebuano (6.116.947), déi op Däitsch (2.937.922), déi op Franséisch (2.632.268), déi op Schweedesch (2.593.316).[1]
Kuckt heizou och déi komplett Lëscht vu Wikipediaen.
D'Datebank eroflueden
[änneren | Quelltext änneren]All d'Datebanke kënnen hei erofgeluede ginn: http://download.wikipedia.org
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Wikipedia – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 List of Wikipedias Archivéiert de(n) 29.08.2024. Gekuckt de(n) 29.08.2024.
- ↑ D'Artikelzuel, déi hei ugewise gëtt, ass ëmmer aktuell a gëtt iwwer
{{NUMBEROFARTICLES}}
agebonnen. - ↑ Stand: 21. Juli 2019 (00:00)