Op den Inhalt sprangen

Cebuano

Vu Wikipedia
Dëse Sproochen- a Linguistikartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Cebuano
Sinugboanon
Gëtt geschwat an: Philippinnen
Regioun: Südoste vun Asien
Gëtt geschwat vun: ca. 18 Millioune Mammesproochler
ca. 10 Millioune Zweetsproochler
Klassement:
Klassifikatioun no Famill: Austronesesch
Offizielle Status
Offiziell Sprooch vun: Philippinnen
Reglementéiert vun:
Sproochcoden
ISO 639-1
ISO 639-2 ceb
ISO 639-3 ceb[1]
Philippinisch Regioune mat haaptsächlech Cebuano-sproocheger Bevëlkerung.

Cebuano (ausgeschwat: [sebuano]; Cebuano: Sinugboanon), och bekannt als Visayan (Cebuano: Binisayà) oder Bisayan, ass eng austronesesch Sprooch déi zum Aascht vun de malayo-polyneesesche Sprooche gehéiert. Cebuano gëtt op de Philippinne vu ronn 18 Millioune Leit geschwat.

Den Numm gëtt ofgeleet vun der philippinnescher Insel Cebu, mat der spuenescher Adjektivendung -ano. Den alternativen Numm Bisayan gëtt dacks mat der Sprooch Bisaya (ISO-639-3-Code bsb a bsy) verwiesselt, déi laanscht der Bucht vu Brunei geschwat gëtt.

Cebuano gehéiert zu de Visayasproochen. Et gëtt eng cebuano Versioun vun der Wikipedia an et ass déi Wiki - hannert der Englescher - mat der zweethéchster Zuel vun Artikelen (Stand: 21. Juli 2019).

Cebuano ass d'Mammesprooch vun den Awunner vu Cebu, Bohol, Negros Oriental, de Leit aus der westlecher Provënz Leyte, vu Southern Leyte, a vu groussen Deeler vu Mindanao.

Cebuano ass no Tagalog déi zweetheefegst benotzte Sprooch vun de Philippinnen.

Wikipedia op Cebuano

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. SIL International: ceb; Ethnologue: ceb