3. August
Ausgesinn
<< | August | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | 4 | |||
5 | 6 | 7 | 8 | 9 | 10 | 11 |
12 | 13 | 14 | 15 | 16 | 17 | 18 |
19 | 20 | 21 | 22 | 23 | 24 | 25 |
26 | 27 | 28 | 29 | 30 | 31 | |
2024 |
Den 3. August ass den 215. Dag vum Joer (216. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]- 449: Erëffnung vun der Kiercheversammlung zu Ephesos vum Poopst Leo I., déi als "Raibersynod" (latrocinium) an d'Geschicht agaangen ass: Zweete Konzil vun Ephesos. Dem réimesche Vertrieder vum Leo gëtt de Virsëtz verweigert. D'Patriarche vu Konstantinopel an Antiochia, Flavian an Domnus II., gi mat Hëllef vum Leeder vum Konzil, dem Patriarch Dioskur vun Alexandria, fir ofgesat erkläert, dee mat Hëllef vu bewaffente Kämpfer d'monophysitesch Léiermeenung vum Eutyches duerchsetze wëll.
- 1914: Éischte Weltkrich - Däitschland erkläert Frankräich de Krich.
- 1960: Niger gëtt vu Frankräich onofhängeg.
- 2002: De Sánchez de Lozada gëtt zum President vu Bolivien gewielt.
Wëssenschaft an Technik
[änneren | Quelltext änneren]Astronomie
[änneren | Quelltext änneren]- 1884: Den US-amerikaneschen Astronom Lewis A. Swift entdeckt d'Spiralgalaxie NGC 27.
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]-
John Cockerill
-
Marie-Henriette Steil
-
Dolores del Rio
-
Ernesto Geisel
-
Martin Sheen
- 1785: Jean-Pierre Picard, lëtzebuergesche Schmelzhär.
- 1790: John Cockerill, brittesch-belschen Industriellen.
- 1816: Arnold Clerinx, belschen Uergelbauer.
- 1821: Eugène Fischer, lëtzebuergesche Veterinär a Politiker.
- 1882: Jean Curot, lëtzebuergesche Moler a Sculpteur.
- 1884: Josias Braun-Blanquet, Schwäizer Botaniker.
- 1886: Henri Debain, franséische Schauspiller a Filmregisseur.
- 1898: Marie-Henriette Steil, lëtzebuergesch Schrëftstellerin.
- 1905: Dolores del Río, mexikanesch Filmschauspillerin.
- 1906: John H. Auer, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 1908: Ernesto Geisel, brasilianesche Militär a Staatspresident.
- 1924: Louis Soulanes, franséische Filmregisseur.
- 1926: Tony Bennett, US-amerikaneschen Jazzsänger an Entertainer.
- 1927: Gordon Scott, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1938: Ingrid Caven, däitsch Schauspillerin.
- 1938: Jules Zambon, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1940: Martin Sheen, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1941: Hage Geingob, namibesche Politiker.
- 1946: Yves Beneyton, franséische Schauspiller.
- 1948: Jean-Pierre Raffarin, franséische Politiker.
- 1951: Lucien Weiler, lëtzebuergesche Politiker.
- 1958: Lambert Wilson, franséische Schauspiller.
- 1954: Jean-Michel Treinen, lëtzebuergesche Literat.
- 1963: Jos Biever, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 1969: Ingo Oschmann, däitsche Komiker an Zauberkënschtler.
- 1970: Andrea Binsfeld, däitsch Historikerin.
- 1975: Evika Siliņa, lettesch Politikerin.
- 1977: Kristina Köhler, däitsch Politikerin a Bundesministesch.
- 1980: Sacha Rohmann, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1983: Giorgia Bronzini, italieenesch Vëlossportlerin a Weltmeeschterin.
- 1984: Kollegah, däitsche Rapper.
- 1986: Prënz Louis vu Lëtzebuerg.
- 2001: Nina Berton, lëtzebuergesch Vëlossportlerin.
Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- 1903: Isaac Blumenstein, Groussrabbiner vu Lëtzebuerg.
- 1917: Stéphane Javelle, franséischen Astronom.
- 1977: Camille Schumacher, lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.
- 1924: Joseph Conrad, brittesche Schrëftsteller.
- 1936: Mathias Joseph Gehlen, Chef de Gare vun der Gare Lëtzebuerg.
- 1936: Auguste Weber, lëtzebuergeschen Dokter.
- 1954: Sidonie Gabrielle Colette, franséisch Schrëftstellerin, Kabarettistin a Journalistin.
- 1966: Lenny Bruce, US-amerikanesche Komiker.
- 1971: Georgij N. Babakin, sowjetesche Raumfaartingenieur.
- 1992: Wang Hongwen, chineesesche Politiker.
- 1995: Ida Lupino, englesch-US-amerikanesch Schauspillerin a Filmregisseurin.
- 1997: William S. Burroughs, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 1998: Alfred Schnittke, russesche Komponist a Pianist.
- 2001: Hans Holt, éisträichesche Schauspiller.
- 2003: Joseph Saidu Momoh, Militär a Staatschef vu Sierra Leone.
- 2004: Henri Cartier-Bresson, franséische Fotograf.
- 2008: Alexander Soljenizyn, russesche Schrëftsteller; Nobelpräisdréier.
- 2010: Jean-Pierre Koepp, lëtzebuergesche Politiker.
- 2012: Josy Braun, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 2016: Léon Nilles, lëtzebuergesche Bauingenieur, Auteur an Hotelier.
- 2017: Ty Hardin, US-amerikanesche Schauspiller.
- 2017: Robert Hardy, brittesche Schauspiller.
- 2018: Jos Hilger, lëtzebuergeschen Ekonomist.
- 2020: John Hume, nordiresche Politiker a Friddensnobelpräislaureat.
- 2020: Isabelle Weingarten, franséisch Schauspillerin, Fotografin a Mannequin.
- 2023: Mark Margolis, US-amerikanesche Schauspiller.
- 2023: Gilles Perrault, franséische Schrëftsteller.
Feierdeeg
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 3. August – Biller, Videoen oder Audiodateien |