Op den Inhalt sprangen

Traité vu London (1867)

Vu Wikipedia
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Säit mat den Ënnerschrëften a Sigelen

Den Traité vu London aus dem Joer 1867 war d'Resultat vun engem Kongress, deen tëscht dem 7. an dem 11. Mee 1867 zu London ofgehale gouf. D'Zil vun dësem Kongress war et, eng Léisung fir d'Lëtzebuerg-Kris ze fannen.

De Wëllem III. wollt nämlech Lëtzebuerg un den Napoleon III. verkafen, mä den Otto von Bismarck war domat net d'accord. Am Traité vu London gouf d'Fro gereegelt, a Lëtzebuerg a Limburg aus dem Däitsche Bond entlooss. Lëtzebuerg krut seng Onofhängegkeet an et gouf als neutral erkläert. Dofir huet d'Festung Lëtzebuerg misse geraumt an uschléissend geschleeft ginn.

D'Schleefe vun der Festung huet 16 Joer gedauert (1867-1883), woubäi d'Opbaute vum Bock verschwonne sinn, awer glécklecherweis d'Kasematte wéinst Gefor fir d'Stad net gesprengt konnte ginn.

Ënnerschrëften um Traité

[änneren | Quelltext änneren]

Dës Länner hunn, duerch hir Representanten, den Traité vu London ënnerschriwwen:

Italie war am Ufank net op d'Konferenz invitéiert, well et sougutt wéi näischt direkt mat Lëtzebuerg ze dinn hat. Mee dëst war eng giedlech Geleeënheet fir de Kinnek Vittorio Emanuele, fir datt dat nei geschaf Italie mat den anere Groussmuechten zesummen op enger internationaler Konferenz kéint derbäi sinn, an hien huet déi aner iwwerzeegt kritt, datt säi Land mat um Dësch sollt sëtzen.

Et ass dëst déi éischt Kéier, datt e Vertrieder vu Lëtzebuerg en internationalen Traité mat ënnerschriwwen huet.[1]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Thomas Kolnberger, Sonja Kmec: "Biedermänner - und keine Brandstifter." In: forum 359, Februar 2016, S.52-56, hei S.56.