Op den Inhalt sprangen

Steyr AUG

Vu Wikipedia
Steyr AUG A1 mat 508 mm Laf
Steyr AUG A1 mat 508 mm Laf
Steyr AUG A1
Steyr AUG
Typ Stuermgewier
Nationalitéit Éisträich
Ära Modern
Geschicht
Datum vum Design 1977
Produktiounsperiod vun 1978 bis haut
Serviceperiod vun 1978 bis haut
Operatoren kuckt am Text
Technesch Detailer
Typ Stuermgewier
Kaliber 5,56×45 mm NATO
Zielfernrohr Vergréisserung 1,5 Mol
Längt vum Laf 508 mm
Chargeur 30 Schoss, 42 Schoss (fakultativ)
Action Gasdrocklueder, Dréiverschloss
Schosskadenz 650 rpm
Mëndungsvitess 992 m/s
Gewiicht (eidel) 3,6 kg
Längt 790 mm
Varianten A1, A2, A3, 9 mm, HBAR, Z
Am Ganze gebaut n/a

D'Steyr AUG (Armee-Universal-Gewehr) oder StG 77 ass en éisträichescht Stuermgewier. Et gëtt dovun eng hallef Dose Varianten: A1, A2, A3, 9 mm, HBAR (liicht Maschinnegewier) an Z (zivil Versioun, reng hallefautomatesch). Si sinn alleguer am Kaliber 5,56×45 mm, ausser natierlech d'9 mm. D'Lëtzebuerger Arméi huet d'Varianten A1 an HBAR als Standard.

Enn der 60er, ufanks der 70er Joren huet d'Firma Steyr-Daimler-Puch respektiv Steyr Mannlicher mat der Entwécklung ugefaangen. 1977 huet d'éisträichesch Arméi sech decidéiert, d'Steyr AUG A1 als neit Stuermgewier bei sech anzeféieren, an ee Joer drop huet d'Produktioun dann effektiv ugefaangen.

D'Steyr AUG ass eng Bullpup-Konstruktioun, wat bedeit datt de Schacht vum Chargeur hanner dem Ofzuch läit. Dat erlaabt et, eng relativ kuerz Waff ze hunn, déi awer mat engem laange Laf ekipéiert ass. Zum Verglach: d'Steyr AUG bréngt et mat 790 mm Gesamtlängt op e Laf vu 508 mm Längt, wärend déi däitsch G3 mat 1026 mm Gesamtlängt just op e Laf vu 450 mm Längt kënnt. Dat eenzegt negatiivt bei där Konstruktioun ass, wann iwwerhaapt an dann och just fir Sammler, den e wéineg futuristesche Look.

De Kierper vun der Waff ass aus engem Anti-choc Haardplastikgemësch, dee se souwuel liicht wéi och robust mécht. Den ieweschte Grëff besteet aus enger optescher Lunette vun Tasco mat enger Vergréisserung vun 1,5. Optional kann een och an d'Plaz eng Mil. Std. 1913 Schinn kréien (bäi der A3 an der Z ass d'Schinn Standard).

D'Steyr AUG ass eng zimmlech einfach Waff

D'Steyr AUG ass eng ganz zolidd Waff, déi ouni Problemer an alle méigleche klimateschen Zone gebraucht ka ginn. Sou fënnt ee se ausser an Éisträich an zu Lëtzebuerg och nach an Australien, Néiséiland, Irland, Dänemark, Marokko, Oman, Saudi-Arabien, Malaysia, Bolivien, Ecuador, der Falklands Islands Defence Force a bei ville Spezialunitéiten a Policecorpsen, wéi z. B. bei der US Coast Guard.

Commons: Steyr AUG – Biller, Videoen oder Audiodateien