Russesch Literatur
Dësen Artikel gehéiert zur Serie Literatur |
Lëtzebuergesch Literatur |
Literaturgeschicht |
Antiquitéit - Mëttelalter |
Literaresch Formen |
Liest heizou och |
Nationen a Sproochen |
Amerikanesch - Englesch |
Déi wichtegst Zäsur an der russescher Literatur léisst sech ongeféier op d'Enn vum 17. Joerhonnert Ufank vum 18. Joerhonnert datéieren.
Alrussesch Literatur
[änneren | Quelltext änneren]Déi Literatur, déi virun där Zäit entstanen ass, bezeechent een als Alrussesch Literatur. Si huet hir Wuerzelen am byzantinesche Schrëfttum vum Mëttelalter a befaasst sech haaptsächlech mat reliéisen Theemen. Meeschtens ass se am Kiercheslawesch geschriwwen.
Nei russesch Literatur
[änneren | Quelltext änneren]Duerno schwätzt ee vun der Neier russescher Literatur. Si baséiert sech op d'westeuropäescht, vum griichesch-réimesche Virbild weiderentwéckelt Schrëfttum an ass an der Sprooch vum Vollek, also op Russesch geschriwwen.
Zu de bedeitendste russesche Schrëftsteller vu Weltrang gehéieren den Alexander Puschkin, de Michail Lermontow, den Iwan Turgenew, de Fjodor Dostojewski, de Lew Tolstoi, den Nikolai Leskow, den Anton Tschechow, de Maxim Gorki, de Lew Gumiljow, den Iwan Bunin, de Michail Bulgakow, de Michail Scholochow, de Boris Pasternak, den Alexander Soljenizyn, den Eduard Uspenski.
Sowjetliteratur
[änneren | Quelltext änneren]D'Sowjetliteratur ass vun der nei gewonnener "Fräiheet" vum einfache Vollek, vum domat verbonnene Jubel, Kapitalismus-Kritik an natierlech Propaganda aus dem Kreml geprägt. Nëmmen e puer Schrëftsteller wéi z. B. de Michail Bulgakow, den Andrei Platonow, den Alexander Soljenizyn asw. hu sech um Doft vun der Immigratioun an u Kritik um Regime versicht. Hir Wierker si meeschtens eréischt laang no hirem Doud, als éischt och an enger zenséierter Versioun, publizéiert ginn. D'Palette geet vum klassesche, realistesche Roman bis zur Science Fiction.
Neiste russesch Literatur
[änneren | Quelltext änneren]An der Russescher Literatur vun der Géigewaart gëtt et eng besonnesch Grupp vun Auteuren, déi een alleguer ënner dem net eleng op Russland limitéierten Epochebegrëff Postmodern zesummefaasse kann. Dee warscheinlech bedeitendsten, well radikaalste Schrëftsteller vun der russescher Postmodern ass de Wladimir Sorokin. Da kann een och nach d'Alina Wituchnowskaja, d'Marija Sumnina, an d'Nadeschda Grigorewa ernimmen.
Literatur zum Theema
[änneren | Quelltext änneren]- Stender-Petersen, Adolf, Geschichte der russischen Literatur, 5. Oplo, C.H. Beck, München, 1993. ISBN 3-406-31557-7
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Russesch Literatur – Biller, Videoen oder Audiodateien |