René Mertzig
René Mertzig | |
---|---|
Gebuer | 11. August 1911 |
Gestuerwen | 17. September 1986 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Komponist |
De René Mertzig, gebuer den 11. August 1911 zu Colmer-Bierg, gestuerwen de 17. September 1986[1], war e lëtzebuergesche Pianist a Komponist.
De René Mertzig huet Musekstheorie an Instrumenter (Piano a Gei) an de Conservatoire vu Lëtzebuerg a Bréissel studéiert. An den 1930er Jore gouf hie Member vum Sinfoneschen Orchester vu Radio Lëtzebuerg, wou hie bis 1976 matgeschafft huet. Wéi hie pensionéiert gouf huet e beim RTL-Orchester 1979 d'Plaz als Pianist iwwerholl.
Hie war Matgrënner vun der Société nationale pour la propagation de la musique symphonique a vum Luxembourg Piano Trio.
Als Komponist war hien inspiréiert vum gregorianesche Gesank a vun de Museker Rimski-Korsakov, Manuel de Falla, Claude Debussy a Maurice Ravel. Hie selwer sot, d'Basis vu senge Kompositioune wier d'Instrumentatiounsléier vum Richard Strauss.
Wierker
[änneren | Quelltext änneren]- Quatre mélodies (1942)
- Poème (1945-46)
- Trois mélodies (1947)
- Rhapsodie chorégraphique (1947)
- Cycle symphonique (1950-51)
- Trio en mi (1951)
- Lëtzebuerger Rousen (Oper mat Ballett) (1951-52)
- Symphonie des impressions vives (1953-54)
- La Cité éblouissante (1954)
- Deuxième Trio (1955)
- Trois esquisses (1955)
- Enfantines (1956)
- Le tambourin et la guitare (1958)
- Quatuor à cordes (1962)
- Rythmes souverains (1962)
- Toccata (1963)
- Trois mélodies (1962-63)
- Konzertstück (1963)
- Synthèse symphonique (1964)
- Estampes (1968)
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- Officier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 1973)[2]
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Loll Weber: "Mes oeuvres, c'est toute ma vie..." in: nos cahiers Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur, 1982/1)
- Léon Blasen: "René Mertzig und sein Werk" (Les Cahiers luxembourgeois 1992/1)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]De René Mertzig am Musikerlexikon
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Luxemburger Lexikon, S. 295.
- ↑ IN UNSERER REPORTAGE VON POL ASCHMAN „GIELERCHER“ op der Säit 3 vum Luxemburger Wort vum 17. Juli 1973 op eluxemburgensia.lu gekuckt de 24. Dezember 2022