Raumfaart
Ausgesinn
De Begrëff Raumfaart bezeechent Reesen oder Transporter an oder duerch de Weltraum. Den Iwwergang tëscht Äerd a Weltraum ass fléissend a gouf duerch d'FAI op eng Grenzhéicht vun 100 Kilometer festgeluecht. Ee Raumgefier muss zousätzlech och nach d'Kosmesch Vitess vu ronn 7,9 km/s erreechen, fir een Äerdsatellit ze ginn.
Et ënnerscheet een tëscht:
- bemannter Raumfaart, bäi där Mënschen eng Rees an de Weltraum maachen. Dat si bis lo d'Natioune Russland, d'USA an d'Volleksrepublik China amstand ze maachen.
- onbemannter Raumfaart, betrëfft den Transport an de Betrib vu Satellitten a Sonden an de Weltraum. Um Stand Juni 2014 bréngen 11 Länner an d'ESA onbemannt Starte mat eegenen Drorakéite fäerdeg.
Déi éischt Meilesteng an der Raumfaart
[änneren | Quelltext änneren]- 3. Oktober1942: Eng A4-Rakéit (och als V2 bekannt) ass den éischten Objet dee vu Mënsche gebaut gouf, deen d'Grenz zum Weltraum duerchstéisst (85 km). Aner V2-Rakéite solle kuerz Zäit duerno Héichte bis 120 km geflu sinn. D'Amerikaner erreechen 1946 mat der Hëllef vun den Däitsche souguer eng Héicht vun 187 km.
- 4. Oktober1957: Sputnik 1 (Sowjetunioun), den éischte gebaute Satellit.
- 1957: 3. NovemberSputnik 2 (Sowjetunioun), huet mat dem Hond Laika dat éischt Liewewiesen an de Raum geschoss.
- 19. August 1960: Sputnik 5 (Sowjetunioun), fir d'éischt landen zwee Liewewiesen (D'Hënn Strelka a Belka) no engem Raumfluch sécher op der Äerd.
- 12. Abrëll 1961: Wostok 1 (Sowjetunioun), de Juri Alexejewitsch Gagarin flitt als éischte Mënsch an de Weltraum.
- 11. August/12. August 1962: Wostok 3 a Wostok 4, d'Kosmonauten Andrijan Nikolajew an Pawel Popowitsch (Sowjetunioun) starten zum éischten Weltraumrendez-vous. Fir d'éischt sinn zwéi Mënschen am Weltraum. Déi zwee Raumschëffer kommen sech bis op 5 km erun.
- 16. Juni 1963: Wostok 6, d'Walentina Wladimirowna Tereschkowa flitt als éischt Fra an de Weltraum. Rendez-vous mam Waleri Bykowski (Wostok 5). Béid Raumschëffer kommen u sech bis op 5 km. erun.
- 12. Oktober 1964: Woschod 1 Dat éischt méisëtzescht Raumschëff ass am Raum. D'Équipe: Wladimir Komarow, Boris Jegorow an Konstantin Feoktistow (Sowjetunioun). De Feoktistow a Jegorow sinn déi éischt Wëssenschaftler am Raum.
- 18. Mäerz 1965: Woschod 2, Den éischte Mënsch Alexei Leonow verléisst d'Raumschëff a schwieft fräi am Weltraum. De Kommandant ass den Pawel Beljajew (Sowjetunion)
- 21. Dezember 1968: Apollo 8, éischt bemannt Moundëmkreesung. Frank Borman als Kommandant. James Lovell, William Anders (USA)
- 16. Juli 1969: Apollo 11, Start zur éischter Moundlandung. Den Astronaut Neil Armstrong betrëtt den 20. Juli 1969 als éischte Mënsch de Mound, hannendrun den Edwin Aldrin. De Michael Collins (USA) flitt d'Apollo-Mammeschëff (Réckkéierkapsel).
- 15. Dezember 1970: Venera 7. Éischt mëll Landung op engem anere Planéit, der Venus. (Sowjetunioun)
- 24. Dezember 1979: Éischte Fluch vun der europäescher Drorakéit Ariane 1.
- 12. Abrëll 1981: De Space Shuttle Columbia start zu sengem éischte Fluch. Et ass dat éischt deelweis nees gebrauchbart Raumtransportsystem.
- 19. Februar 1986: De Basisblock vun der Raumstatioun Mir gëtt an de Raum geschoss.
- 20. November 1998: Mat dem Start vum russesche Sarja-Modul fänkt den Opbau vun der Internationaler Raumstatioun ISS – dat bis elo gréisste Projet an der Raumfaart, un.
- 15. Oktober 2003: De Yang Liwei start als éischte Chinees mat der Missioun Shenzhou 5 an de Weltraum.
- 24. Oktober 2007: China start seng éischt Äerdmoundsond Chang'e-1.
- 22. Oktober 2008: Indie start mat Chandrayaan-1 seng éischt Äerdmoundmissioun.