Op den Inhalt sprangen

Nicolas Hommel

Vu Wikipedia
Nicolas Hommel
Gebuer 8. Oktober 1915
Wolwen
Gestuerwen 20. Mäerz 2001
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Diplomat, Affekot

Den Nicolas Hommel, gebuer den 8. Oktober 1915 zu Wolwen (deemools Gemeng Pärel, haut Rammerech) a gestuerwen den 20. Mäerz 2001 zu Lëtzebuerg[1][2], war e lëtzebuergeschen Diplomat.

Hie war 1973 bis 1980 Generalsekretär vum Conseil vun den Europäesche Gemeinschaften.

Liewen a Karriär

[änneren | Quelltext änneren]

Den Hommel huet zu Louvain an zu Paräis Droit studéiert a krut en Doktorat am Droit.[3]

Vun 1939 bis 1941 war hien Affekot um Stater Barreau.

1946 ass hien an den diplomateschen Déngscht agetrueden, wou hie vun 1946 bis 1948 Member vun der Lëtzebuerger Militärmissioun zu Berlin a Vetrieder beim Inter-alliéierte Bureau fir Reparatiounen zu Bréissel war.

Vun 1949 bis 1959 war hie Stännege Vertrieder vu sengem Land bei der Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Europa a bei der NATO.

Vun 1959 bis 1962 war hie Lëtzebuerger Ambassadeur an der Belsch, a vun 1963 bis 1967 a Frankräich. Dono war hie kuerz, vun 1967 bis 1968, Generalsekretär vum Ausseministère vu Lëtzebuerg.

Vun 1968 bis 1973 war hien nees Ambassadeur an der Bundesrepublik Däitschland, a vun 1973 un an Dänemark (mat Residenz an Däitschland).

Vun 1973 bis 1980 war den Hommel Generalsekretär vum Conseil vun den Europäesche Gemeinschaften.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (de)Personalien. viewer.eluxemburgensia.lu 9. Revue (Zäitschrëft) (28. Mäerz 2001). Gekuckt de(n) 29. Juli 2024.
  2. Gebuertsakt Nr. 38 vun der Gemeng Pärel vum 9. Oktober 1915 mat Indikatioun vun Doudesdag a Plaz
  3. 3,0 3,1 Quell, wou net anescht uginn: Bio Hommel op aei.pitt.edu (nogekuckt: 28.07.2024).