Nationalstrooss 3
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gestioun | Administration des ponts et chaussées |
Ufank |
Lëtzebuerg, Nationalstrooss 2 |
Koordinaten | 49°36'27,25"N, 6°7'39,61"O |
Enn | Fréiseng |
Koordinaten | 49°30'22,39"N, 6°11'34,98"O |
Duerch | Lëtzebuerg, Hesper, Weiler zum Tuer, Fréiseng |
Längt | 13 km |
Vitesslimitatioun | 50 km/h, 70 km/h, 90 km/h |
Informatiounen a Websäiten | |
P & Ch | Beschreiwung vum Stroossennetz |
Fandom | Nationalstrooss 3 |
Laf an Uschlëss | |
Lëtzebuerg Metzer Plaz |
N 2 CR 222 |
Lëtzebuerg Garer Plaz |
N 50 = Al Avenue |
N 56 = Rue de Hollerich | |
Jean-Pierre- Büchler-Bréck |
CFL-Linn Lëtzebuerg-Klengbetten Lëtzebuerg-Beetebuerg Lëtzebuerg-Péiteng |
Bouneweg | B 3 = Rocade de Bonnevoie N 40 = Boulevard de Kyiv CR 224 (l.) = Rue de Hesperange CR 224 (r.) = Rue de Neufchâteau |
Houwald | A 1 |
Hesper | Drosbech |
CR 159 = Rue de Bettembourg | |
Uelzecht | |
CR 159 = Rue d'Itzig | |
CR 226 = Allée de la Jeunesse Sacrifiée 1940-1945 | |
Alzeng | CR 154 = Rue de Syren |
CR 157 = Rue de Roeser | |
CFL-Linn Alzeng-Éiter | |
CR 162 | |
Schlammestee | CR 132 |
Fréiseng | Albaach |
N 13 | |
A 13 | |
D653 |
D'Nationalstrooss 3 oder N3 och Diddenuewener Strooss genannt, ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss, an de Kantone Lëtzebuerg an Esch-Uelzecht. Se féiert vum Garer Quartier an der Stad bis op Fréiseng a vun do weider a Frankräich, wou se Uschloss un déi franséisch D653 huet.
Si huet hiren Ufank an der Stad op der Metzer Plaz wou se vun der N2 fortgeet. Vun do féiert se iwwert d'Nei Avenue, dann iwwert d'Garer Plaz an d'Jean-Pierre-Büchler-Bréck iwwert d'Eisebunn op d'Diddenuewener Strooss. Do wou d'N40 fort geet, dréint se no lénks a leeft dann duerch Bouneweg, iwwert den Houwald an ënnert der Autobunn A1 erduerch bis op Hesper.
Vun do geet se virun iwwer d'Route de Thionville duerch Alzeng bis op de Schlammestee, wou se den CR132 kräizt.
Duerno geet et virun duerch d'Rue de Luxembourg bis an den Zentrum vu Fréiseng, wou se d'N13 (Dräikantonsstrooss) kräizt. No der Kräizung leeft se virun iwwert d'Rue Robert Schuman bis op d'franséisch Grenz, wou se an déi franséisch D653 iwwergeet. Kuerz virun der franséischer Grenz passéiert se nach e Rond-point wou se Uschloss un d'Autobunn A13 huet.
D'N3 ass ronn 13,0 km laang.
Si gehéiert op hirer ganzer Längt zu der Voie de la Liberté.
Entwécklung vun der N3
[änneren | Quelltext änneren]- D'Strooss Lëtzebuerg - Fréiseng besteet zanter 1843. Se gouf deemools als „Diddenuewener Strooss“ bezeechent an huet déi belsch Grande route de deuxième classe ersat, déi vu Lëtzebuerg op Diddenuewe gelaf ass;
- mat der Ëmklasséierung vun Deeler vum staatleche Stroossereseau sinn 1995 déi Deeler vun der Paräisser Plaz an dem Rousegäertchen, déi baussent der Emprise vun der N3 louchen, an d'Kompetenz vun der Stad Lëtzebuerg gefall[1];
- 2020 hunn d'Viraarbechten ugefaangen, d'Strooss vum Ufank vun der Diddenuewener Strooss zu Bouneweg aus bis hannert Hesper ëmzeleeden, fir mëttelfristeg Hesper ganz ze ëmfueren.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Nationalstrooss 40.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Ufank op der Metzer Plaz.
-
D'N3 zu Hesper.
-
Enn op der Grenz mat Frankräich zu Fréiseng.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Nationalstrooss 3 �� Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Iwwersiichtskaart vum nationale Stroossereseau op der Internetsäit vun der Bauverwaltung
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Loi du 22 décembre 1995 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'Etat d'une série de chemins vicinaux. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 17.01.2021.