Lena (Floss)
Ausgesinn
Längt | 4.294 km |
---|---|
Debit | 16.350 m³/s |
Fläch vum Baseng | 2.490.000 km² |
D'Lena (Russesch: Лена) ass e Stroum a Sibirien (Russland). S'ass eng 4.400 km laang an zielt dofir zu de längste Flëss op der Äerd. Se huet hir Quell westlech vum Baikalséi a leeft haaptsächlech an nërdlecher Richtung, wou se dann an d'Laptewmier leeft, wat en Deel vum Nërdlechen Äismier ass. Just virdru bilt se e grousst Delta, de Lenadelta.
Déi wichtegst Stad op der Lena ass Jakutsk.
Bis bei d'Eisebunnsbréck vun Ust-Kut kann ee mat Schëffer op der Lena fueren, déi meescht Zäit am Joer ass se awer zougefruer. Nieweflëss sinn Aldan a Wiljuj, déi bei Batamaj respektiv bei Tas-Tumus an d'Lena lafen.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Lena River – Biller, Videoen oder Audiodateien |