Great Bernera
Great Bernera, och Bernera, op Schottesch-Gälesch Bhearnaraigh ass eng Insel vun de Baussenzegen Hebriden (Outer Hebrides) vu Schottland.
Great Bernera ass duerch eng Spanbëtongsbréck no bei der Megalithe-Plaz Callanish VIII mat der Westküst vun der Insel Lewis verbonnen.
Déi gréisst Siidlung op der Insel ass Breaclete, op Schottesch-Gälesch Breacleit, wou e klenge Musée ass. Bekannt ass Great Bernera wéinst enger Eisenzäitsiidlung, déi 1992 entdeckt gouf a kuerz drop nees mat Sand zougedeckt gouf, datt se besser erhale bleift. En Nobau vun engem vun deenen Haiser ka besicht ginn.
Hautdesdaags liewen déi meescht Leit vum Fëschen a vum Fank vun Homarden.
D'Insel gehéiert dem Robin de la Lanne-Mirrlees.
Great Bernera ass liicht ze verwiessele mat aneren Inselen:
- Barra Head, oder Berneray, eng vun de Barra Inselen oder Bëschofs-Inselen, am südlechsten Deel vun de Baussenzegen Hebriden. (en:Barra Head)
- Berneray, op Schottesch-Gälesch Bheàrnaraidh an der Mieresenkt vun Harris (en:Berneray, North Uist)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Great Bernera – Biller, Videoen oder Audiodateien |