Op den Inhalt sprangen

Gare Rodange

Vu Wikipedia
Gare Rodange

Streck 6g, 6h, 6j
PK 2,600
Quaien 3
Gleiser 7 (4 mat Quai)
Uertschaft Rodange
Gemeng Péiteng
Kanton Esch-Uelzecht
Koordinaten 49° 33’ 04’’ N
      5° 50’ 36’’ O
Websäit CFL.lu

D'Gare vu Rodange ass eng Gare op der CFL-Linn 6 tëscht der Gare Rolleng vun der Lëtzebuerger Eisebunn an der belscher, respektiv franséischer Grenz. Vun do aus gëtt et Verbindungen op Arel, Virton a Lonkech. Se läit bei der Barriär op der N5E.

D'Linn 6 féiert vu Lëtzebuerg op Beetebuerg a vun do iwwer Näerzeng op Rëmeleng respektiv Esch-Uelzecht, vu wou et op Däitsch-Oth respektiv Rodange geet. Vu Beetebuerg féiert d'Linn 6 och nach op Diddenuewen respektiv op Wuelmereng. D'Linn 7 geet vun der Stad Lëtzebuerg Richtung Lonkech.

Vu Mëtt 2019 bis September 2024 gouf un der Gare geschafft, fir s'an e Pôle d'échange auszebauen. 7 Gleiser an 18 Weiche goufen erneiert fir déi zwou Linnen, déi derduerch ginn, auserneen ze halen. 3 Quaien goufen iwwerdaacht, ugepasst a verlängert, Passerellë mat Lifter fir op d'Quaie koume bäi, grad wéi en neit Park-and-ride-Parkhaus mat 1.526 Stellplazen, zwou Bikeboxe fir 32 Vëloen an enger Busgare niewendrun, mat 3 Busquaien.[1]

Och d'Voyageurs-Gebai soll renovéiert ginn. Den 13. Juni 2022 gouf proposéiert, d'Gebai vun der Gare als national Kulturierfschaft ze klasséieren.[2]

Zich déi an der Gare halen

[änneren | Quelltext änneren]
Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Lëtzebuerg Rolleng   RB
CFL-Linn 60 
  Terminus Terminus
Lëtzebuerg Péiteng   RE
CFL-Linn 60 
  Terminus Terminus
Lëtzebuerg Rolleng   RB
CFL-Linn 70 
  Attem Attem
Lëtzebuerg Péiteng   RE
CFL-Linn 70 
  Attem
oder Lonkech
Attem
oder Lonkech
Péiteng Péiteng   TER
CFL-Linn 70 
  Lonkech Lonkech
Beetebuerg Rolleng   RB
CFL-Linn 80 
  Terminus Terminus
Beetebuerg Péiteng   RE
CFL-Linn 80 
  Terminus Terminus
Diddenuewen Péiteng   TER
CFL-Linn 80 
  Lonkech Lonkech
Commons: Gare Rodange – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Laura Bannier: "La nouvelle gare de Rodange se dévoile." virgule.lu, 17.09.2024.
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 23. Dezember 2024).