François Fillon
François Fillon | |
---|---|
Pseudonym | Mister Nobody |
Gebuer |
4. Mäerz 1954 Le Mans |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun |
Universitéit Paris-Descartes, Institut d'études politiques de Paris |
Aktivitéit | Politiker, Affekot |
Partei | Les Républicains |
Member vun | Parlamentaresch Versammlung vum Europarot |
Mamm | Anne Fillon |
De François Fillon, gebuer de 4. Mäerz 1954 zu Le Mans, ass e franséische Politiker.
Vun 2007 bis 2012 war e Premierminister ënner dem Staatspresident Nicolas Sarkozy. Virdrunn hat en tëscht 1993 an 2005 verschidde Ministeschmandater: Vun 1993–1995: Minister fir Héichschoulen a Fuerschung ënner dem Edouard Balladur, 1995–1997: Minister fir Post, Telekommunikatioun a Raumfaart ënner dem Alain Juppé, 2002–2004 Minister fir Soziales, Aarbecht a Solidaritéit, an 2004–2005 Minister fir Bildung, Héichschoulen a Fuerschung ënner dem Jean-Pierre Raffarin.
Hie gouf zanter 1981 als Deputéierte vun der Sarthe an d'Nationalversammlung gewielt (op dat Mandat huet hie verzicht wéi e Minister war) a war och nach vun 1981 bis 2001 Gemengerotsmember oder Buergermeeschter zu Sablé-sur-Sarthe, war Member a vun 1992 bis 1998 President vum Conseil général vun der Sarthe, a Member a vun 1988 bis 2004 President vum Conseil régional vum Pays de la Loire.
Ausserdeem war hie Parteisekretär vum RPR an 2002 Grënnungsmember vun der UMP.
2017 war hie Kandidat vun der Partei Les Républicains fir d'Presidentschaftswalen 2017. Seng Campagne war vu sukzessive Revelatiounen iwwer Membere vu senger Famill (Fra a Kanner) markéiert, déi jorelaang als seng parlamentaresch Assistente mat ëffentleche Gelder bezuelt goufen, ouni datt e schlësseg noweise konnt, wouran déi Aarbecht bestanen hätt. Hie gouf Drëtten am 1. Tour a war domat eliminéiert. Den 29. Juni 2020 gouf hien dofir ë. a. wéinst Verontreiung vun ëffentléeche Suen a Faux-emplois zu 5 Joer Prisong (3 dovun op Sursis) verurteelt.
Hien ass bestuet a Papp vu 5 Kanner.
Publikatiounen (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- La France peut supporter la vérité; Paräis (Albin Michel), 2006.
- Les retraites; Paräis (Michalon), 2007.
- Faire; Paräis (Albin Michel), 2015.
- Vaincre le totalitarisme islamique; Paräis (Albin Michel), 2016.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Michel Crépu, Un empêchement - Essai sur l'affaire Fillon; Paräis (Gallimard), 2018; 100 S.; ISBN 978-2-07-278941-0
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: François Fillon – Biller, Videoen oder Audiodateien |