Emlyon Business School
(emlyon) | |
---|---|
Land | Frankräich |
Leedung | Isabelle Huault |
Schülerzuel | 9.000 |
2021 | |
Gegrënnt | 1872 |
Genannt no | Lyon |
Koordinaten | 45°44'29,53763"N, 4°50'21,79730"O |
Um Spaweck | https://www.em-lyon.com/ |
D'EM Lyon Business School, virdrun École supérieure de commerce de Lyon (ESC Lyon), ass eng European Business School mat Campussen zu Paräis, Lyon, Saint-Étienne, Casablanca[1] a Shanghai.
Si gouf 1872 gegrënnt. 2014 gouf d'EM Lyon am Ranking vun der Financial Times ënner déi 14 bescht European Business Schools gewielt[2]. Den Executive MBA vun der EM Lyon beleet am internationale Ranking vun der Zeitung déi 68. Plaz[3]. Der Schoul hiren MEB ass änlech wéi e Vollzäit-MBA mä zeechent sech duerch eng interkulturell Approche aus. D'EM Lyon huet och e PhD-Programm an eng Rei vu Master-Programmer a spezifesche Managementsgebidder wéi Marketing, Finanzen oder Direction d'Entreprise. D'Programmer vun der EM Lyon sinn op internationalem Niveau dräifach accreditéiert; vun der AMBA, der EQUIS an der AACSB.
Méi wéi 33.000 Anciene vun der Schoul sinn an der Politik an an der Business-Welt aktiv; dorënner de Jean-Pascal Tricoire (PDG Schneider Electric), de Bernard Fornas (PDG Cartier International), de César Girod (PDG Pernod), de Stéphane Bern (franséische Journalist) an de Philippe Marcel (PDG Adecco France).
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ EM Lyon s’installe à Casablanca Archivéiert de(n) 02.01.2016. Gekuckt de(n) 03.01.2016.
- ↑ European Business School Rankings 2014 Archivéiert de(n) 28.11.2015. Gekuckt de(n) 03.01.2016.
- ↑ Six Executive MBA français en bonne position dans le classement mondial du Financial Times Archivéiert de(n) 27.02.2016. Gekuckt de(n) 03.01.2016.