Donkels
Donkels | |
---|---|
Donkels gemoolt vum Mathis Wildanger | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Doncols de: Donkols |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Wolz |
Gemeng | Wanseler |
Buergermeeschter | Romain Schroeder |
Awunner | 431 |
1. Januar 2023 | |
Héicht | 466 m |
Koordinaten |
49° 58’ 12’’ N 05° 50’ 15’’ O |
Donkels ass eng Uertschaft an der Gemeng Wanseler.
Donkels a Soller waren déi eenzeg Uertschaften um Territoire vum haitege Lëtzebuerg, an deene fréier Wallounesch geschwat gouf.
Duerch d'Grenzzéiung duerch den Traité vu London koum et net, wéi déi aner wallouneschsproocheg Uertschaften, un d'Provënz Lëtzebuerg, mä un de Grand-Duché. Zeien dovu sinn z. B. franséischsproocheg Flouernimm, wéi Bois des Poux oder wallouneschsproocheg Bezeechnunge vun Uertschaftsdeeler vun Donkels, wéi Bohey.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Donkelsser Wollef
[änneren | Quelltext änneren]Den "Donkelsser Wollef" war e Schéifer vu Briech, deen uganks vum 19. Joerhonnert an der Donkelsser Géigend Kierf verkaaft, an de Leit Geschichten iwwer déi sëllege Wëllef erzielt huet, déi en doutgemaach hätt, a fir déi Geschichten Iesse geheescht huet. Hie war mat engem Wollefspelz gekleet, dofir säin Numm. Duerch dëst markant Optriede war en iwwerall an deem Streech bekannt, soudatt et zum Ausdrock "Bekannt wéi den Donkelsser Wollef" koum.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Alain Atten, Le wallon frontalier de Doncols-Sonlez; in: Beiträge zur luxemburgischen Sprach-und Vokskunde; Nr. XV; Lëtzebuerg, 1980; erausgi vum Institut grand-ducal, Section de Linguistique, de Folklore et de Toponymie.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Parkierch vun Donkels
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Donkels – Biller, Videoen oder Audiodateien |