Op den Inhalt sprangen

Departement Côtes-d'Armor

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Frankräich ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Côtes-d'Armor (22)
Regioun Bretagne
Prefecture Saint-Brieuc
Ënnerprefecture Dinan
Guingamp
Lannion
Bevëlkerung 605.917 Aw.(2021)
Fläch 6.878 km²
Arrondissementer 4
Kantonen 27
Gemengen 348

D'Côtes-d'Armor (22) ass e franséischt Departement an der Regioun Bretagne.

Seng Awunner heesche Costarmoricains.

D'Departement gouf wärend der franséischer Revolutioun, de 4. Mäerz 1790 (Gesetz vum 22. Dezember 1789) ënnert dem Numm Côtes-du-Nord geschaaft. Den 9. Mäerz 1990 krut et den haitegen Numm.

Kaart vun de Côtes-d'Armor

Et grenzt am Westen un d'Departement Finistère, am Süden un de Morbihan an am Osten un d'Ille-et-Vilaine.

Ausser dem Franséische gëtt an de Côtes-d'Armor nach Bretonesch a Gallo geschwat. D'Stroossesignalisatioun am Departement ass deelweis an zwou Sproochen.

Commons: Côtes-d'Armor – Biller, Videoen oder Audiodateien