Op den Inhalt sprangen

Demographie vu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia

D'Demographie vu Lëtzebuerg zeechent sech duerch e kontinuéierleche Bevëlkerungswuesstem aus. D'Zuel vun den Awunner am Land louch den 1. Januar 2024 bei 672.050 Leit, 1,7 % méi wéi dat Joer virdrun. Dës Steigerung ass manner héich wéi nach am Joer 2022 (Erhéijung vun 2,4 %), e Joer dat vun der Arrivée vu villen ukrainesche Krichsflüchtlinge gepräägt war. Dëse Wuesstemstaux vun 1,7 % ass ee vun den niddregsten am leschte Joerzéngt (wou en tëscht 2,0 an 2,5 % variéiert huet), mat Ausnam vun de Jore vun der COVID-19-Pandemie (Wuesstemstaux an de Joren 2020 an 2021 vun 1,4 an 1,7 %).

De Bevëlkerungswuesstem ass haaptsächlech op d'Migratioun zeréckzeféieren: 26.964 Leit sinn 2023 an d'Land ukomm a 16.588 si fortgaangen. Et goufe 6.320 Puppelcher gebuer (175 manner am Verglach mat 2022). De Fruchtbarkeetstaux louch bei 1,25 Kanner pro Fra an e war zënter e puer Joerzéngten nach ni esou niddereg. 2023 si 4.431 Leit gestuerwen (18 manner wéi 2022). D'Liewenserwaardung bei der Gebuert louch bei 85,0 Joer fir d'Fraen an 81,0 Joer fir d'Männer. Am Joer 2023 louch de Gebuertebilan (Gebuert - Doudesfäll) bei 1.889 Leit, wärend de Migratiounsbilan (Arrivéeën - Departen) bei 10.376 Persoune louch.

De STATEC sammelt, analyséiert a publizéiert vun ëffentlecher Säit Zuelen iwwer d'Demographie am Land.

Bestandsopnam

[änneren | Quelltext änneren]

Op den 1. Januar 2024 hat Lëtzebuerg 672.050 Awunner, 11.241 Awunner méi wéi am Joer virdrun (+1,7 %). D'Bevëlkerung ass manner gewuess wéi am Joer 2022 (Erhéijung vun 2,4 %), dat Joer dat vun der Arrivée vun ukrainesche Krichsflüchtlinge markéiert war. Den Taux vun 1,7 % ass ee vun de niddregste Wuesstemstauxe vum leschte Joerzéngt (wou en tëscht 2,0 an 2,5 % louch), mat der Ausnam vun de COVID-19-Joren (Wuesstem 2020 an 2021 vun nëmmen 1,4 an 1,7 %).

Zënter 1981 ass d'Populatioun ëm 84,3 % gewuess.

Populatioun vu Lëtzebuerg (1981 – 2024)
1981 1991 2001 2011 2021 2024
Total 364.602 384.634 439.539 512.353 643.941 672.050
Fraen 186.733 196.064 222.998 257.386 319.586 333.776
Männer 177.869 188.570 216.541 254.967 324.355 338.274
Nationalitéit
Lëtzebuerger 268.813 269.269 277.254 291.831 339.890 354.372
Auslänner 95.789 114.152 162.285 220.522 304.051 317.678
Net bekannt - 1.213 - - - -
Undeel Auslänner 26,3 % 29,4 % 36,9 % 43,0 % 47,2 % 47,3 %
Altersklassen
0-19 Joer 95.446 87.861 107.930 119.173 135.997 140.821
20-39 Joer 111.849 124.841 133.651 144.339 189.476 198.128
40-64 Joer 107.761 116.886 136.888 177.099 223.592 232.071
65-79 Joer 41.351 38.596 48.044 52.014 69.485 74.520
80 Joer a méi 8.195 11.702 13.026 19.728 25.391 26.510
Net bekannt - 4.748 - - - -
Familljestand
Jonggesell·in 143.784 154.411 185.256 227.012 294.601 307.763
Bestuet 180.702 186.111 202.252 216.613 247.545 256.713
Gepacst - - - 6.364 25.110 28.150
Gescheet/Getrennt 11.764 15.188 22.219 33.660 46.319 47.934
Wittmann·fra 28.352 28.924 28.026 28.244 27.552 27.647
Net bekannt - - 1.786 460 2.814 3.843
Bevëlkerungsdicht (Aw./km²) 141,0 148,7 169,6 198,1 249,0 259,8

Wéinst dem liicht méi héijen Undeel vu Männer an der Migratiounen, zënter 2014, ass den Undeel vun de Männer an der Bevëlkerung mat 50,3 % e bësse méi héich wéi dee vun de Fraen (géint 49,7%). Den Iwwerschoss vu Männer läit bei 4.498.

Den Undeel vun den Auslänner ass am Laf vun der Zäit stänneg eropgaangen: vu 26,3 % am Joer 1981 op 47,3 % am Joer 2024. Dësen Undeel ass trotzdeem – global gesinn – zënter 2018 liicht erofgaangen (47,9 %) wéinst dem Unhuele vun der Lëtzebuerger Nationalitéit, am Kader vum Gesetz iwwer d'duebel Nationalitéit zënter 2009.

D'Altersstruktur vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung huet sech iwwer déi lescht Joerzéngte g'ännert. Et gëtt, relativ gesinn, ëmmer manner Jonker am Alter vun 0 bis 19 Joer, iwwerdeems d'Zuel vun de Leit aus den Altersklassen tëscht 40 a 64 Joer an iwwer 80 Joer eropgeet. D'Alterung vun der Bevëlkerung gesäit ee gutt an den Alterspyramiden:

Am Joer 1910 hat d'Alterspyramid hiren Numm nach verdéngt: eng breet Basis an eng dënn Spëtzt. D'Fruchtbarkeet vun de Fraen an där Zäit erkläert déi grouss Zuel vu jonke Leit. Wat een an den Altersgruppe méi eropgeet, wat d'Zuel vu Leit ofhëlt, well de Risiko fir ze stierwe mam Alter eropgeet. D'Liewenserwaardung war zu där Zäit vill manner héich, Leit an engem héijen Alter ware méi rar.

1970 war d'Form vun der Pyramid net méi kloer z'erkennen, well et an där Zäit zu engem Réckgang vun der Fruchtbarkeet koum, iwwerdeems d'Zuel vun de Leit an de mëttelsten an ieweschten Altersklasse gewuess ass. D'Effekter vun den zwee Weltkricher sinn eng manner héich Zuel vu Gebuerten an dësen onsécheren Zäiten. Den Aschnëtt bei de 50-54-Järegen entsprécht dem Gebuertendefizit wärend dem Éischte Weltkrich. Den Defizit vum Zweete Weltkrich ass manner ausgepräägt, mat engem liichten Aschnëtt tëscht 20 an 29 Joer. De Baby-Boom just nom Enn vum Zweete Weltkrich ass och gutt ze gesinn; e weist eng bedeitend Erhéijung vun der Gebuertequot an dofir en Iwwerschoss vu Leit am Alter tëscht 5 a 24 Joer.

D'2024-er Pyramid charakteriséiert sech haaptsächlech duerch eng zimmlech schmuel Basis, mat enger méi breeder Mëtt, déi dann no uewen hin nees méi schmuel gëtt. De Surplus vun de Leit am Alter fir schaffen ze goen erkläert sech virun allem duerch d'Migranten, déi aus beruffleche Grënn op Lëtzebuerg kommen. D'Alterung vun der Bevëlkerung ass och ganz kloer ze gesinn, mat enger zimmlech héijer Zuel vu Leit am Alter vun 80 Joer an driwwer.

Den Duerchschnëttsalter vun der Bevëlkerung läit bei 40,6 Joer fir d'Fraen an 39,2 Joer fir d'Männer. D'Auslänner sinn däitlech méi jonk wéi d'Lëtzebuerger. Den Duerchschnëttsalter fir d'Lëtzebuerger Frae läit bei 42,2 Joer am Verglach zu 38,7 Joer fir d'auslännesch Fraen. Bei de lëtzebuergesche Männer ass den Duerchschnëttsalter 40,0 Joer géintiwwer 38,4 Joer fir d'auslännesch Männer.

Wat de Familljestand ugeet, sou ass den Undeel vun de Singelen am Laf vun der Zäit eropgaangen, iwwerdeems dee vun de bestuete Leit erofgeet. Den Taux vun de gescheeten oder getrennte Leit huet sech méi wéi verduebelt, iwwerdeems dee vun de Wittleit just nach d'Hallschent ass. Ëmmer méi Leit si gepacst oder liewen an enger Partnerschaft, wat de Réckgang vum Prozentsaz vun de Bestueten erkläert.

D'Bevëlkerungsdicht, d. h. d'Moyenne vun den Awunner pro Kilometerkaree, ass an de leschte Joerzéngten däitlech eropgaangen, vun 141 Leit pro km² am Joer 1981) op hautdesdaags 260.

Territorial Verdeelung vun der Bevëlkerung

[änneren | Quelltext änneren]

De Kanton Lëtzebuerg ass mat 207.650 Awunner de Kanton mat de meeschten Awunner, eleng an der Stad Lëtzebuerg wunnen 134.697 Leit. Op der zweeter Plaz läit de Kanton Esch-Uelzecht mat 192.739 Awunner, wäit virum Kanton Capelle mat 54.352 Awunner. De Kanton mat de mannsten Awunner ass Veianen mat 5.680 Leit.

Et gëtt eng méi oder manner gläich Verdeelung vu Männer (50,3 %) a Fraen (49,7 %) an der Lëtzebuerger Bevëlkerung. Interessant ass awer, datt dëst Gläichgewiicht an der Stad net gëllt, wou d'Männer iwwerrepresentéiert sinn (51,8%).

Op kommunalem Niveau ass d'Gemeng Lëtzebuerg bei wäitem déi Gemeng mat de meeschten Awunner (134.697), wat e Fënneftel (20,0 %) vun der Bevëlkerung ausmécht.. Hannendru kommen d'Gemengen Esch-Uelzecht (37.455 Awunner), Déifferdeng (30.364) an Diddeleng (22.043). Um Wupp vun der Lëscht sinn d'Gemenge Sëll (980 Awunner), Pëtschent (1.176), Kiischpelt (1.260) a Fëschbech (1.300).

Awunner pro Kanton op den 1. Januar 2024
LAU1-Code Kanton Fraen Männer Awunner
LU-01 Capellen 27.387 29.965 54.352
LU-02 Esch-Uelzecht 96.286 96.453 192.739
LU-03 Lëtzebuerg 102.002 105.648 207.650
dovun: Stad Lëtzebuerg 64.917 69.780 134.697
LU-04 Miersch 18.098 18.164 36.262
LU-05 Klierf 10.358 10.856 21.214
LU-06 Dikrech 17.761 18.003 35.764
LU-07 Réiden 10.526 10.612 21.138
LU-08 Wolz 9.568 9.962 19.530
LU-09 Veianen 2.838 2.842 5.680
LU-10 Iechternach 10.085 10.198 20.283
LU-11 Gréiwemaacher 16.584 16.463 33.047
LU-12 Réimech 12.283 12.108 24.391
Total Lëtzebuerg 333.776 338.274 672.050

Den Taux vun den Auslänner variéiert staark jee no Gemeng. E schwankt tëscht 19,9 % zu Noumer a 70,4 % an der Stad. Et gëtt besonnesch vill Auslänner – relativ gesinn – an de Gemenge ronderëm d'Stad, a verschiddene Gemengen am Südwesten, Nordosten an am Zentrum-Nord vum Land

Auslännesch Bevëlkerung zu Lëtzebuerg

[änneren | Quelltext änneren]

Vun der Gesamtbevëlkerung am Grand-Duché (op den 1. Januar 2024) waren 317.678 Leit Auslänner (42,72 %), vun deenen der 12,4 % zu Lëtzebuerg gebuer sinn. 77,3 % vun der auslännescher Bevëlkerung zu Lëtzebuerg kommen aus Staate vun der Europäescher Unioun (-1,1 % am Verglach mat 2023). Am Joer 1981 hunn déi aktuell 27 Memberstaate souguer 91,5 % vun der auslännescher Bevëlkerung zu Lëtzebuerg ausgemaach. D'Diversifikatioun vun der Immigratioun bréngt mat sech, datt den Undeel vun den Auslänner, déi keng EU-Nationalitéit hunn, eropgeet. Mat 90.915 Awunner sinn d'Portugisen déi gréisst auslännesch Communautéit am Land, virun de Fransousen (49.234) an den Italieener (25.116).

D'Bierger vun den aneren europäesche Länner bilden déi zweetgréisste Grupp vun Auslänner zu Lëtzebuerg. Si representéiere 7,4 % vun der auslännescher Bevëlkerung, dovu virop d'Ukrainer an d'Britten. No der massiver Flucht vu 4.268 Ukrainer op Lëtzebuerg am Joer 2022, bilden d'Ukrainer déi stäerkst europäesch, net-EU Communautéit mat 5.357 Leit. Den Undeel vun den Net-EU-Europäer an der auslännescher Bevëlkerung ass deemno tëscht 2022 an 2023 ëm 1,3 % geklommen; vun 2023 op 2024 ass dës Populatioun awer just ëm 0,9 % eropgaangen.

Duerno kommen – mat 6,9 % vun der auslännescher Bevëlkerung – d'Bierger aus engem asiatesche Land. D'Nationalitéiten déi am meeschte vertruede sinn, sinn Indien a China. D'Afrikaner an d'Amerikaner sinn déi véiert (5,5 %) a fënneft (2,7 %) Grupp vun Auslänner déi am meeschte vertruede sinn, mat virop dem Cap Vert an Eritrea an hannendru Brasilien an den USA. D'Zuel vun de Staatsbierger aus Ozeanien, den Apatriden a vun deenen, deenen hir Nationalitéit net bekannt ass, ass relativ marginal.

Op Gemengenniveau variéiert den Undeel vun den EU-Europäer tëscht 16,7 % zu Groussbus-Wal an 53,2 % an der Stad. Si konzentréieren sech virun allem an de Gemenge ronderëm d'Stad, an de Gemengen am Südweste vum Land, grad wéi och – manner prononcéiert – an de Gemengen am Uelzechtdall, am Nordosten an an der nërdlecher Spëtzt vum Land. Och den Taux vun den Net-EU-Europäer ënnerscheet sech staark jee no Gemeng, mam klengsten Undeel vun 0,6 % am Kiischpelt a 5,8 % zu Iechternach.

Den Undeel vun asiatesche Staatsbierger an der Bevëlkerung variéiert tëscht 0,3 % zu Viichten an 10,9 % zu Bäerdref. Den héijen Taux zu Bäerdref erkläert sech duerch d'Flüchtlingsstruktur an der Weilerbaach, wou vill Flüchtlingen aus Syrien oder Afghanistan ënnerdaach koumen. Duerno kommen d'Gemenge Lëtzebuerg (5,9 %), Stroossen (5,8 %) a Bartreng (4,6 %). Allgemeng fënnt een déi meescht Asiaten an der Ëmgéigend vun der Haaptstad, an e puer Gemengen am Südwesten, zu Biwer (3,6 %) an an e puer Gemengen tëscht Esch-Sauer a Veianen, inklusiv Ettelbréck (4,1 %) an Dikrech (3,9 %).

Wat d'Bierger vum afrikanesche Kontinent ugeet, wunnen déi meescht (4,8 %) zu Esch-Uelzecht an zu Dikrech an déi mannst zu Weiler zum Tuer an zu Bech (0,5%). Aner Konzentratioune vun Afrikaner sinn zu Wolz (4,2 %), Ettelbréck (4,1 %) grad ewéi zu Tandel an zu Ëlwen (3,8 %).

Wat d'Nationalitéiten vum amerikanesche Kontinent ugeet, sou variéiert den Undeel tëscht 0,0 % ze Pëtschent an 2,4 % an der Stad. Am Allgemenge konzentréiere sech d'Bierger vum amerikanesche Kontinent haaptsächlech ronderëm d'Stad (mat Ausnam vun de Gemenge Sandweiler a Walfer). No der Haaptstad fënnt een déi meescht Amerikaner zu Hesper (1,9%), Stroossen (1,8%), Bäerdref (1,8%), Koplescht (1,7%) a Bartreng (1,7%). De klengsten Undeel wunnt am Norde vum Land.

Auslännesch Bevëlkerung no Nationalitéit
Nationalitéit 1981 1991 2001 2011 2021 2024 2024 (%)
Europäesch UniounA 87.665 101.113 137.350 186.576 245.906 245.548 77,3%
Portugal 29.305 39.303 58.657 82.363 93.659 90.915 28,6%
Frankräich 11.940 13.203 19.979 31.456 49.071 49.234 15,5%
Italien 22.257 19.077 18.996 18.059 23.881 25.116 7,9%
Belsch 7.854 10.255 14.800 16.926 19.692 18.889 5,9%
Däitschland 8.851 8.874 10.052 12.049 12.906 12.480 3,9%
Europa (net EU) 4.735 6.601 16.851 19.167 18.844 23.585 7,4%
UkrainB 180 427 1.063 5.357 1,7%
Vereenegt Kinnekräich 2.027 3.190 4.331 5.471 4.289 3.739 1,2%
MontenegroC 3.814 2.862 2.842 0,9%
RusslandD 402 930 1.969 2.389 0,8%
Asien 585 1.612 2.592 4.963 17.420 21.876 6,9%
Indien 65 132 199 569 3.641 5.091 1,6%
China 35 290 1.070 1.610 4.130 4.545 1,4%
Syrien 0 0 1 25 2.688 3.742 1,2%
Afrika 624 1.723 2.675 5.565 13.554 17.507 5,5%
Cap Vert 301 1.101 1.660 2.472 2.562 2.518 0,8%
Eritrea 0 0 0 21 2.688 2.458 0,8%
Marokko 74 120 252 524 1.612 2.107 0,7%
Amerika 1.025 1.833 2.204 3.812 7.742 8.576 2,7%
Brasilien 64 147 307 1.203 2.859 3.255 1,0%
 USA 694 1.215 1.127 1.295 2.196 2.159 0,7%
Kanada 85 140 244 376 584 540 0,2%
Ozeanien 33 92 105 187 245 271 0,1%
Australien 26 56 79 136 189 204 0,1%
Apatriden 1.024 572 441 197 183 158 0,0%
Net bekannt 98 1.817 67 50 157 147 0,0%

A Ouni d' Vereenegt Kinnekräich
B Ukrain steet ënnert der Sowjetunioun (1981, 1991)
C Montenegro steet ënnert Jugoslawien (1981, 1991), duerno ënnert Serbien a Montenegro
D Russland steet ënnert der Sowjetunioun (1981, 1991)

Duebel Nationalitéit

[änneren | Quelltext änneren]

Vun all de Leit déi op den 1. Januar 2024 als Lëtzebuerger gezielt ginn, hu 77,3 % just d'lëtzebuergesch Nationalitéit, wärend 22,7 % op d'mannst nach eng zweet Nationalitéit hunn (am Verglach zu 5,2 % am Joer 2011). Dës Steigerung vun der Zuel vun de Leit déi d'Lëtzebuerger Nationalitéit kritt hunn, geet op d'Tatsaach zeréck, datt et zënter dem Gesetz vun 2008 méiglech ass, d'Lëtzebuerger Nationalitéit unzehuelen, ouni datt ee seng éischt Nationalitéit verléiert.

69,7 % vun de Lëtzebuerger mat enger duebeler Nationalitéit hunn als zweet Nationalitéit eng aus engem aneren EU-Land (25,1 % vun der Gesamtbevëlkerung hunn déi portugisesch, 14,3 % déi franséisch a 7,4 % déi italieenesch Nationalitéit). Den Undeel vun de Lëtzebuerger mat enger zweeter europäescher, awer Net-EU-Nationalitéit, läit bei 16,7 %. Déijéineg mat enger zweeter Nationalitéit aus engem asiatesch Land läit bei 5,3 %, aus Afrika bei 5,2 %, aus Amerika bei 3,0 % an aus Ozeanien ëm 0,1 %.

D'Lëtzebuerger mat enger zweeter Nationalitéit si relativ jonk (an der Moyenne 29,6 Joer) am Verglach zum Altersduerchschnëtt vun 41,1 fir all d'Leit mat der Lëtzebuerger Nationalitéit.

Zuel vun de Lëtzebuerger no hirer zweeter Nationalitéit
Zweet Nationalitéit 2024 2024 (%)
Europäesch Unioun 56.138 69,7%
Portugal 20.215 25,1%
Frankräich 11.477 14,3%
Italien 5.991 7,4%
Belsch 5.874 7,3%
Däitschland 4.753 5,9%
Europa (net EU) 13.448 16,7%
Montenegro 3.193 4,0%
Vereenegt Kinnekräich 2.792 3,5%
Bosnien an Herzegowina 1.682 2,1%
Serbien 1.478 1,8%
Russland 1.140 1,4%
Afrika 4.158 5,2%
Cap Vert 1.507 1,9%
Marokko 446 0,6%
Asien 4.284 5,3%
Syrien 156 1,3%
Indien 610 0,8%
Amerika 2.400 3,0%
Brasilien 1.031 1,3%
 USA 579 0,7%
Ozeanien 76 0,1%
Net bekannt 6 0,0%
Total 80.510 100,0%

Gebuerten a Doudesfäll

[änneren | Quelltext änneren]
Gebuerten, Doudesfäll a Gebuertebilan (1980-2023)

Am Joer 2023 goufen ënner de Leit, déi zu Lëtzebuerg wunnen, 6.320 Gebuerten a 4.431 Doudesfäll enregistréiert. Am Verglach mat 2022, ass dat e Réckgang bei de Gebuerte vu -2,7 % a bei den Doudesfäll vu -0,4 %. Déi natierlech Bevëlkerungsentwécklung (Gebuertebilan), d. h. den Iwwerschoss vun de Gebuerten zu den Doudesfäll louch bei 1.889 Leit. Nom Eropgoe vun de Gebuerten an der Stagnatioun vun den Doudesfäll zënter der Mëtt vun den 1980er Joren, ass de Gebuertebilan bis 2013 eropgaangen (mat engem Maximum vun 2.293). Tëscht 2014 an 2020 ass e stabel bliwwen, oder souguer liicht erofgaangen, wéinst enger méi héijer Zuel vun Doudesfäll (de Pic vun den Doudesfäll am Joer 2020, am Zesummenhang mat der COVID-19-Pandemie, ass kloer ze gesinn). Am Joer 2021 louch de Gebuertebilan bei 2.201, iwwerdeems en duerno (am Joer 2022) op 2.046 an am Joer 2023 op 1.889 erofgaangen ass.

Ënnert de 6.320 Gebuerten am Joer 2023 sinn d'Jonge liicht iwwerrepresentéiert (51,1 %). 60,1 % vun de Kanner koume bannent enger bestueter Koppel op d'Welt, iwwerdeems 39,9 % vun de Kanner baussent dem Bestietnes gebuer goufen. Deen Undeel geet weiderhin erop: e louch 1950 bei just 3,4 %, bei 5,9 % am Joer 1980 a bei 21,9 % am Joer 2000. Am Verglach zu 2022 ass en awer nees liicht, ëm 2,1 Prozentpunkten, erofgaangen.

51,9 % vun Neigebuerene si Lëtzebuerger. Vun den 48,1 % mat enger auslännescher Nationalitéit sinn déi meescht Portugisen (689), Fransousen (507), Italieener (234), Belsch (144) a Spuenier (113). Den Duerchschnëttsalter vun der Mamm läit bei 32,2 Joer am Joer 2023 wärend d'Mamm bei der Gebuert vun hirem éischte Kand an der Moyennen 31,2 Joer al ass. Deen Duerchschnëttsalter vun der Mamm fir déi éischt Gebuert ass am Laf vun der Zäit stänneg eropgaangen: 28,1 Joer am Joer 2000, 29,5 am Joer 2010 an 30,9 am Joer 2020. Den aktuelle Fruchtbarkeetstaux (indicateur conjoncturel de fécondité, ICF), dat heescht déi duerchschnëttlech Zuel vu Kanner pro Fra, ass 1,25 am Joer 2023, woubäi en 1,43 fir auslännesch Fraen an 1,09 fir Lëtzebuerger Fraen ass. Den ICF ass an de lescht Joerzéngten dramatesch erofgaangen: 1980 louch en nach bei 1,50 (1,83 fir auslännesch an 1,37 fir lëtzebuergesch Fraen).

Gebuerten zu Lëtzebuerg
1980 1990 2000 2010 2020 2023
Total 4.169 4.936 5.723 5.874 6.459 6.320
Jongen 2.082 2.582 2.978 2.960 3.296 3.231
Meedercher 2.087 2.354 2.745 2.914 3.163 3.089
Alter vun der Mamm
Ënner 20 Joer 228 149 146 111 64 51
20-24 Joer 1.231 960 839 622 436 382
25-29 Joer 1.590 2.009 1.828 1.584 1.416 1.346
30-34 Joer 831 1.354 1.936 2.152 2.478 2.471
35-39 Joer 219 403 843 1.107 1.602 1.617
40-44 Joer 46 55 121 279 419 404
45 Joer a méi 3 -   6 14 35 44
Net bekannt 21 6 4 5 9 5
Alter vun der Mamm (1. Gebuert) 28,1 29,5 30,9 31,2
Indicateur vun der Fruchtbarkeet
Bevëlkerung (Total) 1,50 1,62 1,78 1,63 1,37 1,25
Bevëlkerung (Lëtzebuerger) 1,37 1,61 1,70 1,31 1,23 1,09
Bevëlkerung (Auslänner) 1,83 1,59 1,90 1,96 1,53 1,43

De Fruchtbarkeetstaux (ICF) ass an den 1960er Joren a bis an d'Mëtt vun den 1970er Jore staark erofgaangen, änlech wéi déi meescht aner europäesche Länner déi eng änlech Evolutioun erliewen, awer mat e puer Nuancen. An den 1960er Jore war de Lëtzebuerger ICF (2,22 am Joer 1960) ënnert de schwaachsten an Europa. De séiere Réckgang huet zu Lëtzebuerg an der Mëtt vun de 1970er Joren opgehalen, ass duerno stabel bliwwe fir duerno, an der Mëtt vun den 1980er Joren, nees bis 2000 eropzegoen. E goung vun 1,38 am Joer 1985 op 1,78 am Joer 2000. Zënter 2000 ass den Indicateur allgemeng erofgaangen an huet am Joer 2023 en historesch nidderegen Niveau erreecht, mat just 1,25 Kanner pro Fra.

Am Ufank vun den 2010er Jore kann de Réckgang vun der Fruchtbarkeet zum Deel mam Impakt vun der Wirtschafts- a Finanzkris erkläert ginn. An där Zäit hu besonnesch déi jonk Koppelen éischter dozou tendéiert, fir de Projet vun der Familljegrënnung oder -vergréisserung no hannen ze réckelen, besonnesch no enger manner gënschteger Situatioun um Aarbechts- a Wunnengsmaart. Wéi och ëmmer, duerno ass de Fruchtbarkeetstaux awer net eropgaangen, och wann déi wirtschaftlech Indicateure méi gënschteg waren (virun der COVID-19 Pandemie). Dësen Ofwäertstrend, deen haut nach besteet, huet d'Demographen encouragéiert fir no aner Erklärungen ze sichen. Et schéngt, wéi wann déi aktuell Entwécklung vun der Gesellschaft an déi grouss Erausfuerderungen, déi mat dëser Evolutioun verbonne sinn, net nëmmen eng Roll a Bezuch zum Alter, mä och op d'Zuel vu Kanner déi d'Koppele sech wënschen, spillt.

Wat d'Virnimm vun de Neigebuerenen am Joer 2023 ugeet, ass Emma sou just nach un der Spëtzt bei de Meedercher mat 42 Fäll; duerno kommen op de Plazen 2 bis 5 Olivia (41 Fäll), Mia (39), Maria (32) a mat jee 28 Fäll Chloé, Luna a Sofia. Bei de Jongen ass de Gabriel un der Spëtzt vum Ranking mat 61 Fäll an duerno komme Leo (48 Fäll), Noah (47), Liam (39) a Louis (37).

Klassement vun de Virnumm vun den Neigebuerenen 2023
Jongen Meedercher
Lëtzebuergesch Gebuerten Auslännesch Gebuerten Lëtzebuergesch Gebuerten Auslännesch Gebuerten
Leo 41 Gabriel 27 Mia 28 Emma 26
Gabriel 34 Adam 22 Sophie 19 Olivia 25
Liam, Louis, Matteo, Noah 26 Noah 21 Olivia 18 Mia 23
Elias 17 Lucas 18 Chloé, Eva 17 Sofia 22
Lucas, Théo 16 Leonardo 16 Charlotte, Elie, Emma 16 Alice 19

Nodeems d'Zuel vun den Doudesfäll am Joer 2020 (nom Ausbroch vun der COVID-19 Pandemie) eropgaangen ass (4.609 Doudesfäll), huet s'an de Joren duerno däitlech ofgeholl: 4.489 Doudesfäll am Joer 2021, 4.449 am Joer 2022 an der 4.431 am Joer 2023. Am Joer 2023 waren eT liicht méi Doudesfäll bei de Fraen (50,8 %) wéi bei de Männer (49,2 %). Den Undeel vun de Lëtzebuerger Doudesfäll läit bei 76,0 % géintiwwer 24,0 % bei den Auslänner.

Bei den Auslänner gëtt et déi meescht Doudesfäll bei de Portugisen (281), virun den Italieener (198) an de Fransousen (144). Den Duerchschnëttsalter vun de Verstuerwenen läit bei 78,0 Joer (81,0 Joer fir D'Fraen a 75,0 Joer fir D'Männer). D'Liewenserwaardung bei der Gebuert ass 85,0 Joer fir d'Fraen an 81,0 fir d'Männer. Tëscht 1980 an 2023 ass d'Liewenserwaardung staark eropgaangen: ëm 10,5 Joer fir d'Männer an 8,1 Joer fir Fraen. De Mortalitéitstaux bei de Puppelcher ass an de leschten 43 Joer weesentlech erofgaangen: 11,6 ‰ am Joer 1980 am Verglach zu 4,3‰ am Joer 2023. Am Joer 2022 louch d'Kannerstierflechkeet nach liicht méi niddereg, bei 3,5‰.

Doudesfäll zu Lëtzebuerg
1980 1990 2000 2010 2020 2023
Total 4.113 3.773 3.754 3.760 4.609 4.431
Männer 2.109 1.880 1.895 1.903 2.375 2.182
Fraen 2.004 1.893 1.859 1.857 2.234 2.249
Nationalitéit
Lëtzebuerger 3.749 3.373 3.207 3.049 3.511 3.366
Auslänner 364 400 547 711 1.098 1.065
Altersklassen
0 48 36 29 20 29 27
1-19 Joer 51 32 17 13 17 14
20-39 Joer 123 137 127 84 67 62
40-59 Joer 544 483 453 449 412 380
60-89 Joer 725 641 546 460 564 540
70-79 Joer 1.378 988 993 869 933 934
80-89 Joer 1.081 1.195 1.166 1.359 1.574 1.444
90-94 Joer 129 215 325 349 740 701
95 Joer a méi 34 46 98 157 273 329
Mortalitéitstaux

bei de Puppelcher

11,6 7,3 5,1 3,4 4,5 4,3
Liewenserwaardung

bei der Gebuert

Männer 70,0 72,6 74,8 78,6 80,0 81,0
Fraen 76,7 79,1 81,0 83,4 84,5 85,0

Bestietnes a Scheedung

[änneren | Quelltext änneren]
Bestietnesser a Scheedungen zu Lëtzebuerg (1980-2023)

Bestietnesser

[änneren | Quelltext änneren]

2023 goufen 2.539 Hochzäiten zelebréiert. Wärend der COVID-19-Pandemie tëscht 2019 an 2020, waren d'Zuele vun den Hochzäiten ëm 15,9 % erofgaangen, ier se sech déi Joren duerno nees erholl hunn: 1.945 Hochzäiten am Joer 2021 (+7,9 % am Verglach zu 2020) an der 2.475 am Joer 2022 (+27,2 % am Verglach mam Joer virdrun). Mat den 2.539 Hochzäite vun 2023 geet den Hochzäits-Boom virun, souguer mat engem liichte Wuesstem vu +2,6 % par Rapport zu 2022.

Am Joer 2023 waren 98,1 % vun de Mariagen (2.492 Fäll) Bestietnesser tëscht Mann a Fra, iwwerdeems 1,9 % (47 Mariagen) gläichgeschlechtlech Bestietnesser waren. Ënnert de gläichgeschlechtlechen Hochzäite waren der 25 tëscht zwou Fraen an 22 tëscht zwee Männer. D'Zuel vun de gläichgeschlechtlech Mariagen ass méi héich wéi déi 3 Joer virdrun: 39 am Joer 2020, 36 am Joer 2021 a 35 am Joer 2022.

72,5 % vun de Bestietnesser am Joer 2023 waren „éischt Hochzäiten“, dat heescht wou déi zwee Partner sech fir d'éischt Kéier bestuet hunn; 27,5 % waren deemno „Re-Mariagen“, wou op d'mannst ee vun der Koppel virdru schonn eng Kéier bestuet war. Bei den „éischten Hochzäiten“ waren d'Fraen duerchschnëttlech 32,7 Joer al an d'Männer 34,5 Joer.

Bei 1.012 Koppelen (39,9 %) hate béid Partner déi lëtzebuergesch Nationalitéit, bei 696 Bestietnesser (27,4 %) war ee Partner Lëtzebuerger an deen aneren Auslänner an an 831 Fäll (32,7 %) ware béid Partner Auslänner.

Bestietnesser zu Lëtzebuerg
1980 1990 2000 2010 2020 2023
Bestietnesser (Total) 2.149 2.312 2.148 1.749 1.803 2.539
Mann a Fra 2.149 2.312 2.148 1.749 1.764 2.492
Gläichgeschlechtlech - - - - 39 47
Éischte Mariage 1.737 1.652 1.410 1.146 1.271 1.841
Re-Mariage 412 660 738 603 532 698
Männer 2.149 2.312 2.148 1.749 1.810 2.536
Jonggesell 1.877 1.835 1.630 1.292 1.419 231
Wittmann 47 46 27 23 21 18
Gescheet 225 431 491 434 370 487
Fraen 2.149 2.312 2.148 1.749 1.796 2.542
Jonggeselin 1.888 1.888 1.647 1.373 1.435 2.076
Wittfra 33 20 24 21 7 12
Gescheet 228 404 477 355 354 454
Duerchschnëttsalter beim 1. Bestietnes
Männer - - 30,2 32,6 34,3 34,5
Fraen - - 27,6 30,2 32,3 32,7

Am Joer 2023 ass d'Zuel vun de Scheedungen, déi vun de Geriichter gesprach goufen, ëm +9.3% am Verglach mat Virjoer op 1.359 eropgaangen. En Héichpunkt vun 1.906 Scheedunge gouf et am Joer 2019, iwwerdeems an den dräi Joren duerno manner Bestietnesser gescheet goufen: 1.447 am Joer 2020, 1.400 am Joer 2021 an 1.243 am Joer 2022. Vun den 1.359 Scheedunge vun 2023 waren 1.342 Mann-Fra-Bestietnesser a 17 gläichgeschlechtlech Hochzäiten.

Déi meescht Scheedunge gëtt et no 2 Joer Bestietnes (81 Scheedungen). 22,7 % vun de Mariagë ginn no manner wéi fënnef Joer opgeléist (19,9 % am Joer 2000), 24,4 % no 5 bis 9 Joer Bestietnes (31,8 % am Joer 2000), 16,4 % no 10 bis 14 Joer (18,4 % am Joer 2000) an 13,8 % no 15 bis 19 Joer (10,9 % am Joer 2000). E bësse manner wéi e Véierel vun de Scheedungen (22,6 %) gëtt et no op d'mannst 20 Joer Bestietnes (18,9 % am Joer 2000).

Am Laf vun der Zäit gouf eng Erhéijung vun der Zuel vu Scheedungen, engersäits no manner wéi 5 Joer Bestietnes an anersäits no op d'mannst 20 Joer Bestietnes, festgestallt, iwwerdeems den Taux vun de Mariagen déi tëscht 5 an 19 Joer opgeléist ginn, stänneg nogelooss huet. Den Ament vun der Scheedung läit d'Duerchschnëttsdauer vum Bestietnes am Joer 2023 bei 12,9 Joer (am Joer 2000 bei 11,7 Joer). De Scheedungstaux, d. h. d'Verhältnis tëscht der Zuel vun de Scheedungen an der duerchschnëttlecher Gesamtbevëlkerung ass zënter 1980 stänneg eropgaangen, vun 1,60 ‰ op 3,07 ‰ am Joer 2019. En ass zënterhier awer nees op 2,04 ‰ am Joer 2023 erofgaangen (2.30 ‰ am Joer 2020, 2.19 ‰ 2021 an 1.90 ‰ 2022).

Scheedungen zu Lëtzebuerg
1980 1990 2000 2010 2020 2023
Scheedungen 582 759 1.030 1.083 1.447 1.359
Dauer vum Bestietnes (Joer)
0-4 120 134 205 185 322 309
5-9 159 200 328 297 327 332
10-14 114 154 190 186 263 223
15-19 86 98 112 186 199 188
20 a méi 103 173 195 229 335 307
Dauer net bekannt 1
Duerchschnëttsdauer vum

Bestietnes virun der Scheedung

11,7 12,9 13,0 12,9
Scheedungstaux 1,60 1,99 2,36 2,14 2,30 2,04

Acquisitioun vun der Lëtzebuerger Nationalitéit

[änneren | Quelltext änneren]
Acquisitioun vun der Lëtzebuerger Nationalitéit vun Auslänner

Am Joer 2023 hunn am Ganzen 11.904 Leit d'Lëtzebuerger Nationalitéit kritt:

  • 5.772 Leit duerch Optioun;
  • 4.932 duerch Recouvrement;
  • 1.200 duerch Naturalisatioun.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëtzebuerger Nationalitéit.

Bis Ufank vun den 2000er Jore gouf et wéineg Demandë fir d'Lëtzebuerger Nationalitéit unzehuelen. Mam Akraafttriede vum Gesetz iwwer d'duebel Nationalitéit den 1. Januar 2009 ass d'Zuel vun den naturaliséierte Leit reegelrecht explodéiert. 2018 gouf et e Pic mat 11.876 Leit déi d'Lëtzebuerger Nationalitéit ugeholl hunn, ier dës Zuel wéinst der Pandemie tëscht 2020 an 2021 nees erofgaangen ass. Duerno ass d'Zuel vun de Leit déi d'lëtzebuergesch Nationalitéit ugeholl hunn nees eropgaangen: 10.499 Acquisitiounen am Joer 2022 an 11.904 am Joer 2023 (+13,4 % am Verglach mat 2022).

Déi héich Zuel vun Naturalisatioune vun 2009 un erkläert sech mat de ville Leit déi d'Lëtzebuerger Nationalitéit ugeholl hunn, ouni datt se zu Lëtzebuerg wunnen. Am Joer 2009 huet den Undeel vun den Net-Residenten ënner deenen déi naturaliséiert goufen, 0,9 % ausgemaach. Duerno ass dëse Prozentsaz stänneg eropgaangen, bis en an de Joren 2019 an 2020 op e Maximum vu 50,6 % koum. Am Joer 2021 war den Undeel vun den Residentë mat 72,5 % vill méi héich am Verglach mat de 27,5 % Net-Awunner. D'Net-Residenten hunn awer dunn am Joer 2022 nees bal d'Hallschent ausgemaach (49,0 %), iwwerdeems den Taux d'Joer drop méi wéi d'Hallschent ausgemaach huet (51,0 %). Nieft de 5.831 Residentë vu Lëtzebuerg déi d'Lëtzebuerger Nationalitéit accordéiert kruten, koumen am Ranking hannendru 4.264 Residenten aus Brasilien, 907 aus den USA, 371 aus Frankräich, 173 aus der Belsch an der 60 aus Däitschland.

Acquisitioun vun der Lëtzebuerger Nationalitéit vu Residenten an Net-Residenten (2009-2023)

Am Ranking vun den Auslänner, déi d'Lëtzebuerger Nationalitéit ugeholl hunn, stinn d'Fransousen op der éischter Plaz: tëscht 2009 bis 2023 kommen op 109.214 Acquisitiounen eleng 20.369 Fransousen (18,7 %). Duerno kommen d'Portugisen (17.858, 16.4 %) op der zweeter an d'Belsch (16.017, 14.7 %) op der drëtter an dann d'Brasilianer op der véierter (13.135, 12,0 %) Plaz, virun den Italieener an den Däitschen. Déi grouss Zuel vun Naturalisatioune vu Brasilianer an Amerikaner kënnt duerch d'Recouvrementsprozedur déi et bis den 31. Dezember 2025 jidderengem erlaabt, d'Lëtzebuerger Nationalitéit ze kréien, wann en op den 1. Januar 1900 e Lëtzebuerger Virfaren hat. D'Emigratiounswell vun de Lëtzebuerger an d'USA an a Brasilien am Ufank vum 20. Joerhonnert erkläert dann och déi grouss Zuel vun „neie Lëtzebuerger“ aus Brasilien oder Amerika.

Iwwerdeems bal all naturaliséiert Portugisen Awunner vum Grand-Duché sinn, representéieren déi franséisch a belsch Residentë just eng Minoritéit. Wat d'Geschlecht ugeet, waren et 2023 mat 52,4 % méi Fraen déi d'Lëtzebuerger Nationalitéit krute wéi Männer. Am Laf vun der Zäit ass den Taux fir d'Unhuele vum Lëtzebuerger Pass vu 6,7 ‰ am Joer 1990 op 18,5 ‰ am Joer 2023 eropgaangen. Ze bemierken ass nach, datt wéinst dem Brexit d'Zuel vun de Britten déi naturaliséiert goufen, geklommen ass: zënter 2016 hunn 2.222 Britten déi lëtzebuergesch Nationalitéit ugeholl.

Acquisitioun vun der Lëtzebuerger Nationalitéit
1980 1990 2000 2010 2020 2023
Total 489 748 684 4.311 9.387 11.904
Männer - - 347 2.057 4.523 5.662
Fraen - - 337 2.254 4.864 6.242
Residenz
Lëtzebuerg - - - 4.203 4.640 5.831
Ausland - - - 108 4.747 6.073
Nationalitéit (vun de Residenten)
Däitschland 125 97 50 326 225 258
Belsch 65 79 72 237 332 341
Frankräich 68 106 52 301 648 768
Holland 21 30 14 49 34 38
Italien 124 191 157 663 244 310
Portugal - - 150 1.349 968 1.228
Aner Nationalitéiten - - 189 1.278 2.189 888

International Migratiounen

[änneren | Quelltext änneren]
Arrivéeën, Departen a Migratiounsbilan

Lëtzebuerg ënnerscheet sech vun aneren europäesche Länner duerch seng demographesch Dynamik an dëst haaptsächlech wéinst der internationaler Migratioun. De Populatiounswuesstem an de leschten zéng Joer ass fir ronn 80 % op d'international Migratioun zeréckzeféieren.

No engem Réckgang vun de Migratiounen am Joer 2020 no der COVID-19 Pandemie, ass s'am Joer 2021 erëm eropgaangen an huet 2022 en neie Rekord erreecht: 31.433 Leit sinn op Lëtzebuerg komm a 17.227 sinn der fortgaangen. 2023 goufe 26.964 Arrivéeën (-14.2% am Verglach zum 2022) a 16.588 Departen (-3,7%) enregistréiert. De Migratiounsbilan, dat heescht d'Differenz tëscht Immigranten an Emigranten, louch am Joer 2023 bei 10.376 Leit. Souwuel bei der Immigratioun wéi och bei der Emigratioun leien d'Männer liicht virun de Fraen: 16.131 (53.2 %) sinn der zu Lëtzebuerg ukomm an 9.345 (54.6 %) sinn der fortgaangen.

Tëscht 1990 an 2023 huet sech d'Zuel vun den Arrivéeë mat 2,6-mol multiplizéiert (+162,3 %) iwwerdeems d'Departen an d'Ausland ëm 161,7 % geklomme sinn. D'Bevëlkerung vu Lëtzebuerg charakteriséiert sech deemno duerch staark ausgepräägt Migratiounsstréim wat zu enger „Erneierung“ vun der Bevëlkerung féiert. Well dacks Leit immigréieren, déi am Alter si fir schaffen ze goen, ass d'Alterung vun der Bevëlkerung manner grouss wéi an anere Länner vun der Europäescher Unioun. Den Iwwerschoss tëscht den Arrivéeën an Departen ass am Laf vun der Zäit och eropgaangen: vun 3.942 am Joer 1990 op 10.376 am Joer 2023 (+163.2%), mat engem Héichpunkt vu 14.206 am Joer 2022.

Et gëtt méi Leit mat enger auslännescher Nationalitéit déi op Lëtzebuerg immigréieren oder déi Lëtzebuerg verloossen: am Joer 2023 waren d'Auslänner responsabel fir 93,3 % vun den Arrivéeën an 81,3 % vun den Departen.

Migratioun zu Lëtzebuerg
1990 2000 2010 2019 2020 2021 2022 2023
Immigratioun 10.281 11.765 16.962 26.668 22.490 25.335 31.433 26.964
Auslänner 9.310 10.792 15.814 25.150 20.970 23.758 29.851 25.144
Lëtzebuerger 971 973 1.148 1.518 1.520 1.577 1.582 1.820
Emigratioun 6.339 8.121 9.302 15.593 14.870 15.959 17.227 16.588
Auslänner 5.523 7.025 7.651 13.008 12.048 12.896 13.954 13.486
Lëtzebuerger 816 1.096 1.651 2.585 2.822 3.063 3.273 3.102
Migratiounsbilan 3.942 3.644 7.660 11.075 7.620 9.376 14.206 10.376
Auslänner 3.787 3.767 8.163 12.142 8.922 10.862 15.897 11.658
Lëtzebuerger 155 -123 -503 -1.067 -1.302 -1.486 -1.691 -1.282

Zënter 1990 ass d'Immigratioun vun de Lëtzebuerger ëm 87,4 % geklommen, am Verglach mat 170,1 % vun den Auslänner. Allerdéngs ass d'Zuel vun de Lëtzebuerger déi d'Land verloossen, méi héich wéi déi vun den Auslänner. Se huet sech mat ongeféier 3,8 (+280,1 %) multiplizéiert, wärend déi vun den Auslänner sech nëmme mat ongeféier 1,4 multiplizéiert huet (+144,2 %). Dësen Trend vun der Emigratioun vun de Lëtzebuerger huet och net mat der COVID-19-Kris ofgeholl, am Géigendeel. 1995 gouf et fir d'éischt Kéier en Iwwerschoss vun Departe vu Lëtzebuerger (-40). Dësen Iwwerschoss ass mat der Zäit geklommen an hat 2022 mat -1.691 säi Maximum erreecht. 2023 louch en e bësse méi déif, mat -1.282 Leit.

Wann déi ursprénglech Immigranten nom Zweete Weltkrich haaptsächlech Italieener waren, koumen duerno d'Portugisen. Méi spéit huet d'Immigratioun sech diversifizéiert, mä d'EU-Bierger bleiwen nach ëmmer vir bäi; am Joer 2023 maachen se 60,1 % vun der Immigratioun aus. Dat Joer virdru louch den Taux just bei 52,5 %, wat haaptsächlech mat der héijer Zuel vu Fraen (4.268) z'erklären ass, déi aus der Ukrain op Lëtzebuerg koumen.

Am Immigratiouns-Ranking kommen no den europäesche Bierger d'Asiaten (3.284, 12.2 %), d'Afrikaner (3.217, 11.9 %), déi europäesch Net-EU-Bierger (2.769, 10,3 %) an dann d'Amerikaner (1.408, 5,2 %). Wat d'Emigratioun ugeet, sinn et d'EU-Europäer déi am meeschten emigréieren (79,4 %), duerno kommen d'Net-EU-Europäer (1.216, 7,3 %), virun den Asiaten (896, 5,4 %) an den Amerikaner (644, 3,9 %).

2023 representéieren d'Portugisen (3.638 Leit, 13,6 %) déi Gemeinschaft, déi am meeschten op Lëtzebuerg immigréiert ass. No 2013 waren se 2021 nees fir d'éischt Kéier, déi mat de meeschten Immigranten (3.885 Leit). Am Joer 2022 waren d'Ukrainer op der éischter Plaz (4.268, 13,6 % vun den Arrivéeën), iwwerdeems se 2023 just op der 9. Plaz waren (807 Arrivéeën, 3 %). 2023 koumen duerno d'Fransousen (3.145, 11,6 %), d'Italieener (1.947, 7,2%), d'Lëtzebuerger (1.820, 6,7 %), d'Spuenier (1.022, 3,8 %) an d'Inder (889, 3,3 %).

D'Inder (889, 3,3 %), d'Ukrainer (3,0 %) an d'Syrer (770, 2,9%) sinn déi eenzeg Nationalitéite baussent der EU, déi am Joer 2023 an der Top-10 vun den Immigrante virkommen. D'Chineesen (452) sinn op der drëtter Plaz vun den asiateschen Nationalitéiten déi am meeschte vertruede sinn. D'Marokkaner (373) sinn un der Spëtzt vum afrikanesche Ranking, virun den Tunesier (329) an den Eritreeër (321). Vum amerikanesche Kontinent kommen déi meescht Immigranten aus Brasilien (483), virun den US-Amerikaner (371) an de Kolumbianer (126).

Wat d'Departen ugeet, sou maachen d'EU-Europäer 79,4 % vun der Emigratioun aus, am Verglach zu 83,8 % am Joer 2022. Vun deenen, leien d'Lëtzebuerger mat 3.102 Leit un der Spëtzt (18,7 %), virun de Portugisen (3.091, 18.6 %), de Fransousen (2.159, 13.0 %) an den Italieener (1.083, 6,5 %). No de Joren 2020 an 2021 ass et déi drëtt Kéier, datt d'Lëtzebuerger déi sinn, déi am meeschten an d'Ausland ausgewandert sinn. Am Joer 2022, waren d'Portugisen (3.633, 11,6%) un der Spëtzt vun deem Ranking.

Et sinn och d'EU-Bierger déi am meeschten emigréieren. An der Top-10 vun den Departe vu Lëtzebuerg leien d'Ukrainer op der 7. Plaz (570 Departen, 3,4 %) an d'Inder op der Plaz 10 (337, 2,0 %). Fir den amerikanesche Kontinent leien d'US-Amerikaner mat 289 Departen virun de Brasilianer (168) an de Kanadier (48). Wat Asien ugeet, kommen no den Inder d'Chineesen (164) an d'Japaner (72). Bei den afrikanesche Emigranten leien d'Kapverdianer (66) virun de Kameruner (65) an de Marokkaner (62).

Intern Migratiounen

[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 2023 hunn 33.223 Leit eng Lëtzebuerger Gemeng verlooss fir sech an enger anerer Gemeng am Grand-Duché néierzeloossen. Dës Changementer vum Wunnsëtz bannent dem Lëtzebuerger Land gëtt intern Migratioune genannt; Migratioune bannent der selwechter Gemeng oder aus dem Ausland op Lëtzebuerg ginn net berécksiichtegt.

Bei der interner Migratioune leien d'Auslänner mat 55,8 % virun de Lëtzebuerger an d'Männer (51,9 %) plënnere bannent dem Land och liicht méi wéi d'Fraen. Wat den Alter ugeet, fält iwwer d'Hallschent vun der interner Migratiounen an d'Altersklass vun de jonken Erwuessenen tëscht 18 a 40 Joer (51,8 %), wärend ongeféier e Véierel an d'Altersklass tëscht 41 an 69 fält (25,2 %). Déi Jonk ënner 18 Joer maachen 18,8 % an d'Seniore vu 70 Joer an driwwer 4,2 % aus.

Op Gemengenniveau hunn 63 vun den 100 Gemengen e positive Migratiounsbilan, 34 en negativen a bei 3 Gemengen (Stauséigemeng, Munneref a Walfer) gouf et esouvill Arrivéeë wéi Departen.

Den héchste Migratiounsbilan gouf et an de Gemenge Kielen (399), Déifferdeng (246), Péiteng (222), Mäertert (196) a Mamer (181) iwwerdeems et op der anerer Säit den niddregsten Taux an der Stad Lëtzebuerg (-3.155) an an de Gemenge Stroossen (-212), Miersch (-161), Esch-Uelzecht (-121) an Dippech (-67) gouf.

Besonnesch an de Stied an a verschiddene Gemenge ronderëm d'Stad Lëtzebuerg gëtt et eng negativ intern Migratioun, iwwerdeems et ëmgedréint eng positiv international Migratioun gëtt. D'Haaptstad a verschidden Nopeschgemengen, grad ewéi verschidde méi urban Gemengen am Rescht vum Land, zéien deemno méi Immigranten aus dem Ausland un, wärend d'Lëtzebuerger éischter d'Tendenz hunn aus der Stad Lëtzebuerg an och aus aneren urbanen Zentren erauszeplënneren, fir sech a méi ländleche Gemengen néierzeloossen.

Lëtzebuerger am Ausland

[änneren | Quelltext änneren]

Op den 1. Januar 2024 hu knapp 137.000 Leit mat Lëtzebuerger Nationalitéit baussent dem Territoire vum Grand-Duché gelieft. Déi meescht dovun a Frankräich (32.925 Leit), viru Brasilien (27.632), der Belsch (27.212) an Däitschland (20.466). Elleng an den dräi Nopeschlänner liewen ongeféier 59 % vun de Lëtzebuerger déi net zu Lëtzebuerg wunnen. Op der fënnefter a sechster Positioun kommen d'USA (14.972) an d'Schwäiz (2.859). An de leschte fënnef Joer huet sech d'Zuel vun de Lëtzebuerger a Brasilie mat 4,3 multiplizéiert, déi an den USA huet sech bal verdräifacht. Dës Erhéijung kënnt duerch déi héich Zuel vu Leit déi d'Lëtzebuerger Nationalitéit iwwer d'Recouvrements-Prozedur kruten, d. h. déi op den 1. Januar 1900 e Virfar mat Lëtzebuerger Nationalitéit haten.

Allgemeng kann ee feststellen, datt d'Zuel vun de Lëtzebuerger déi am Ausland wunnen, stänneg eropgeet (+68,5 % tëscht 2020 an 2024). Engersäits gëtt et ëmmer méi Lëtzebuerger déi d'Land verloossen a sech an engem vun den Nopeschlänner néierloossen an anersäits gëtt et vill Leit, déi d'Lëtzebuerger Nationalitéit kréien, wärend s'am Ausland wunnen.

Lëtzebuerger déi am Ausland wunnen - nom Land vun der Residenz
Nationalitéit 2020 2021 2022 2023 2024
Total 81.526 95.904 108.386 122.349 137.392
Europäesch Unioun 64.424 71.831 77.959 82.493 86.160
Frankräich 22.772 26.569 29.663 31.480 32.925
Belsch 22.205 23.981 25.385 26.450 27.212
Däitschland 16.040 17.460 18.621 19.621 20.466
Portugal 453 629 775 975 1.134
Éisträich 736 792 872 951 1.009
Spuenien 528 567 650 761 880
Holland 558 593 633 696 762
Italien 570 603 631 664 710
Europa (net EU)  3.745  4.006  4.292  4.751  5.214
CHECHE Schwäiz 2.269 2.368 2.525 2.693 2.859
Vereenegt Kinnekräich 1.275 1.411 1.552 1.750 1.968
Afrika 316 338 363 413 475
Cap Vert 36 48 43 68 94
Südafrika 52 55 61 62 69
Amerika 12.305 18.933 24.875 33.707 44.398
Brasilien 6.363 10.999 14.105 19.939 27.632
 USA 5.060 6.833 9.501 12.268 14.972
Kanada 477 575 649 723 808
Asien 517 563 653 699 825
Vereenegt Arabesch Emirater 100 108 122 136 180
Thailand 82 89 88 101 111
Ozeanien 219 233 244 286 320

Lëtzebuerg am internationale Verglach

[änneren | Quelltext änneren]

Am Verglach mat der Europäescher Unioun an den Nopeschlänner stécht Lëtzebuerg virun allem duerch seng demographesch Dynamik eraus. Tëscht 1970 an 2024 ass den demographesche Wuesstem an der EU just ëm 16,9 %, vun 384.326.562 Leit am Joer 1970 op 449.206.579 am Joer 2024 geklommen. Wärend der selwechter Zäit huet d'Bevëlkerung vum Grand-Duché sech bal verduebelt (+98,5 %), vun 338.507 op 672.050 Awunner.

Dëse bedeitende Populatiounswuesstem zu Lëtzebuerg, an de Wuesstemsecart am Verglach mam Duerchschnëtt an der EU, konzentréiert sech op d'Period vun 1985 bis 2024. An de leschte 15 Joer vun der iwwerwaachter Period (tëscht 1970 an 1985) ass d'Bevëlkerung vum Grand-Duché nämlech nëmmen ëm 8,2 % geklommen, wat just e bësse méi ass wéi fir d'Bevëlkerung vun den EU (+7,2 % vun 1970 bis 1985). Ënnert den Nopeschlänner ass et Frankräich, deem seng demographesch Entwécklung am nooste bei där vu Lëtzebuerg läit (Bevëlkerungserhéijung vu 35,4 % vun 1970 op 2024), duerno déi vun der Belsch (+22,5 %). An Däitschland (bannent de Grenzen no 1991), ass d'Populatioun nëmme ganz liicht geklommen (+6,6%).

Op eng méi kuerz Period gekuckt, an de leschten zéng Joer, ass den héchsten demographesche Wuesstem net zu Lëtzebuerg mä op Malta enregistréiert ginn (+31,2 %). Lëtzebuerg läit op der zweeter Plaz (+22,3 %), virun Irland (+15,2 %). D'Belsch (+5,8 %), Däitschland (+3,3 %) a Frankräich (+3,4 %) leie liicht iwwer der europäescher Moyenne (+1,4 %).

Demographesch Indicateure vu Lëtzebuerg am Verglach mat den Nopeschlänner an der EU
Lëtzebuerg EU Frankräich Belsch Däitschland
AwunnerE 672.050 449.206.579 68.401.997 11.832.049 83.445.000
Undeel Leit vun 0 bis 24 JoerF 27,10 25,50 29,50 28,10 24,00
Undeel Leit vu 25 bis 64 JoerF 58,20 53,40 49,60 52,40 53,90
Undeel Leit vu 64 Joer a méiF 14,80 21,10 21,00 19,50 22,20
Undeel AuslännerF 47,01 - 7,80 12,80 13,10
Demographesch Indicateuren
Kanner pro Fra (Joer)F 1,31 1,46 1,79 1,53 1,46
Liewenserwaardung MännerF 80,80 77,90 79,30 79,70 78,30
Liewenserwaardung FraenF 85,20 83,30 85,10 83,90 83,00
GebuertebilanF 3,10 -2,90 0,80 -0,20 -3,90
MigratiounsbilanF 20,50 8,90 2,40 10,90 17,30
BestietnestauxF 3,80 4,20 3,60 4,20 4,70
ScheedungstauxF 1,90 1,60 - 1,70 -

E op den 01.01.2024
F op den 01.01.2023

Quell vum Artikel

[änneren | Quelltext änneren]
  • François Peltier, Charlie Klein, La démographie luxembourgeoise en chiffres (Text iwwersat aus dem Franséischen), 23.10.2024, statistiques.public.lu (D'Reproduktioun vum Text oder Auszich dovun ass erlaabt, wann d'Quell zitéiert gëtt.)

Referenzen

[Quelltext änneren]