Op den Inhalt sprangen

Danièle Kaber

Vu Wikipedia
Danièle Kaber
D'Danièle Kaber beim Staffellaf zu Kënzeg 1989 organiséiert vum Fräizäit-Sport Kéinzeg
Gebuer 20. Abrëll 1960
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Laangstreckeleefer
Kompetitiounsklass Laangstreckelaf
Huet matgemaach bei Olympesch Summerspiller 1988
Famill
Bestuet mat Marc Agosta

D'Danièle Kaber, gebuer den 20. Abrëll 1960 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng fréier lëtzebuergesch Liichtathleetin. De gréisste Succès vun der dräifacher Sportlerin vum Joer (1985, 86 an 88) war eng 7. Plaz am Marathonlaf bei den Olympesche Summerspiller 1988 zu Seoul a Südkorea.

D'Danièle Kaber ass am jonken Alter Member vum RBUAP ginn, engem Veräin deem si ëmmer trei bliwwen ass. 1978 gouf si Championne bei de Junioren am Cross an am 800-Meter-Laf. Si huet duerno hir berufflech Ausbildung als Educatrice am Behënnerteberäich gemaach.

Beandrockt vun der Schwäizerin Gaby Andersen-Schiess déi de Fraemarathon op den Olympesche Spiller 1984 zu Los Angeles gewonnen hat, huet si mat hirem Trainer André Schepens trainéiert a sech op déi nächst Olympesch Spiller preparéiert.

Den 28. Abrëll 1985 huet si mat 35'06''13 en neie Landesrekord op der 10.000-Meter-Distanz opgestallt.

Si ass hiren éischte Marathon am Fréijoer 1988 zu Hamburg an enger Zäit vun 2.32'33'' gelaf. Fir d'Olympesch Summerspiller 1988 zu Seoul haten den COSL an d'FLA hir an hirem Trainer Marc Agosta, mat deem si méi spéit bestuet gouf, fräi Hand gelooss, ob si op den 10.000 Meter oder beim Marathon matlafe sollt. Si huet sech schlussendlech fir de Marathon entscheet a koum ënner 69 Konkurrentinnen aus 39 Natiounen op déi beandrockend 7. Plaz an enger Zäit vun 2.29'23.

Virdrun   Sportlerin vum Joer    Duerno
Jeannette Goergen 1985 + 1986 Nancy Arendt
Nancy Arendt 1988 Nancy Arendt
  1. Gricius, Pierre. Luxemburger Sportlerinnen bei den olympischen Spielen 1924 - 2012. Luxembourg: Conseil national des femmes, 2013. Print. S. 52-53. ISBN 978-2-9599734-5-1