Cornelia Froboess
Cornelia Froboess | |
---|---|
Pseudonym | Die kleine Cornelia, Conny |
Gebuer |
28. Oktober 1943 Wriezen |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Sänger, Theaterschauspiller, Filmschauspiller |
Member vun | Akademie der Künste Berlin, Bayerische Akademie der Schönen Künste |
Famill | |
Bestuet mat | Hellmuth Matiasek |
D'Cornelia Froboess, gebuer den 28. Oktober 1943 zu Wriezen, ass eng däitsch Schlagersängerin a Schauspillerin.
Am Mee 1951 stoung si fir d'éischt op der Bün als Die kleine Cornelia mam Schlager Pack die Badehose ein. Aus dem Kannerstar ass dann an den 1960 Joren d'Conny en Teenager-Idol ginn. Mat dem Schlager Zwei kleine Italiener hat se net nëmmen an Däitschland e groussen Erfolleg.
1962 huet si Däitschland mam Lidd "Zwei kleine Italiener" beim Eurovision Song Contest an der Stad Lëtzebuerg vertrueden. Si koum op déi 6. Plaz mat 9 Punkten.
Vun 1959 bis 1967 war si a ville sougenannte Schlagerfilmer mat Schauspiller a Sänger wéi Peter Alexander, Peter Kraus, Heinz Erhardt, Rudolf Prack, Waltraut Haas a Peter Weck ze gesinn. Eng Ausnam war am Joer 1962 de franséisch-däitsche Film Le caporal épinglé, vum Jean Renoir mam Jean-Pierre Cassel a Claude Brasseur.
Vun 1972 bis 2001 war si feste Member vun de Münchner Kammerspiele. Nieft dem Theater trëtt si awer nach a villen TV-Filmer op. Si spillt och nach geleeëntlech an intressante Filmer mat wéi Rheinsberg (1967) vum Kurt Hoffmann, Die Sehnsucht der Veronika Voss (1982) vum Rainer Werner Fassbinder an Knockin' on Heaven's Door (1997) vum Thomas Jahn mat dem Thierry van Werveke an enger Haaptroll.
Si ass zanter 1967 mam Theaterregisseur an Intendant Hellmuth Matiasek bestuet.
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]Kino
[änneren | Quelltext änneren]- 1952: Drei Tage Angst, vum Erich Waschneck mam Rudolf Platte a Camilla Spira
- 1952: Ideale Frau gesucht, vum Franz Antel mam Inge Egger a Waltraut Haas
- 1954: An jedem Finger zehn, vum Erik Ode mam Germaine Damar a Bibi Johns
- 1954: Große Starparade, vum Paul Martin mam Adrian Hoven a Renate Holm
- 1955: Laß die Sonne wieder scheinen, vum Hubert Marischka mam Hans Holt a Hertha Feiler
- 1958: Der lachende Vagabund, vum Thomas Engel mam Fred Bertelmann a Susanne Cramer
- 1958: Wenn die Conny mit dem Peter, vum Fritz Umgelter mam Peter Kraus an Ernst Stankovski
- 1959: Hula-Hopp, Conny, vum Heinz Paul mam Rex Gildo a Susi Nicoletti
- 1959: Wenn das mein großer Bruder wüßte, vum Erik Ode mam Fred Bertelmann a Margit Saad
- 1959: Ja, so ein Mädchen mit 16, vum Hans Grimm mam Rex Gildo a Friedrich Domin
- 1960: Meine Nichte tut das nicht, vum Franz Josef Gottlieb mam Fred Bertelmann a Peter Weck
- 1960: Conny und Peter machen Musik, vum Werner Jacobs mam Peter Kraus a Gustav Knuth
- 1960: Schlagerraketen, vum Erik Ode mam Helga Sommerfeld an Hans von Borsody
- 1960: Mein Mann, das Wirtschaftswunder, vum Ulrich Erfurth mam Marika Rökk a Fritz Tillmann
- 1961: Junge Leute brauchen Liebe, vum Géza von Cziffra mam Johannes Heesters a Waltraut Haas
- 1961: Mariandl, vum Werner Jacobs mam Rudolf Prack, Waltraut Haas an Hans Moser
- 1961: Der Traum von Lieschen Müller, vum Helmut Käutner mam Sonja Ziemann a Martin Held
- 1962: Le caporal épinglé, vum Jean Renoir mam Jean-Pierre Cassel a Claude Brasseur
- 1962: Der Vogelhändler, vum Géza von Cziffra mam Peter Weck a Maria Sebaldt
- 1962: Mariandls Heimkehr, vum Werner Jacobs mam Rudolf Prack,Waltraut Haas a Peter Weck
- 1963: Der Musterknabe, vum Werner Jacobs mam Peter Alexander a Gunther Philipp
- 1963: Ist Geraldine ein Engel?, vum Steve Previn mam Peter Weck a Sabine Bethmann
- 1964: Hilfe, meine Braut klaut, vum Werner Jacobs mam Peter Alexander a Gunther Philipp
- 1967: Rheinsberg, vum Kurt Hoffmann mam Christian Wolff a Werner Hinz
- 1973: Crazy - total verrückt, vum Franz Josef Gottlieb mam Rudi Carrell an Heinz Reincke
- 1982: Die Sehnsucht der Veronika Voss, vum Rainer Werner Fassbinder mam Rosel Zech an Hilmar Thate
- 1986: Der Sommer des Samurai, vum Hans-Christoph Blumenberg mam Hans Peter Hallwachs an Nadja Tiller
- 1988: Faust - Vom Himmel durch die Welt zur Hölle, vum Dieter Dorn mam Helmut Griem a Katja Riemann
- 1997: Knockin' on Heaven's Door, vum Thomas Jahn mam Til Schweiger, Jan Josef Liefers an Thierry van Werveke
- 2003: Die wilden Kerle, vum Joachim Masannek mam Uwe Ochsenknecht
- 2004: Villa Henriette, vum Peter Payer mam Nina Petri
- 2013: Ostwind, vum Katja von Garnier mam Detlev Buck an Tilo Prückner
TV (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- 1952: Eine nette Bescherung, vum Charlotte Mentzel
- 1963: Sophienlund, vum Helmut Weiss
- 1965: Wahn oder Der Teufel in Boston, vum Gerhard Klingenberg
- 1965: Ein Wintermärchen, vum Gerhard Klingenberg
- 1966: Wo wir fröhlich gewesen sind, vum Gerhard Klingenberg
- 1966: Bei Pfeiffers ist Ball, vum Thomas Engel
- 1967: Die Schule der Frauen, vum Otto Tausig
- 1967: Im Ballhaus ist Musike - Ein Altberliner Tanzvergnügen, vum Thomas Engel
- 1968: Mathilde Möring, vum Claus Peter Witt
- 1968: Im Ballhaus wird geschwoft, vum Thomas Engel
- 1968: Die Wilde, vum Gerhard Klingenberg
- 1969: Der Bürger als Edelmann, vum Hellmuth Matiasek
- 1971: Der Wald, vum Wolfgang Glück
- 1971: Der Kommissar (TV-Serie, 1. Episod)
- Der Tod des Herrn Kurusch, vum Theodor Grädler
- 1972: Weh dem, der lügt, vum Ernst Hausman
- 1973: Liebe mit 50, vum Günter Gräwert
- 1974: Auguste Bolte, vum Gerd Winkler
- 1975: Glückliche Reise, vum Eugen York
- 1975: Polly oder Die Bataille am Bluewater Creek, vum Jürgen Flimm
- 1977-1993: Derrick (TV-Serie, 6 Episoden)
- 1977: Via Bangkok, vum Theodor Grädler
- 1978: Ute und Manuela, vum Helmut Ashley
- 1982: Eine Falle für Derrick, vum Theodor Grädler
- 1988: Das Ende einer Illusion, vum Günter Gräwert
- 1990: Des Menschen Feind, vum Günter Gräwert
- 1993: Nach acht langen Jahren, vum Helmut Ashley
- 1979: Noch 'ne Oper, vum Claus Peter Witt
- 1979: Balthasar im Stau, vum Rudolf Jugert
- 1980: Der Regenmacher, vum Ludwig Cremer
- 1980-2010: Der Alte (TV-Serie, 3 Episoden)
- 1980: Mord nach Plan, vum Theodor Grädler
- 1991: Kälter als der Tod , vum Zbynek Brynych
- 2010: Oder du stirbst, vum Marcus Ulbricht
- 1981: Das Käthchen von Heilbronn oder: Die Feuerprobe, vum Peter Beauvais
- 1983: Ein Fall für Zwei (TV-Serie, 1 Episod)
- Das Opfer, vum Michael Lähn
- 1994: Praxis Bülowbogen (TV-Serie, 11 Episoden)
- 1994: 1945, vum Peter Patzak
- 1995: Fesseln, vum Xaver Schwarzenberger
- 1996: Angst hat eine kalte Hand, vum Matti Geschonneck
- 1996: Der Sohn des Babymachers, vum Susanne Zanke
- 1997: Koerbers Akte: Kleines Mädchen - großes Geld, vum Bernd Böhlich
- 1997: Koerbers Akte: Tödliches Ultimatum, vum Bernd Böhlich
- 2000: Hirnschal gegen Hitler, vum Hans-Christoph Blumenberg
- 2000: Tatort : Mord am Fluss, vum Klaus Gietinger
- 2004: Die eine und die andere, vum Dieter Dorn
- 2004: Stärker als der Tod, vum Nikolaus Leytner
- 2010: Die Schwester, vum Margarethe von Trotta
- 2011: Eine halbe Ewigkeit, vum Matthias Tiefenbacher
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Cornelia Froboess – Biller, Videoen oder Audiodateien |