CID/Fraen an Gender
CID/Fraen an Gender (sic)[1] ass zanter der Nummännerung vum 15. Mäerz 2015 den neien Numm vum Centre d'information et de documentation des femmes Thers Bodé A.s.b.l (fréier CID-femmes). D'A.s.b.l., déi den 8. Mäerz 1992 um Weltfraendag gegrënnt gouf, geréiert eng fir Lëtzebuerg eenzegaarteg Fraebibliothéik mat haut iwwer 20.000 Bicher, CDen, Zäitschrëften a Partituren. Theeme sinn (international) Fraebeweegung, Fraen- a Genderfuerschung, Fraekonscht, Fraebiographien a Romaner déi vu Frae geschriwwe goufen.
E wichtege Bestanddeel ass och de Rayon "mädchenstarke Kinder- und Jugendliteratur" mat Bicher a Medien déi Meedercher a Jonge baussent festgefuerene Rolleklischeeë weisen.
D'Bicher sinn haaptsächlech op Däitsch a Franséisch, an deelweis op Englesch.
D'Bibliothéik huet och eng Rubrik mat lëtzebuergescher Literatur an Dokumenter.
Doriwwer eraus gëtt och de Fraemuseksforum EUTERPE am Kader vum CID/Fraen an Gender organiséiert.
De CID/Fraen an Gender gëtt finanziell vum Chancëgläichheetsministère, vum Kulturministère a vun der Stad Lëtzebuerg ënnerstëtzt.
En initiéiert a betreit kulturell a sozialpolitesch Projete mam Zil, d'Gläichheet tëscht de Geschlechter e Stéck virun ze bréngen a Fraen, Männer, Kanner a Jugendlecher fir Fraenthemen z'interesséieren an ze sensibiliséieren.
Rezent Projete sinn:
- Girls' Day – Boys' Day
- KeK – Kinder entdecken Künstlerinnen
- Bücherkoffer
Den ursprénglechen Numm vum CID/Fraen an Gender war no der Politikerin a Fraerechtlerin Thers Bodé genannt.
2006 gouf de CID/Fraen an Gender mam Prix Anne Beffort ausgezeechent.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Websäit vum Cid/Fraen an Gender (fr)
- Websäit vum Cid/Fraen an Gender (de)
- Websäit vum Girls Day - Boys Day (de) (fr)
- Websäit vu KeK (de)
- Das Cid-femmes, Centre de documentation des femmes Thers Bodé a.s.b.l..Eine Frauenbibliothek für Luxemburg, Artikel vun der Joëlle Schwinnen an der Zäitschrëft forum N°253 vum Februar 2006