Bottermaart
De Bottermaart gouf fréier de Bauerefraen d'Geleeënheet, fir hir Produkter unzebidden an ze verkafen. Meeschtens waren dat Botter, Eeër a Kéis (zu Lëtzebuerg: Kachkéis a Stoffi). Dat war an där Zäit, wéi vill Bauere selwer nach eng Mëllechzentrifug haten, fir d'Rahm vun der Mëllech ofzesënneren, a wéi op villen Häff nach gerompt ginn ass. Dobäi koum, dat deemools d'Bauere sech selwer versuergt hunn, keng spezialiséiert Landwirtschat bedriwwen hunn an nieft de Groussbéischten och nach Hénger gehalen a Kéis produzéiert hunn. Fir d'Bauere war dat eng Geleeënheet, fir hir Produkter direkt ze verkafen an net iwwer den Tëschenhandel brauchen ze fueren. D'Mäert vun deenen hei rieds ass, ware Wochemäert a waren all aacht Deeg, de selwechten Dag, fréier nach dobaussen, op enger Plaz matzen an der Uertschaft. Haut gëtt et nach de Bottermaart. Awer net méi wéi fréier. D'landwirtschaftlech Produkter ginn elo normalerweis iwwer den Handel verkaaft.
De Bottermaart am Lëtzebuerger Land
[änneren | Quelltext änneren]Zu Ettelbréck
[änneren | Quelltext änneren]Et war de 5. Februar 1854, wéi den éischte Wochemaart zu Ettelbréck ofgehale gouf (Jos Flies: Ettelbrück, die Geschichte einer Landschaft, S. 1601). De 15. Mäerz 1855 gouf dëse Wochemaart vum Donneschdeg op den Dënschdeg verluecht.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Markets – Biller, Videoen oder Audiodateien |