Op den Inhalt sprangen

Bierggorilla

Vu Wikipedia
Bierggorilla
E männleche Bierggorilla

E männleche Bierggorilla
E männleche Bierggorilla
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Mamendéieren
Uerdnung: Primaten
Ënneruerdnung: Afe mat dréchenen Nuesen
Famill: Mënschenafen (Hominidae)
Gattung: Gorillaen (Gorilla)
Aart: Ëstleche Gorilla
Wëssenschaftlechen Numm
Gorilla beringei beringei
Savage a Wyman, 1847
Ënneraart

Gorilla beringei beringei

De Bierggorilla (Gorilla beringei beringei) ass eng Ënneraart vum Ëstleche Gorilla aus der Primatefamill vun de Mënschenafen (Hominidae). Et ass déi Populatioun vu Gorillaen, déi am meeschten um Buedem liewen an déi sech am meeschte vu Blieder ernieren. Bierggorillae kommen am ëstlechen Afrika an zwee klenge Gebitter vir: ronderëm d'Virunga-Vulkaner an am Bwindi-Bësch.

Wa se opgeriicht sinn, kënne Bierggorillae bis 1,75 Meter grouss ginn, an d'Männercher weien, mat alt bis zu 200 kg, duebel sou vill wéi d'Weibercher. De Pelz ass schwaarz. a gëtt, wéi bei anere Gorillaaarten, bei de Männercher gro, allerdéngs hei just um Réck. Charakteristesch firt hir Aart ass dat laanggestreckte Gesiicht an de verhältnesméisseg breeden Torax. D'Ae si wéi bei alle Gorillaen, brong, an dIris huet un hirem Rand e schwaarze Rank.

Hir Äerm sinn eppes méi kuerz, an hiert d'Fell ass méi laang wéi déi vun den Ëstleche Flaachlandgorillaen, mat deem se Famill sinn. Si sinn och eppes méi kleng wéi déi. Och ass hir Déck Zéiw méi no bei deenen aneren Zéiwen, wéi dat bei den Ëstleche Flaachlandgrilllaen de Fall ass.

Bierggorillae liewe wéi all Gorillaen a Gruppen, déi am Duerchschnëtt aus knapps 10 Déiere bestinn. Dës setze sech zesummen aus engem erwuessene Männchen, e puer Weibercher an hirem Nowuess. Sinn emol méi Männercher an enger Grupp, ass ee vun hinnen deen Dominanten. Emg Grupp huet gewéinlech en Territoire vu 400 bis 800 Hektar, wat manner ass wéi bei anere Gorillaarten. Och wa sech Territoiren tëschent Gruppe kënnen iwwerschneiden, gi se sech géigesäiteg aus de Féiss.

D'Bierggorillae sinn déi GOrillaaart, déi am meeschten um Bueden an deemno am mannsten op Beem lieft. Wa se sech um Buedem weiderbeweegen, stäipe se sech op hir Handknëchelen of. Si sinn daagsaktiv a baue sech bannent e puer Minutten Näschter aus Äscht a Blieder fir nuets ze schlofen.

E weibliche Gorilla beringei beringei am Gaang ze friessen.

Am Verglach mat anere Gorillae friessen d'Bierggorillaen däitlech maaner Friichten, ma dofir méi Blieder, den Haaptbestanddeel vun hirem Kascht.

E Jonkt.

D'Bierggorillaen hu keng fest Zäit fir sech ze verkoppelen, dat kann d'ganzt Joer duerch geschéien. D'Schwangerschaft dauert 257 Deeg, bal ëmmer ass et just ee Jonkt (Zwillinge si sielen). Dat gëtt 3 bis 4 Joer laang geniert an ass mat 6 bis 8 Joer (Weibchen) respektiv 10 Joer (Männchen) prett, sech ze verkoppelen. Gewéinlech verloossen dofir souwuel d'Männercher wéi d'Weibercher hir Grupp, an déi se gebuer goufen.

De Bestand ass eppes iwwer 1000 Déieren. En ass zwar, wat éischter d'Ausnam ass, an de leschte Joerzéngten eropgaangen, ma se gëllen nach ëmmer als staark bedréit - highly endagered.

D'Bierggorillae goufen net zulescht duerch d'Fuerschungsaarbechte vun der Dian Fossey bekannt, déi jorelaang bei hinnen am Bësch gewunnt huet.

Commons: Bierggorilla (Gorilla beringei beringei) – Biller, Videoen oder Audiodateien