Op den Inhalt sprangen

Benotzer (Informatik)

Vu Wikipedia
Den Endbenotzer kann zum Beispill eng Infirmière an engem Spidol sinn, déi e bestëmmte Computerprogramm fir hir Aarbecht benotzt (Foto aus den USA aus dem Joer 1987).

An der Informatik ass e Benotzer, och nach User (en) oder Utilisateur (fr) genannt, eng Persoun, déi e Computer gebraucht.

De Benotzer huet meescht e "Benotzerkont" a gëtt vum Computersystem mat sengem "Benotzernumm" erkannt.

An der Produktentwécklung gëtt och de Begrëff Endbenotzer (end user op Englesch) gebraucht, fir déi Persoun, déi d'Produkt schlussendlech perséinlech gebraucht. Den Endbenotzer ënnerscheet sech domat vun deene Benotzer, déi de Produit ënnerstëtzen oder ënnerhalen, wéi zum Beispill e Systemadministrateur (Admin), e Softwareentwéckler oder e Computertechniker. Den Endbenotzer huet generell net de selwechten Niveau vun techneschem Wëssen a Verständnes vum Produit wéi d'Designere vun deem Produit.

Wann d'Produktdesigneren dee Wëssensënnerscheed vergiessen, kann dat zu onzefriddenen Endbenotzer féieren, well se net mam Produit eens ginn. Den Endbenotzer ass net ëmmer de Client, mee kann och den Employé vun engem Client sinn. De Client kann zum Beispill eng grouss Entreprise sinn, déi eng Software keeft, an d'Endbenotzer sinn déi Leit, déi bei där Entreprise schaffen sinn an d'Software an hirem Aarbechtsalldag benotzen.

Commons: Benotzer – Biller, Videoen oder Audiodateien