Op den Inhalt sprangen

Asiatescht Himmelsdéierchen

Vu Wikipedia
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Asiatescht Himmelsdéierchen
Asiatescht Himmelsdéierchen (Harmonia axyridis (Pallas, 1773))

Asiatescht Himmelsdéierchen (Harmonia axyridis (Pallas, 1773))
Asiatescht Himmelsdéierchen (Harmonia axyridis (Pallas, 1773))
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Arthropoden
Klass: Insekten
Uerdnung: Kiewerleken
Famill: Himmelsdéiercher
Gattung: 'Harmonia'
Aart: Asiatescht Himmelsdéierchen
Wëssenschaftlechen Numm
Harmonia axyridis
Pallas, 1773
Eng Larv

D'Asiatescht Himmelsdéierchen (Harmonia axyridis) ass eng Aart aus der weltwäit verbreeter Famill vun den Himmelsdéiercher (Coccinellidae) an aus der Uerdnung vun de Kiewerleken (Coleoptera). Et gëtt op Englesch "Harlequin Ladybird" an op Franséisch "coccinelle arlequin" genannt.

En aktuelle Fall vu biologescher Invasioun

[änneren | Quelltext änneren]

D'Asiatescht Himmelsdéierchen ass déi invasiivst Aart vu Coccinellidae op der Äerd a gehéiert a ville Regiounen zu den Neozoen. Zanter dem Joer 2000 verbreet et sech rasant an Europa. D'Aart gouf aus China agefouert a gëtt zanter 1997 an den Zäre fir d'biologesch Bekämpfung vu Blatlais agesat, huet sech du relativ séier an der Natur etabléiert. D'Aart ass aggressiv a verdrängt déi heemesch Himmelsdéiercher. Dat Asiatescht Himmelsdéierche frësst net nëmme Blatlais a Schëldlais, mä och aner Aarte vun Himmelsdéiercher a Florfliegen (Chrysopidae). Et geet och un Uebst oder Drauwen a kann de Wäinertrag duerch e schlechte Goût a Gefor bréngen.

Dat Asiatescht Himmelsdéierchen ass zanter 2004 zu Lëtzebuerg nogewisen[1]. Et war op der Affiche vun der Ausstellung "Evolution - up to date" ze gesinn, déi vum 30. Oktober 2009 bis den 11. Abrëll 2010 am Kader vum Darwin-Gedenkjoer 2009 am Naturmusée gewise gouf.

  • Guinet, Jean-Michel, 2009. Étude de deux populations d'Harmonia axyridis (Pallas, 1773) (Insecta, Coleoptera, Coccinellidae) au Luxembourg. Bull. Soc. Nat. luxemb. 110. PDF
  • Hermes, Kim, 2011. Die "Himmeldéiercher" sammeln sich: problematische Cousins aus Fernost. Tageblatt 2011, Nr. 264 (12./13. November), S. 28.
  • Schneider, N. & A. J. M. Loomans, 2006. Sur la présence au Luxembourg de la coccinelle arlequin Harmonia axyridis (Pallas, 1773) (Insecta, Coleoptera, Coccinellidae). Bull. Soc. Nat. luxemb. 106: 71-74. PDF
Ënnerschiddlech gemustert asiatesch Himmelsdéiercher

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Cf. Schneider & Loomans 2006 an der Literatur.