Arno Arthur Wachmann
Ausgesinn
Arno Arthur Wachmann | |
---|---|
Gebuer |
8. Mäerz 1902 Hamburg |
Gestuerwen |
24. Juli 1990 Hamburg |
Nationalitéit | Däitschland |
Educatioun | Universitéit Kiel |
Aktivitéit | Astronom |
Den Arno Arthur Wachmann, gebuer den 8. Mäerz 1902 zu Hamburg, an och do gestuerwen de 24. Juli 1990, war en däitschen Astronom.
De Wachmann huet Astronomie op der Universitéit Kiel studéiert a säi Studium 1926 mat enger Dissertatioun iwwer d'Eegebeweegung vun de Stären ofgeschloss.
Vun 1927 un schafft hien am Observatoire vun Hamburg. Zesumme mam Arnold Schwassmann huet hien déi periodesch Koméiten 29P/Schwassmann-Wachmann, 31P/Schwassmann-Wachmann an 73P/Schwassmann-Wachmann entdeckt. An de Joren 1938 an 1939 huet hien d'Asteroiden Autonoma, (1501) Baade an Thiele entdeckt.
Am Joer 1969 goung de Wachmann an d'Pensioun.