11. November
Ausgesinn
<< | November | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | ||||
4 | 5 | 6 | 7 | 8 | 9 | 10 |
11 | 12 | 13 | 14 | 15 | 16 | 17 |
18 | 19 | 20 | 21 | 22 | 23 | 24 |
25 | 26 | 27 | 28 | 29 | 30 | |
2024 |
Den 11. November ass den 315. Dag (316. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]- 1799: De provisoresche Consulat gëtt a Frankräich an d'Liewe geruff.
- 1918: Zu Compiègne gëtt de Waffestëllstand tëscht dem Däitsche Räich an den Alliéierten ënnerschriwwen; Enn vum Éischte Weltkrich.
- 1918: Proklamatioun vun der Onofhängegkeet vu Polen.
- 1975: Angola gëtt vu Portugal onofhängeg.
Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- 1974: En neit Gesetz zu Lëtzebuerg mécht, datt d'Friemgoen (adultère) keng Strofdot méi ass.
Wëssenschaft an Technik
[änneren | Quelltext änneren]Astronomie
[änneren | Quelltext änneren]- 1827: De britteschen Astronom John Herschel entdeckt déi Lënsefërmeg Galaxie NGC 43.
- 1835: Dem engleschen Astronom John Frederick William Herschel entdeckt d'Balkespiralgalaxie NGC 45.
Sport
[änneren | Quelltext änneren]- 1924: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt zu Paräis géint Frankräich 3:3. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de François Langers, Albert Massard a Robert Elter geschoss[1]
- 1956: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt zu Esch-Uelzecht 4:1 géint Schwäiz. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn den Henri Cirelli, Léon Letsch, François Konter a Johny Halsdorf (2) geschoss.[2]
- 1958: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Jambes 2:3 géint Belsch. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn den Albert Schaack an ee belsche Spiller (Selbstgol) geschoss.[3]
- 1959: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Dijon, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Olympesch Summerspiller 1960, 0:1 géint Frankräich.[4]
- 1962: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 2:6 géint Holland. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn den Erny Brenner a Jean Hemmerling geschoss.[5]
- 1987: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Bréissel, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1988, 0:3 géint Belsch.[6]
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]-
Fjodor Dostojewski
-
George S. Patton
-
Hans Magnus Enzensberger
-
Demi Moore
-
Leonardo DiCaprio
-
Guillaume
- 1491: Martin Bucer, elsässeschen Theolog a Reformator.
- 1642: André-Charles Boulle, franséische Konschtschräiner.
- 1811: Samson Godchaux, lëtzebuergeschen Industriellen.
- 1821: Fjodor Michailowitsch Dostojewski, russesche Schrëftsteller.
- 1845: Nicolas Neuens, lëtzebuergesche Paschtouer an Naturheeler.
- 1854: Léon Namur, lëtzebuergeschen Apdikter.
- 1875: Vesto Melvin Slipher, US-amerikaneschen Astronom.
- 1885: George Smith Patton, US-amerikanesche Generol.
- 1893: Paul van Zeeland, belschen Diplomat a Politiker.
- 1895: Venant Paucké, lëtzebuergesche Sänger an Dirigent.
- 1898: René Clair, franséische Filmregisseur a Schrëftsteller.
- 1906: Georges Combret, franséische Filmregisseur, Dréibuchauteur a Filmproduzent.
- 1908: Martin Held, däitschen Theater- a Filmschauspiller.
- 1910: Carl Alvar Wirtanen, US-amerikaneschen Astronom.
- 1914. James G. Baker, US-amerikaneschen Entwéckler vu Satellittekameraen an aner optesch Systemer fir d'Loft- a Raumfaart.
- 1917: Marcel Jander, lëtzebuergesche Schauspiller a Sänger.
- 1917: Léon Loschetter, lëtzebuergeschen Architekt.
- 1918: Hervé Bromberger, franséische Filmregisseur.
- 1920: Roy Harris Jenkins, brittesche Politiker.
- 1922: Kurt Vonnegut, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 1925: Jonathan Winters, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1926: Noah Gordon, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 1928: Carlos Fuentes, mexikanesche Schrëftsteller.
- 1929: Hans Magnus Enzensberger, däitschen Dichter, Schrëftsteller a Redakter.
- 1934: Nadine Trintignant, franséisch Schauspillerin.
- 1935: Bibi Andersson, schweedesch Schauspillerin.
- 1940: Louis Pilot, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1944: Norbert Quintus, lëtzebuergesche Geschichtsprofesser, Historiker an Auteur.
- 1945: Daniel Ortega, nicaraguanesche Politiker a Staatspresident.
- 1947: Pierre Boutron, franséische Schauspiller, Dréibuchauteur, Theater- a Filmregisseur.
- 1948: Vincent Schiavelli, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1950: Nico Demuth, lëtzebuergeschen Autoscoureur.
- 1952: Kama Sywor Kamanda, Schrëftsteller aus der Demokratescher Republik Kongo.
- 1957: Albert Nerini, lëtzebuergesche Schlagersänger.
- 1958: Bernd Pfarr, däitsche Moler a Karikaturist.
- 1962: Demi Moore, US-amerikanesch Filmschauspillerin a -produzentin.
- 1974: Leonardo DiCaprio, US-amerikanesche Filmschauspiller.
- 1978: Ludmilla Radchenko, russesche Model, Moudendesignerin a Schauspillerin.
- 1981: Prënz Guillaume, zanter 1999 Ierfgroussherzog vu Lëtzebuerg.
- 1983: Philipp Lahm, däitsche Foussballspiller.
Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- 1319: Beatrix vu Lëtzebuerg, Duechter vum Heinrich VII.
- 1855: Søren Kierkegaard, dänesche Philosoph, Theolog a Schrëftsteller.
- 1883: Léon Lippmann, lëtzebuergeschen Eisebunnsmanager a Banquier.
- 1901: Emile Schlesser, lëtzebuergesche Magistrat a Member vum Staatsrot.
- 1951: Jean Feltes, lëtzebuergesche Philolog a Linguist.
- 1967: François Baclesse, Dokter a Kriibsfuerscher.
- 1979: Alphonse Schiltges, lëtzebuergeschen Ingenieur a Politiker.
- 1988: Carlo Hemmer, lëtzebuergeschen Ekonom, Editeur an Auteur.
- 2004: Jassir Arafat, palestinensesche Politiker a Staatsmann.
- 2004: Richard Dembo, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 2004: Jacques Dynam, franséische Schauspiller.
- 2006: Anicée Alvina, franséisch-iranesch Schauspillerin.
- 2008: Alessandro Maggiolini, italieenesche Geeschtlechen a Bëschof.
- 2010: Simone Valère, franséisch Schauspillerin.
- 2011: Georges Papy, belsche Mathematiker.
- 2014: Victor Kalmes, lëtzebuergesche Schoulmeeschter, Zwangsrekrutéierten an Historiker.
- 2016: Ilse Aichinger, éisträichesch Schrëftstellerin.
- 2016: Robert Vaughn, US-amerikanesche Schauspiller.
- 2021: Frederik Willem de Klerk, südafrikanesche Politiker.
Feierdeeg
[änneren | Quelltext änneren]- Nationalen Onofhängegkeetsdag a Polen
- Nationalfeierdag an Angola
- Mäertesdag
- (an Däitschland, am Geck:) Ufank vun der Fueszäit
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 11. November – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Frankräich-Lëtzebuerg den 11. November 1924 op der Websäit European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Schwäiz den 11. November 1956 op der Websäit European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg den 11. November 1958 op der Websäit European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Frankräich-Lëtzebuerg den 11. November 1959 op der Websäit European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch vum 11. November 1962 op der Websäit European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg den 11. November 1987 op der Websäit European Football