(7) Iris
Eegenschafte vum Orbit | |
---|---|
Orbittyp | Haaptceintureasteroid |
Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
Grouss Hallefachs | 2,386 A.E. |
Exzentrizitéit | 0,2305 |
Sideresch Ëmlafzäit | 3 a 250 d |
Mëttel Bunnvitess | 19,0 km/s |
Inklinatioun | 5,52 Grad |
Physikalesch Eegenschaften | |
Duerchmiesser | 209 km |
Mass | 1,25 • 1019 |
Mëttel Dicht | ≈ 1,8 g/cm3 |
Rotatiounsperiod | 7,1 h |
Albedo | 0,28 |
Absolut Hellegkeet | 5,5 |
Spektralklass | S-Typ |
Entdeckung | |
Entdecker | John R. Hind |
Entdeckungsdatum | 13. August 1847 |
Plaz | Driesen |
Den (7) Iris ass en Asteroid vun der Haaptceinture. Hie gouf den 13. August 1847 vum John Russell Hind als siwenten Asteroid entdeckt.
Den Himmelskierper gouf no der Iris, enger Gëtterbotin aus der griichescher Mythologie genannt.
Den Iris beweegt sech op enger Distanz vun 1,8 (Perihel) bis 2,9 (Aphel) astronomeschen Eenheeten, an 3,7 Joer op enger exzentrescher Bunn ëm d'Sonn. D'Bunn ass 5,5° géint d'Ekliptik gebéit an d'Bunnexzentrizitéit ass 0,23.
Mat engem Duerchmiesser vun 209 km ass den Iris ee vun de gréissten Asteroide vun der Haaptceinture. Seng Rotatiounsperiod ass 7,1 Stonnen.
Den Iris huet eng relativ hell silikaträich Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,28. Wärend der Oppositioun erreecht en eng Hellegkeet vun 8,1 mag an ass domat ee vun den hellsten Asteroiden um Nuetshimmel. Fir dësen Asteroid ze gesi brauch een allerdéngs en Teleskop oder eng liichtstaark Spektiv.