Op den Inhalt sprangen

Nationalstrooss 12

Vu Wikipedia
D'Versioun fir erauszedrécke gëtt net méi ënnerstëtzt a ka Feeler an der Duerstellung hunn. Aktualiséiert wgl. d'Lieszeechen an Ärem Browser a benotzt d'Standard Funktioun fir ze drécken an Ärem Browser.
Nationalstrooss 12
D'N12 an der Hierheck
Lëtzebuerg - Wämperhaart
Land Lëtzebuerg
Gestioun Administration des ponts et chaussées
Ufank Lëtzebuerg,
Nationalstrooss 6
Koordinaten 49°36'49,25"N, 6°7'2,53"O
Enn Wemperhaart,
Nationalstrooss 7
Koordinaten 50°9'21,60"N, 6°3'6,26"O
Duerch Lëtzebuerg, Koplescht, Kielen, Helperknapp, Sëll, Useldeng, Réiden op der Atert, Préizerdaul, Groussbus-Wal, Esch-Sauer, Stauséigemeng, Géisdref, Wolz, Wanseler, Wëntger, Ëlwen
Längt 87 km
Informatiounen a Websäiten
P & Ch Beschreiwung vum Stroossennetz
Fandom Nationalstrooss 12
Laf an Uschlëss
Lëtzebuerg N 6 Areler Strooss
CR 217 Av. de la Faïencerie
CR 230 Reckendall
N 55 Siwebueren
Briddel CR 181
Koplescht Mamer
CR 101
CR 103
Katrewang CR 102
Dondel Uesbech
CR 105B
Buer CR 105
Äisch
CR 105
Tënten CR 112
Sëll N 8
N 8
CR 301
Schweebecher Bréck Schweebech
Rippweiler Barrière N 24
Räichel CR 301
Atert
N 22
N 23
Routbaach N 22
N 22A
Routbaach
Biebereg CR 116
Proz CR 116
Schankegriecht
Groussbus CR 307
CR 306
CR 306
Waark
N 21
Léierhaff CR 345
Weierhaff Turelbaach
Hierheck CR 308
CR 308
Eschduerf CR 314
Heesbech
Heischtergronn N 15
Sauer
N 27
N 27
Dirbaach
Bidscht N 15
Schlirbech
Wolz CR 321
CR 318
N 26
N 25
N 26A
CR 329A
CR 329
CR 319B
Wolz
Ierpeldeng CR 325
Himmelbaach
Déierbech CR 328
CR 329B
CR 309
CR 309 CR 329
Féitsch N 20
Heesdref Kréindler Wee, Béiger Wee
Wëntger CR 332
Antoniushaff N 18 CR 362
Stackem CR 373
Leeresmillen Trëtterbaach
Éimeschbaach CR 333B
Aasselbuer CR 334
Maison Legay CR 333
Ëlwen CR 374
Wolz
CFL-Linn 1
CR 337
CR 337
Wilwerdang CR 336
CR 336
Wemperhaart N 7 N 62

D'Nationalstrooss 12 oder N12 ass eng vun de längsten Nationalstroossen zu Lëtzebuerg a geet duerch d'Kantone Lëtzebuerg, Capellen, Réiden, Wolz a Klierf. Nieft der N7 ass et eng alternativ Nationalstrooss déi vun der Stad aus op d'Wemperhaart féiert.

D'N12 ass mat 68 km déi drëttlängst Nationalstrooss am Land.

Laf

Si huet hiren Ufank op der N6 an der Stad Lëtzebuerg, vis-à-vis vum Square de New York, a féiert vun do aus duerch de Rollengergronn iwwer de Briddel an duerch Koplescht. Hanner Koplescht bis op de Katrewang bei Kielen besteet d'N12 aus enger Allee, där hir Beem wéinst dem impressionnanten Ubléck zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg zielen.

Se geet da weider iwwer Dondel, Buer an Tënten bis op Sëll, wou se d'N8 kräizt.

Viru geet et da laanscht Schweebech a Rippweiler, wou d'N12 d'N24 kräizt. An der nächster Uertschaft Räichel kräizt se sech mat der N22 an der N23. Duerno geet hire Verlaf duerch de Préizerdaul bis op Groussbus, wou se sech mat der N21 kräizt.

E puer Kilometer hanner Eschduerf kräizt se sech mat der N15. Weider geet hiren Tracé duerch den Heischtergronn iwwer d'Sauer a kräizt kuerz drop d'N27.

D'N12 geet weider nërdlech duerch Bidscht bis op Wolz, wou se sech mat der N25 an N26 kräizt. Se geet dann duerch Déierbech virun a kräizt sech, e puer Kilometer hannendrun, mat der N20.

Da geet se weider duerch Heesdref a Wëntger a kräizt sech kuerz hanner dem Antoniushaff mat der N18. Weider geet et duerch Aasselbuer, Ëlwen a Wilwerdang bis op d'Wemperhaart, wou se an engem Rond-point Uschloss un d'N7 huet. Vun der Wemperhaart aus kënnt een dann iwwer déi belsch N62 déi do en Deel vun der E421 ass, weider op Sankt Vith.

D'Gesamtlängt vun der N12 ass zirka 87 km.

Gemeinsam Streck mat aneren Nationalstroossen

  • Op ronn 500 m. leeft d'N22 zu Räichel iwwer d'Streck vun der N12;
  • vum Heischtergronn bis op Bidscht – op ca. 5,6 km – leeft d'N15 parallel iwwer d'N12;
  • d'N27 déi vun der Toodlermillen kënnt an am Heischtergronn op d'N12 stéisst, leeft och ronn 500 m. iwwer d'N12, ier se an den Tunnel fir op Esch-Sauer ofbéit.

Entwécklung vun der N12

An den 1970er Jore sinn eng Rei Kéieren tëscht Eschduerf a Bidscht an och nërdlech vun Ëlwen ugepasst ginn. Ronn zéng Joer duerno ass d'N12 zu Ëlwen iwwer déi nei Eisebunnsbréck geluecht ginn an d'Kéiere bei der Maison Legay goufen ugepasst.

An den 90er Jore sinn dunn och nach e puer Kéieren tëscht Ierpeldeng an der Déierbech reamenagéiert ginn.

Mat der Ëmklasséierung vun Deeler vum staatleche Stroossereseau koum et 1995 zu enger Rei Ännerunge wat d'N12 ugeet[1]:

  • e fréieren Tronçon am Ausgang vun Ëlwen gouf als Gemengestrooss deklasséiert;
  • d'Place des Martyrs nieft der N12 zu Wolz ass an d'Kompetenz vun der Stad Wolz gefall.

2021 oder duerno

Nodeems d'Tramsstatioun op der Stäreplaz gebaut gouf, sinn déi 230 éischt Meteren net méi fir den Duerchgangsverkéier op an deen Deel vun der N12 (Rue de Rollingergrund) soll deemno als Gemengestrooss deklasséiert ginn, iwwerdeems d'Verbindung vun der N6 erfort bis bei d'N12 (87 m.) derbäi geschloe gëtt[2].

Och zu Wolz sinn Upassunge geplangt[2]:

  • am ganze 610 m. vun dräi Stroossen (Grand-Rue, Rue du Château a Rue du 31 aout 1942) sollen de Statut vun der Nationalstrooss verléieren;
  • d'Rue Michel Thilges gëtt vun der N26A an N12 ëmgenannt;
  • d'Rue Grande-Duchesse (haut N26) kënnt bei d'N12 derbäi;
  • en aneren Deel vun der Rue du 31 aout 1942 fält vun der N12 un d'N25.

Biller

D'N12 an N15 (orange) ronderëm dem Heischtergronn op der 1:20 000 Topokaart vun 1964.

Um Spaweck

Commons: Route nationale 12 (Luxembourg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. Loi du 22 décembre 1995 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'Etat d'une série de chemins vicinaux. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 16.01.2021.
  2. 2,0 2,1 (fr)Projet de loi 7423 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'Etat d'une série de chemins vicinaux et portant modification de l'article 6bis de la loi modifiée du 16 août 1967 ayant pour objet la création d'une grande voirie de communication et d'un fonds des routes. chd.lu (19.03.2019). Gekuckt de(n) 06.01.2021.