Weltbank
De Grupp vun der Weltbank ass eng spezialiséiert Ënnerorganisatioun vun de Vereente Natiounen. D'Weltbank an den Internationale Wärungsfong (FMI) goufen 1944 opgrond vun de Beschlëss vun der Konferenz vu Bretton Woods, gegrënnt. Hire Sëtz, grad wéi dee vun der Schwësterorganisatioun, dem Internationale Wärungsfong, ass zu Washington D.C.. Si beschäftegt 9 300 Persounen. De Grupp vun der Weltbank hat ursprénglech den Zweck, d'Reconstructioun nom Zweete Weltkrich an den zerstéierte Länner ze finanzéieren.Hien ëmfaasst fënnef Organisatiounen, déi hir eege Rechtdsperséinlechkeet hunn:
- International Bank fir d'Rekonstruktioun an d'Entwécklung (International Bank for Reconstruction and Development – IBRD)
- International Entwécklungsassociatioun (International Development Association – IDA)
- International Finanz-Korporatioun (International Finance Corporation – IFC)
- Multilateral Investitiouns-Garantie-Agentur (Multilateral Investment Guarantee Agency – MIGA)
- Internationalen Zenter fir d'Bäileeë vun Investitiounsstreidereien (International Center for the Settlement of Investment Disputes – ICSID)
De Weltbankgrupp ass verwaltungsméisseg verflecht an huet zesummen ee President.
De Begrëff "Weltbank" (am Géigesaz zur "Weltbankgrupp") ëmfaasst nëmmen déi zwou éischt vun de fënnef méi héich opgeféierten Organisatiounen.
Organer
[änneren | Quelltext änneren]- Rot vun de Gouverneuren. All Land bezeechent e Gouverneur an e Vizegouverneur, déi all Joer un der Joresversammlung vum FMI deelhuelen. De Rot vun de Gouverneuren hëlt Entscheedungen a grondsätzleche Froen.
- Exekutivdirectoire, dee verantwortlech ass fir d'Ofwécklung vum deegleche Geschäft.
Generaldirekter an Exekutivdirekteren
[änneren | Quelltext änneren]- De Grupp vun der Weltbank gëtt vun engem Generaldirekter (Managing Director), deen och den Exekutivdirektorium presidéiert, geleet. Wéinst enger Ofmachung tëscht den USA a verschiddene westeuropäesche Länner ass de Generaldirekter vun der Weltbank ëmmer en Amerikaner, wärend dee vum Fonds monétaire international, en Europäer ass.
- D'Generaldirektere vum FMI gëscht an haut:
Amtszäit | Numm |
---|---|
Juni - Dezember 1946 | Eugene Meyer |
Mäerz 1947 - Juni 1949 | John Jay McCloy |
Juli 1949 - Dezember 1962 | Eugene R. Black |
Januar 1963 - März 1968 | George D. Woods |
Abrëll 1968 - Juni 1981 | Robert S. McNamara |
Juli 1981 - Juni 1986 | Alden W. Clausen |
Juli 1986 - August 1991 | Barber B. Conable |
September 1991 - Mee 1995 | Lewis T. Preston |
Juni 1995 - Mee 2005 | James D. Wolfensohn |
Juni 2005 bis Juni 2007 | Paul Wolfowitz |
Juli 2007 bis Juni 2012 | Robert Zoellick |
Juni 2012 bis Februar 2019 | Jim Yong Kim |
Zanter Abrëll 2019 | David Malpass |
- Den Exekutivdirektorioum setzt sech aus dem Generaldirekter an 24 Exekutivdirekteren, déi vun de Memberlänner gewielt ginn, zesummen Nëmmen déi grouss Länner, wéi China, Däitschland, Groussbritannien, Frankräich a Russland verfügen iwwer genuch Stëmme fir hiren eegenen Exekutivdirekter ze bestëmmen. Déi aner Länner musse sech a sougegannten constituencies (Gruppen) zesummeschléissen a fir opgrond vun internen Ofmachungen dann e Vertrieder an den Exekutivdirektorium kënnen ze schécken.
Zil an Aufgaben
[änneren | Quelltext änneren]D'Vertriedung vu Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- Gouverneur fir Lëtzebuerg bei der Weltbank ass de Finanzminister Gilles Roth; säi Stellvertrieder ass den Arsène Jacoby.
- Lëtzebuerg gehéiert zu engem Lännergrupp (constituency), deem:
- Éisträich
- Wäissrussland (Belarus)
- d'Belsch
- Tschechien
- Kasachstan
- Lëtzebuerg
- d'Slowakei
- Slowenien
- Tierkei an
- Ungarn ugehéieren
- an deen duerch den Exekutivdirekter Gino Alzetta (Belsch) a säi Stellvertrieder Melih Nemli (Tierkei) am Exekutivdirektorium vum FMI vertrueden ass.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Internationale Wärungsfong (IMF oder FMI)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: World Bank headquarters – Biller, Videoen oder Audiodateien |