Op den Inhalt sprangen

Léon Thurm

Vu Wikipedia
Léon Thurm
Gebuer 13. Dezember 1901
Houschent
Gestuerwen 31. Mäerz 1967
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Lokalpolitiker, Resistenzler

De Léon Thurm, gebuer den 13. Dezember 1901 zu Houschent, a gestuerwen den 31. Mäerz 1967 zu Esch-Uelzecht, war e lëtzebuergesche Resistenzler a Lokalpolitiker.[1]

De Léon Thurm huet bei der Arbed geschafft.

An der Zäit vun der däitscher Besatzung am Zweete Weltkrich huet hie sech der Resistenzgrupp Alweraje ugeschloss.[2] De 5. August 1942 gouf hie bei enger Razzia vun der Gestapo verhaft, a koum an d'Konzentratiounslagere vun Hinzert, Natzweiler an Dachau, wou end en 29. Abrëll 1945 befreit gouf.

Nom Krich huet hien op der Lëscht vun der Kommunistescher Partei Lëtzebuerg bei de Gemengewale kandidéiert. Hie war vum 18. Februar 1946 bis den 11. Mäerz Member vum Schäfferot, an dono bis den 31. Dezember 1957 Member vum Gemengerot.

Nom Ungaresche Volleksopstand, am Oktober 1956, ass hien aus der KPL ausgetrueden, a gouf Member vun der LSAP.

Fir un hien z'erënneren, huet den Escher Gemengerot de 14. Abrëll 1975 decidéiert, en Deel vun der Léon-Kinsch-Strooss am Quartier Lankelz no him ëmzenennen.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: Willy Allamano, Gérard Bernardini: Esch-sur-Alzette et ses rues. Esch an der Alzette und seine Straßen. 'De l'histoire à chaque pas. Geschichte auf jedem Schritt.'. Esch-sur-Alzette, 2013. ISBN 978-2-87964-136-2, S.226.
  2. Marc Kayser, Marc Limpach: "Albert Wingert und die ALWERAJE. Luxemburger Resistenz und demokratischer Antifaschismus. Anmerkungen zu Henri Wehenkels Rezension des Buches „Wir glauben an die Demokratie - Albert Wingert, Resistenzler“." In: forum Nr 244, Mäerz 2005, S.47-51.