Op den Inhalt sprangen

Jean Igel

Vu Wikipedia

De Jean Igel oder Jengy Igel, gebuer den 13. Februar 1919 zu Hueschtert, a gestuerwen den 11. Februar 1998 zu Rammeldang, war e lëtzebuergesche Vëlossportler.
Hien ass fir de Velo-Sport Dummeldeng gefuer an huet als ee vun de beschte Sprinter zu Lëtzebuerg gezielt. Ee vu sengen technesche Beroder, deen him eng grouss d'Zukunft virausgesot hat, war den Nicolas Frantz. Leider huet den Zweete Weltkrich eng Brems a senger sportlecher an enger méiglecher Profiscarrière bedeit. Hien huet Lëtzebuerg tëscht 1946 a 1950 véiermol bei de Cyclo-Cross Weltmeeschterschafte vertrueden.

  • 1. bei den Nationale Wantermeeschterschaften
  • 1. bei Rund um Luxemburg
  • 17. op der Weltmeeschterschaft am Cyclo-Cross