Charles-Mathieu-Pad
Ausgesinn
D'Buerg vu Veianen | |
Iwwersiicht vum Pad | |
vu(n) | Esch-Sauer |
---|---|
op | Veianen |
Längt | 45,85 km |
déifste Punkt | Veianen |
héchste Punkt | Groesteen |
Land | Lëtzebuerg |
féiert duerch |
Esch-Sauer, Stauséigemeng, Géisdref, Wolz, Kiischpelt, Parc Housen, Buerschent, Pëtschent, Tandel, Veianen |
De Charles-Mathieu-Pad, offiziell sentier pédestre national Charles-Mathieu, ass ee vun den nationale Wanderweeër zu Lëtzebuerg. En gouf nom Charles Mathieu (1863-1933), dem fréieren Deputéierten a Buergermeeschter vun der Stad Wolz genannt.
Streck
[änneren | Quelltext änneren]De Pad ass 45,85 km laang a féiert vun Esch-Sauer op Veianen. Den déifste Punkt (203 m) ass zu Veianen an den héchsten (516 m) um Groesteen[1].
E féiert laanscht oder duerch follgend Uertschaften: Esch-Sauer, Bidscht, Rulljen, Wolz, Wegdichen, Mäerkels, Kautebaach, Houschent, Grooljen, Nuechtmanescht, Niklosbierg, Veianen. Informatiounspanneaue gëtt et zu Esch-Sauer, Mäerkels, Houschent a Veianen.
Bemierkungen
[änneren | Quelltext änneren]Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Bidscht
-
Wolz
-
tëscht Wolz a Mäerkels
-
Nuechtmanescht
-
Niklosbierg
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Charles-Mathieu-Pad – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- De Charles-Mathieu-Pad op der Websäit vum ORT Éislek
- Depliant (de)/(en) vum Charles-Mathieu-Pad
- Iwwesiichtskaart op geoportail.lu