Op den Inhalt sprangen

(136199) Eris

Vu Wikipedia
(136199) Eris
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp transneptunesche Zwergplanéit
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 68 A.E.
Exzentrizitéit 0,44
Sideresch Ëmlafzäit ~560 Joer
Mëttel Bunnvitess 3,6 km/s
Inklinatioun ~44 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Mass (1,66 ± 0,02)  1022
Mëttel Dicht ~2,3 g/cm3
Albedo 0,85 ± 0,07
Absolut Hellegkeet 18,8M
Entdeckung
Entdecker Michael E. Brown, Chad Trujillo, David Lincoln Rabinowitz
Entdeckungsdatum 5. Januar 2005 (op Biller vum Oktober 2003)
Plaz Palomar-Observatoire

Den (136199) Eris (Symbol: ⯰)[1] ass de masseräichste bekannten Zwergplanéit aus eisem Sonnesystem. Den Eris zielt zu de Plutoiden, enger Ënnerklass vun Zwergplanéiten, déi déi Säit vun der Neptunbunn eis Sonn ëmkreesen.

Den Zwergplanéit ass nom Eris genannt, der griichescher Gëttin vun der Oneenegkeet an dem Sträit. No senger Entdeckung, den 29. Juli 2005, hat d'NASA a vill Medien dësen Objet vun der Kuiperceinture mat engem änlech groussen Duerchmiesser bezeechent, wéi de Pluto ufanks als „zéngte Planéit“. D'International Astronomesch Unioun (IAU) huet awer de 24. August 2006 eng nei Planéitendefinitioun gemaach, no där den Eris, wéi och de Pluto, als Zwergplanéit klassifizéiert ginn ass. Den Objet krut am September 2006 als Klengplanéit d'Nummer 136199.

Den Eris beweegt sech op enger staark exzentrescher géigeniwwer der Ekliptik gebéiter Bunn ëm d'Sonn, vun där si am Ament zirka 98 AE (15 Milliarde Kilometer) ewech ass. Wéinst hirer groussen Exzentrizitéit zielt ee si zu de sougenannte gestreete Kuiperceinture-Objeten. Eng aner Bezeechnung ass Scattered disk object (SDO).

Animatioun vun dräi iwwer en Zäitraum vun dräi Stonnen opgehollene Biller, op deenen den Eris (am Bild lénks, eppes iwwer der Mëtt) entdeckt gouf.

Den Eris gouf vum Mike Brown (CalTech), Chad Trujillo (Gemini-Observatoire) a vum David Rabinowitz (Yale-Universitéit) entdeckt. Deene selwechten Astronome war schonn d'Entdeckung vun de groussen Transneptune Quaoar, Sedna an Orcus gelongen. Den Eris gouf op CCD-Fotoe vum 1,2-Meter-Schmidt-Teleskop um Palomar-Observatoire den 21. Oktober 2003 fonnt. Well den Eris sech lues beweegt, gouf hie bei der éischter Veraarbechtung vun de Biller iwwersinn. Eréischt bei enger neien Auswäertung vun de Fotoen huet een den Objet de 5. Januar 2005 an der Kuiperceinture fonnt. Op ale Fotoe konnte bis zeréck op den 3. September 1954, d'Bunndate verfollegt ginn.

No der Entdeckung krut den Eris vun der IAU déi provisoresch Bezeichnung 2003 UB313. Si follegt den normale Reegele fir d'Benennung vun Asteroiden an dréckt kodéiert aus, datt den Eris als 7827. gefonnten Objet an der zweeter Oktoberhallschent (U) vum Joer 2003 entdeckt gouf. D'Aarbechtsgrupp vun den Entdecker hat den Eris ufanks intern an inoffiziell „Xena“ a säi Mound „Gabrielle“, genannt.

Am September 2006 krut den 2003 UB313 dunn d'Klengplanéitennummer 136199[2]. Zanter dem 13. September 2006 huet den 2003 UB313 elo den Numm Eris, a säi Mound den Numm Dysnomia[3].

Fir d'Gréisst vun engem Objet aus der visueller Magnitude ze bestëmmen, déi bei Eris ongeféier 18,7m ass, musse souwuel seng Distanz wéi och seng Albedo bekannt sinn. Da léisst sech seng Gréisst berechnen; eng méi kleng Albedo féiert bei gläicher visueller Hellegkeet zu engem gréissere Wäert vum Duerchmiesser.

Och bei enger héchstméiglecher Albedo vun 1, also wa si sämtlecht Liicht reflektéiere géif, wier den Eris no de Berechnunge vum Brown nach op d'mannst geneesou grouss wéi de Pluto. Well den Eris net vum Spitzer-Weltraumteleskop fonnt gouf, hat et an éischte Meldunge geheescht, den Duerchmiesser misst ënner 3200 Kilometer leien. An der Tëschenzäit huet et sech erausgestallt, datt d'Teleskop duerch e Feeler net op den Objet ausgeriicht war. Déi ugekënnegt Observatioune sinn Enn August 2005 mam Spitzer-Weltraumteleskop duerchgefouert ginn. D'Moossdonnéeë goufen uschéissend analyséiert.

Déi éischt zouverléisseg Mooss vun der Gréisst war Ufank 2005 Radioastronome vum Max-Planck-Institut fir Radioastronomie zu Bonn gelongen. Mat Hëllef vum IRAM-Radioteleskop um Pico del Veleta a Südspuenie gouf d'Wäermstralung vum Eris gemooss. A Kombinatioun mat opteschen Observatioune gouf d'Albedo op 0,60 ± 0,11 an doraus den Duerchmiesser op 3000 ± 320 Kilometer agegrenzt.

D'Entdeckerteam krut och Observatiounszäit um Hubble-Weltraumteleskop. Et ass dem Brown-Team mat spezielle Bildveraarbechtungstechniken (Dekonvolutioun) gelongen d'Gréisst vum Eris op 2400 ± 100 Kilometer ze bestëmmen. Den Eris ass also méi kleng, wéi fréier Miessungen et notéiert haten, also grad sou grouss wéi de Pluto. Hei gouf d'Albedo vum Eris op 0,85 ± 0,07 bestëmmt[4].

De 5. November 2010 konnt d'Gréisst vum Eris du bei engem Transit virun engem Stär sou genee wéi nach ni bestëmmt ginn. Den Eris huet deemno en Duerchmiesser vun 2326 ± 12 Kilometer, also eppes méi wéi de Pluto, an huet eng Kugelgestalt[5],[6].

Mound Dysnomia

[änneren | Quelltext änneren]

Den Eris huet e Mound mam Numm Dysnomia, deen den 10. September 2005 vum selwechten Team entdeckt gouf wéi den Eris. Well de Mound ongeféier de 500. Deel vun der Erisliichtkraaft huet, däerft den Duerchmiesser ongeféier bei 100 Kilometer leien. Wann d'Albedo vum Dysnomia vill méi kleng wier wéi déi vum Eris, kéint den Duerchmiesser och bis zu 250 Kilometer grouss sinn. Den Dysnomia brauch fir en Ëmlaf ronderëm den Zwergplanéit knapps 16 Deeg, bei enger Distanz vu ronn 37.000 Kilometer[7].

Ëmlafbunn vum Eris, vertikal zu der Neptunbunn gekuckt.

E Sonnenëmlaf dauert ongeféier 560 Joer. D'Bunn ass, héichgradeg exzentresch (Exzentrizitéit 0,44). De Perihel vun der Bunn läit bei 38 AE. Dobäi kann den Eris zäitweileg der Sonn méi no komme wéi de Pluto, deem säin Aphel bei 49 AE läit. Am Ament ass den Eris nom Aphel vu senger Bunn, ongeféier 98 AE vun der Sonn ewech. Dat entsprécht enger Distanz vu ronn 13,5 Liichtstonnen.

Opfälleg ass, datt d'Bunn vum Eris ëm 44° géigeniwwer der Ekliptik gebéit ass, wat fir e Kierper vun dëser Gréisst ongewéinlech ass. Méiglecherweis gouf den Eris duerch de gravitativen Afluss vum Neptun an dës Bunn gelenkt.

Verglach vun de Spektre vun Eris (rout) a Pluto (schwaarz). D'Feiler weisen op Absorptiounsbande vu Methan hin.

Verschidde Quelle schwätze vun enger Zesummesetzung vun ongeféier 70 Prozent Gestengs an 30 Prozent gefruerenem Waasser. Soulaang awer Mass an Duerchmiesser net genee bekannt sinn, musse sou Angaben zwar skeptesch gesi ginn. Spektroskopesch Observatioune um Gemini-Observatoire op Hawaii weisen ausserdeem op gefruerene Methan op der Uewerfläch vum Eris hin. Si géif domat dem Pluto ähnelen. Domat weist den Eris méi Änlechkeet mam Pluto a sengem Mound Charon op, wéi mat anere KBOs. Well de Methan héichgradeg flüchteg ass, kann den Objet a senger Vergaangenheet kaum weider an de bannenzege Sonnesystem virgedronge sinn. De Methan wier soss subliméiert an hätt sech verflüchtegt. Weiderhi konnt op der Uewerfläch gefruerene Stéckstoff nogewise ginn, woubäi sech hir Konzentratioun no Ënnersich mat dem „Multiple Mirror Telescope“ op dem Mount Hopkins an Arizona tëscht 2005 an 2007 signifikant verännert hat[8].

Den Eris ass grouss genuch, fir änlech wéi de Pluto eng ganz dënn Atmosphär aus Stéckstoff, Methan oder Kuelemonoxid ze halen. Dës géife periodesch mat vergréissertem Sonnenofstand an domat dem Ofsenke vun der Uewerflächentemperatur op der Uewerfläch resubliméieren, beim erneiten Uklamme vun der Temperatur dann nees subliméieren an nees eng Atmosphär maachen. Well den Eris sech am Ament ganz no bei hirem Aphel ophält, kann elo keng Atmosphär do sinn.

Et schätzt een d'Uewerflächentemperatur vum Eris op 30 K (ongeféier −242 °C).

Portal Astronomie

Commons: Eris – Biller, Videoen oder Audiodateien

Pressmatdeelungen

[änneren | Quelltext änneren]

Mediëberichter

[änneren | Quelltext änneren]

Weider Informatiounen

[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. JPL/NASA, What is a Dwarf Planet? (2015-04-22). Gekuckt de(n) 2022-01-19.
  2. Discovery Circumstances: Numbered Minor Planets (135001)–(136563)
  3. Central Bureau for Astronomical Telegrams Circular No. 8747 (PDF; 92 kB)
  4. Direct Measurement of the size of 2003 UB313 from the Hubble Space Telescope (pdf; 217 kB)
  5. Eris: Pluto doch der größte Zwergplanet?
  6. http://www.nature.com/nature/journal/v478/n7370/full/nature10550.html
  7. The moon of the 10th planet, Mike Brown, California Institute of Technology.
  8. Rainer Kayser: Rätselhafte Vorgänge auf Eris, Meldung vom 11. November 2008 bei Wissenschaft aktuell. (online)