De Bernard Maris, gebuer den 23. September 1946 zu Toulouse, a gestuerwen de 7. Januar 2015 zu Paräis,[1] war e franséischen Ekonomist, Journalist, Auteur a Professer um Institut d'Études Politiques vun Toulouse, duerno um Institut d'études européennes vun der Université Paris VIII.

Bernard Maris
Gebuertsnumm Bernard Henri Maris
Pseudonym Oncle Bernard
Gebuer 23. September 1946
Toulouse
Gestuerwen 7. Januar 2015
11. Arrondissement
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Universitéit Toulouse I
Aktivitéit Ekonomist, Journalist, Schrëftsteller, Universitéitsprofesser, Dozent
Member vun Fräimaurerei

Hien hat och eng Gaaschtprofessur op der Universitéit vun Iowa an huet Coursen op der Zentralbank vu Peru ginn. 2011 gouf e Member vum Conseil général vun der Banque de France.

Hien huet fir d'Zäitschrëfte Marianne, Le Nouvel Observateur, Le Figaro Magazine, Le Monde a fir Charlie Hebdo (ënner dem Pseudonym Oncle Bernard) geschriwwen. Hie war Sociétaire vum Charlie Hebdo an ee vun deenen, déi en 1992 nees nei erausbruecht hunn.

Op France Inter hat hien eng Wirtschaftschronik, a bis 2009 hat hien och op I-Télé an op France 5 an Emissiounen iwwer ekonomesch Theeme matgemaach.

Ausserdeem ass hien Auteur vun enger gudder Dose Bicher iwwer d'Ekonomie an huet 3 Romaner an zwéin Essaye geschriwwen.

De Maris gouf de 7. Januar 2015 bei der Attack op d'Redaktioun vu Charlie Hebdo, zesumme mat 11 anere Leit, ermuert.[2]

Publikatiounen

änneren
  • Communications aux premières journées d'économie sociale. Université des sciences sociales, Toulouse 1979,ISSN 0154-6619.
  • Éléments des politique économique: L'Expérience française 1945 á 1984. 1985.
  • Des économistes-au-dessus de tout supçon ou la grande mascarade des prédictions. 1990.
  • Les Sept Péchés capitaux des universitaires. Albin Michel, Paris 1991, ISBN 2-226-05275-5.
  • Jacques Delors, artiste et martyr. Albin Michel, Paris 1993. ISBN 2-226-15393-4.
  • Parlant pognon mon petit. 1994.
  • mam Philippe Labarde: Ah dieu! Que la guerre économique est jolie! Albin Michel, Paris 1998, ISBN 2-226-09574-8.
  • Keynes ou l'économiste citoyen. 1999.
  • Lettre ouverte aux gourous de l'économie qui nous prennent pour des imbéciles. Le Grand livre du mois, Paris 1999, ISBN 2-7028-3348-9.
  • mam Philippe Labarde: La Bourse ou la vie - La grande manipulation des petits actionnaires. 2000.
  • Antimanuel d'économie: Tome 1, les fourmis. Bréal 2003, ISBN 2-7495-0078-8.
  • Antimanuel d'économie: Tome 2, les cigales. Bréal 2006, ISBN 2-7495-0629-8.
  • mam Georges Vigarello u. a.: Gouverner par la peur. 2007, ISBN 978-2-213-63287-2.
  • Petits principes de langue de bois économique. Bréal, Paris 2008, ISBN 978-2-7495-0149-9.
  • Marx, ô Marx, pourquoi m'as-tu m'abandonné? Éditions Les Échappes, Paris 2010, ISBN 978-2-35766-022-9.

Essayen

Romaner

Referenzen

änneren
  1. lefigaro.fr 07.01.2015.
  2. "Bernard Maris: un pied à «Charlie», l'autre à la Banque de France." lemonde.fr, 07.01.2015.