Alan Badel
Ausgesinn
Alan Badel | |
---|---|
Gebuer |
11. September 1923 Manchester |
Gestuerwen | 19. Mäerz 1982 |
Doudesursaach | Krankheet |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Aktivitéit | Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Schauspiller |
Famill | |
Kanner | Sarah Badel |
Den Alan Badel, gebuer als Alan Fernand Badel den 11. September 1923 zu Rusholme bei Manchester am Lancashire, a gestuerwen den 19. Mäerz 1982 zu Chichester am West Sussex, war en englesche Schauspiller. An der Zäit vum Zweete Weltkrich war hien an der Résistance française aktiv.
Seng éischt grouss Roll am Kino hat hien am Film Salome vum William Dieterle am Joer 1953. Bekannt Filmer mat him sinn This Sporting Life (1963) vum Lindsay Anderson, Arabesque (1966) vum Stanley Donen an The Day of the Jackal (1973) vum Fred Zinnemann.
D'Schauspillerin Sarah Badel ass dem Alan Badel seng Duechter.
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]Kino
[änneren | Quelltext änneren]- 1952: The Stranger Left No Card, (Kuerzfilm)
- 1953: Salome, vum William Dieterle mam Rita Hayworth a Stewart Granger
- 1953: Will Any Gentleman…?, vum Michael Anderson
- 1955: Three Cases of Murder, vum David Eady, George More O'Ferrall an Wendy Toye mam Orson Welles an Elizabeth Sellars
- 1955: Magic Fire, vum William Dieterle mam Yvonne De Carlo a Carlos Thompson
- 1963: This Sporting Life, vum Lindsay Anderson mam Richard Harris a Rachel Roberts
- 1963: Bitter Harvest, vum Peter Graham Scott mam Janet Munro
- 1964: Children of the Damned, vum Anton Leader mam Ian Hendry
- 1966: Arabesque, vum Stanley Donen mam Gregory Peck a Sophia Loren
- 1968: Otley, vum Dick Clement mam Tom Courtenay a Romy Schneider
- 1969: Where's Jack? , vum James Clavell mam Tommy Steele a Stanley Baker
- 1970: The Adventurers, vum Lewis Gilbert mam Candice Bergen, Ernest Borgnine, Charles Aznavour an Olivia de Havilland
- 1973: The Day of the Jackal, vum Fred Zinnemann mam Edward Fox a Michel Auclair
- 1974: Luther, vum Guy Green mam Stacy Keach
- 1977: Telefon, vum Don Siegel mam Charles Bronson a Lee Remick
- 1978: The Medusa Touch, vum Jack Gold mam Richard Burton a Lino Ventura
- 1978: Force 10 from Navarone, vum Guy Hamilton mam Robert Shaw an Harrison Ford
- 1979: The Riddle of the Sands, vum Tony Maylam mam Michael York an Jenny Agutter
- 1979: Agatha, vum Michael Apted mam Vanessa Redgrave an Dustin Hoffman
- 1980: Nijinsky, vum Herbert Ross mam Alan Bates an Jeremy Irons