Bass
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Bass am physiologesche Sënn (wann et ee bäisst). Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Bass (Homonymie). |
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun de Medezinartikelen. Dës Informatioune si fir eng allgemeng Weiderbildung geduecht, mä ersetzen op kee Fall en Dokter oder Apdikter! Och d'Éischt-Hëllef-Rotschléi kënnen op kee Fall mat engem richtegen Éischt-Hëllef-Cours gläichgesat ginn! |
Bass, wëssenschaftlech: Pruritus, ass en desagreabelt Gefill op der Haut, dat e Krazen, deemno d'Reiwen oder Schautere vun der Haut mat engem haarde Géigestann, wéi z. B. de Fangerneel, provozéiert.
Dacks ass de Bass e Symptom fir eng Erkrankung. Duerch d'Kraze gëtt d'Haut rout, schwëllt, an et kann, wann et sech ëm laangt an/oder fest Krazen handelt, zu Rëff an, a chronesche Fäll, Hyperpigmentéierung, Lichenifikatioun a Pyodermie kommen. Ronn 70 % vun de Pruritus-Patiente leiden enger däitscher Etüd no zousätzlech ënner psychosomateschen oder psychiatreschen Erkrankungen.[1]
D'Mediatoren, déi de Bass ausléisen, z. B. Histamin, kënnen och duerch Medikamenter, Nahrungsmëttel, Allergenen, Planzen- oder Insektegëfter oder Änleches fräigesat ginn. Chronesch Forme vum Pruritus sinn dacks therapieresistent.
De Bass gëtt iwwer Nervenfaseren an der Haut iwwermëttelt, déi net déi selwecht si wéi déi fir d'Péng.[1][2] WichtegeTransmitter fir de Bass schéngen d'Gastrin Releasing Peptide (GRP) an d'Brain Natriuretic Peptide (Nppb) ze sinn.[3][4].
Bass ass, änlech wéi d'Gaapsen, "ustiechend", d. h., wann een en anere gesäit, sech krazen, bäisst et een och.
Referenzen
[änneren | Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 R. Leinmüller: Pruritus: Auch bei chronischem Juckreiz existiert ein „Gedächtnis“. In: Deutsches Ärzteblatt. 103, Ausgabe 1-2, 9. Januar 2006, S. A-22/ B-16/ C-16.
- ↑ Wen juckt's? In: Spektrum der Wissenschaft. 10/07, S. 12.
- ↑ Yan-Gang Sun, Zhou-Feng Chen: A gastrin-releasing peptide receptor mediates the itch sensation in the spinal cord. In: Nature. 448, 2007, S. 700–703. doi:10.1038/nature06029.
- ↑ S. K. Mishra, M. A. Hoon: The Cells and Circuitry for Itch Responses in Mice. In: Science. 340, 2013, S. 968–971. doi:10.1126/science.1233765.