Roque de los Muchachos Observatoire
De Roque de los Muchachos Observatoire (span. Observatorio del Roque de los Muchachos, kuerz ORM) ass eng Usiidlung vun Observatoiren um Hang vum Roque de los Muchachos op der Kanarescher Insel La Palma. Zesumme mat dem Teide Observatoire op Teneriffa bilt den ORM den European Northern Observatory.
Allgemeng
[änneren | Quelltext änneren]D'astrophysikalesch Observatoiren haten am Joer 1985 hir offizell Ouverture. En ettlech europäesch Länner sinn un der Anlag bedeelegt, déi eng vun de wichtegste vun där Aart weltwäit ass. Ausschlaggiewend fir d'Standplaz vum Projet waren déi klimatesch Bedingungen um héchste Bierg vu La Palma. Do sinn extreem vill wollekefräi Nuechten ze verzeechnen, zwar hänken tëscht 1.000 bis 2000 Meter Héicht dacks Wolleken, wat awer d'Observatioune net beaflosst. D'Loft op dem Roque de los Muchachos ass besonnesch kloer.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Am Joer 1979 goufen Ofkommes tëscht Santa Cruz de La Palma an de Staate Spuenien, Schweden, Dänemark a Groussbritannien ënnerzeechent, dat hinnen astrophysikalesch Fuerschunge op dem Roque de los Muchachos erlaabt. Weider Länner hu sech ugeschloss, z. B.:Däitschland am Joer 1983. Feierlech ageweit gouf déi wëssenschaftlech Institutioun den 29. Juni 1985.
De 24. Juli 2009 gouf dat mat 10,4 m Duerchmiesser – weltwäit – gréisst Spigelteleskop, Gran Telescopio Canarias (GRANTECAN) vum spuenesche Kinnek Juan Carlos an der Kinnigin Sophia feierlech a Betrib geholl.
Teleskopen
[änneren | Quelltext änneren]Déi gréisst Observatoire si mat Spigelteleskope ageriicht, déi hei nom Duerchmiesser vum Haaptspigel zortéiert sinn:
- 10,4 Meter Gran Telescopio Canarias
- 4,2 Meter William Herschel Teleskop (ING)
- 3,6 Meter Telescopio Nazionale Galileo (TNG)
- 2,5 Meter Isaac Newton Teleskop (ING)
- 2,5 Meter Nordic Optical Telescope (NOT)
- 2,0 Meter Liverpool Teleskop
- 1,5 Meter Mercatorteleskop
- 1,0 Meter Jacobus Kapteyn Teleskop (ING)
Déi mat (ING) gezeechent Teleskope sinn an der „Isaac Newton Group“ zesummegefaasst
Speziell Teleskopen
[änneren | Quelltext änneren]- 0,45 Meter Dutch Open Telescope, fir Sonnenobservatioun
- Swedish Solar Telescope (SST), 1-m-Refrakter fir Sonnenobservatioun
- 0,18 Meter Carlsberg Meridian-Refrakter (CMT) fir Astrometrie
- 2 × 17 Meter MAGIC (Tscherenkow-Teleskope fir Gammastralung).
- 3 Meter FACT-Teleskop (fréier als "CT3" Deel vum 6 HEGRA-Teleskope), Tscherenkow-Teleskop
- en Observatoire vum SuperWASP
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Paranal-Observatoire
- La Silla-Observatoire
- Cerro Tololo Inter-American Observatory
- European Extremely Large Telescope
Referenzen
[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Roque de los Muchachos Observatoire – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (es) (en) Observatorio del Roque de los Muchachos
- (en) http://www.ast.cam.ac.uk/~dwe/SRF/camc.html Carlsberg Meridian Telescope]
- (es) Isaac Newton Group of Telescopes
- (en) The MAGIC Telescope Homepage