Kim Miyori
Ausgesinn
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Kim Miyori | |
---|---|
Gebuer |
4. Januar 1951 Santa Barbara |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Schauspiller, Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller |
D'Kim Miyori, gebuer Cheryl Jane Utsunomiya de 4. Januar 1951 zu Santa Barbara am US-Bundesstaat Kalifornien, ass eng US-amerikanesch Film- an Theaterschauspiller vu japanescher Ofstamung[1]. Si huet hir Karriär op der Theaterbün[2] an a Filmer 1976[3] ugefaangen.
Si gouf mat der Roll als Dr. Wendy Armstrong an den éischen zwou Staffele vun der Televisiounsserie St. Elsewhere bekannt[4]. Bei hiren anere beléiftste Rolle sinn z. B. d'Haaptroll als Yoko Ono am Tëleesfilm John and Yoko: A Love Story (1985)[5],[6] an de Roll als Antagonistin Lady Tanaka am Film The Punisher (1989)[7],[8].
Op der Broadway-Bün ass d'Kim Miyori bekannt mat der Roll als Eng Luan an der origineller Versioun (1998) vum Musical Golden Child[9].
Filmographie (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- 1978: Sgt. Pepper's Lonely Hearts Club Band
- 1981: Zoot Suit
- 1982-84: St. Elsewhere (Tëleesserie, 39 Episoden)
- 1985: John and Yoko: A Love Story (Tëleesfilm)
- 1985-86: T. J. Hooker (Tëleesserie, 2 Episoden)
- 1989: The Big Picture
- 1989: Loverboy
- 1989: The Punisher
- 1997: Metro
- 2006: The Grudge 2
Broadway-Theaterrollen
[änneren | Quelltext änneren]- 1976: Pacific Overtures (als Proscenium Servant, Sailor an Townsperson)
- 1979: Zoot Suit (als Manchuka)
- 1998: Golden Child (als Eng Luan)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[änneren | Quelltext änneren]- ↑ Nita Tewari. Asian American Psychology: Current Perspectives - S. 432 - Taylor & Francis, 2009 - ISBN 978-1-84169-769-7
- ↑ Fiche op IBDb (en)
- ↑ Fiche op IMDb (en)
- ↑ The Crisis, Juni 1985 - S. 38
- ↑ New York Magazine, 2. Dezember 1985 - S. 156
- ↑ Allen J. Wiener. The Beatles: A Recording History - S. 300-301 - McFarland, 1986
- ↑ https://filmschoolrejects.com/punisher-franchise-depth-ranking/
- ↑ Julius Marshall. Action!: The Action Movie A-Z - S. 14 - Batsford, 1996
- ↑ C. S. Smith. The New York Times Theater Reviews 1997-1998 - S. 263 - Routledge, 2014 - ISBN 0-8153-3341-2