Dipbech
D'Dipbech laanscht de Parking vun Arcelor, um Boulevard Pierre-Dupong | |
An anere Sproochen |
fr: Dippbach de: Dipbach |
---|---|
Längt |
Féier: 5,0 km Haut: 2,6 km |
Hydrographesche Baseng | Rhäin |
Originn | |
Originn | Quell |
Plaz | Esch-Uelzecht |
Héicht |
317 m (fréier) 290 m (haut) |
Koordinaten |
fréier: 49° 30’ 16.5’’ N 05° 55’ 31.3’’ O haut: 49° 30’ 28.3’’ N 05° 57’ 27.0’’ O |
Konfluenz | |
Leeft an | d'Uelzecht |
Plaz |
Lieu-dit An de Lallengerfären |
Héicht | 279,9 m |
Koordinaten |
49° 30’ 24.5’’ N 05° 59’ 32.14’’ O |
Geographie | |
Land | Lëtzebuerg |
Uertschaften | Esch-Uelzecht |
D'Dipbech oder Dippech (Däitsch: Thiepach, Dipbach, Franséisch: Dippach)[1] ass eng lëtzebuergesch Baach um Territoire vun der Gemeng Esch-Uelzecht. Se ass e lénksen Niewefloss vun der Uelzecht a gehéiert domat zum Anzuchsgebitt vun der Sauer an der Musel an doriwwer eraus zum Baseng vum Rhäin.
Se trëtt hannert de Killweiere vun ArcelorMittal Esch-Belval, um Flouer An Tiirmesäertchen, nieft dem Rond-point vun der N31 an der Offaart vun der A4, eng éischt Kéier als Baach an Erscheinung. Si leeft dann duerch d'Gewan mat de Flouernimm Elsebricht a Fettmet, ier se dann, nodeems s'ënner der Lëtzebuerger Strooss erduerchgelaf ass, hannert dem Parking vum fréiere Walzwierk ArcelorMittal Esch-Schëffleng, vu lénks an d'Uelzecht leeft.
Op der Ferraris-Kaart vun ëm 1770 ass d'Quell vun der Dipbech um Hank vum Metzerbierg, op Rawittchen, südlech vum alen Duerfkär vu Bieles, uginn. Si ass déi Zäit duerch de Flouer Balesweier, Laangwiss a Brill gelaf, fir da virunzelafen wéi haut nach. Mam Bau vun der Adolf-Emil-Hütte (dem haitege Site ArcelorMittal Esch-Belval) gouf dëse Laf ënnerbrach, resp. ënnerierdesch kanaliséiert.
D'Bett vun der Dipbech ass gréissendeels betonéiert a plazeweis ënnerierdesch a Réier. De Grond war, well laang Zäit d'Waasser vun enger mechanescher Kläranlag an de Killweier geleet gouf, aus deem d'Dipbech erausleeft. Fir datt se méiglechst séier oflafe soll, gouf s'an den 1970er Joren an e bëtongs Bett geluecht. Zanter 2008 gëtt d'Ofwaasser an eng méi grouss Kläranlag zu Schëffleng gepompelt, sou datt d'Waasser vun der Dipbech sech erhuele konnt.[2]
D'Gemeng Esch huet laangfristeg Pläng, s'op hirem ganze Laf ze renaturéieren, a sou e grénge Couloir tëscht Belval an dem zukünftege Quartier Alzette ze schafen.[3]
Nodeems dat éischt Stéck schonns ëm 2006 ronderëm de Pavillon du Centenaire an Ugrëff geholl gi war, ginn 2024, fir 2,4 Milliounen Euro, eng weider 800 Meter vum Laf vun do baachop bis bei d'Éilerengerstrooss, südlech vun den Nonnewisen, an en ofwiesslungsräiche Biotop ëmgewandelt. Et gi Meanderen ugeluecht, Beem, Hecken an e Bongert geplanzt asw. Och Spadséierweeër, Spillplazen, Bänken, Fitnessapparater, e Boule-Terrain, asw. sollen amenagéiert ginn.[2]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun de lëtzebuergesche Waasserleef
- Lëscht vun de lëtzebuergesche Waasserleef mat hiren Anzuchsgebidder
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Dipbech – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Geoportail (Layeren: aktuell Kaart, Ferraris-Kaart (1778), topographesch Kaart (1927), Preisesch Kaart aus dem zweete Weltkrich (1939))
Referenzen
[änneren | Quelltext änneren]- ↑ J. Flies, Das andere Esch, (Luxembourg: Saint-Paul, 1979), 60.
- ↑ 2,0 2,1 "Feuchtgebiet für Mensch und Natur." Den Escher N°57, S.10-11.
- ↑ Nico Lasanen: "Eine neue Schule für Esch." Luxemburger Wort, 1. Februar 2018, S.n.