Pierre Toussaint Stéfani
Pierre Toussaint Stéfani | |
---|---|
Pseudonym | Litty, Lutty |
Gebuer |
16. Januar 1872 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
28. Januar 1932 Clinique Saint-François |
Nationalitéit | Frankräich, Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Bünekënschtler |
Famill | |
Bestuet mat |
Marie Wagner, Pauline Blomiser |
Papp | Toussaint Stéfani |
Mamm | Maria Speidel |
De Pierre Toussaint Stéfani, gebuer als Peter Toussaint Stéfani[1] de 16. Januar 1872 an der Stad Lëtzebuerg[2], an do gestuerwen den 28. Januar 1932[3], war e lëtzebuergeschen Entertainer mat franséischen Originnen, deen ënner dem Kënschtlernumm de Litty (och nach de Lutty) opgetrueden ass.
Säi Liewen
De Pierre-Toussaint war de Bouf vum Toussaint Stéfani (gebuer op Korsika ) an der Maria Speidel. Hie gouf de 6. Februar 1900 mat der Marie Wagner, gebierteg vu Metz, bestuet[4]. Méi spéit, de 6. Dezember 1913, dunn am zweete Bestietnes mat der Kënschtlerin Pauline Blomiser (1885-1965) vu Metz[5][6].
De Pierre-Toussaint huet sech 1893 naturaliséiere gelooss.
Vum Enn vum 19. Joerhonnert un ass de Pierre-Toussaint als professionelle Variété-Artist zu Lëtzebuerg opgetrueden. Spéitstens ëm 1914 huet zu Lëtzebuerg jiddereen de Litty kannt.
Hien ass deels eleng opgetrueden, soss am Duo mat der Victorine Chalois, genannt Bobby (1895-1988) oder am Trio (Trio Litty). 1923 huet hie sech aus dem Variété-Geschäft zeréckgezunn, hat awer vun 1923-1924 de Restaurant Chez Litty zu Munneref. Duerno huet hie bis zu sengem Doud erëm an der Stad Lëtzebuerg gelieft, wou hien de 27. Januar 1932 am Spidol Saint-François um Fëschmaart un enger Bluttvergëftung gestuerwen ass.[2]
Literatur
- Urwald, G., 2022. « De Fausti vun deemools?» BNL – Wëssen entdecken (22): de Lëtzebuerger Ënnerhalungskënschtler genannt de Litty kënnt virun 150 Joer zu Lëtzebuerg op d'Welt. – Die Warte 16|2723 vum 12. Mee 2022, S. 12.
Um Spaweck
Referenzen an Notten
- ↑ "Luxembourg, Registres d'état civil, 1796-1941", FamilySearch (https://www.familysearch.org/ark:/61903/1:1:7DBV-MRT2 : Thu Jul 11 15:44:17 UTC 2024), Entry for Peter Toussaint Stéfani and Toussaint Stéfani, 17 Jan 1872.
- ↑ 2,0 2,1 Georges Urwald 2022 an der Literatur
- ↑ (fr)Décès.. L'indépendance luxembourgeoise, 62. Jg., nº 49, p. 3. (18.02.1932). Gekuckt de(n) 21.11.2024.
- ↑ "Luxembourg, Church and Civil Registration, 1601-1923", FamilySearch (https://www.familysearch.org/ark:/61903/1:1:6LHV-4V37 : Mon Mar 04 21:03:02 UTC 2024), Entry for Peter Toussaint Stéfani and Toussaint Stéfani, 6 Feb 1900.
- ↑ (fr)Mariages.. In: L'indépendance luxembourgeoise, 43. Jg., nº 347/348, p. 3. (12.12.1913). Gekuckt de(n) 21.11.2024.
- ↑ "Luxembourg, Church and Civil Registration, 1601-1923",FamilySearch (https://www.familysearch.org/ark:/61903/1:1:6L8V-G6ST : Mon Mar 04 21:15:49 UTC 2024), Entry for Peter Toussaint Stéfani and Toussaint Stéfani, 6 Dec 1913.