Kierch Biekerech
| ||||
---|---|---|---|---|
D'Kierch vu Biekerech (2013) | ||||
Uertschaft / Plaz | Biekerech | |||
Par | Atertdall Sainte-Claire | |||
Numm / Patréiner | Hl. Péitrus a Paulus | |||
Konsekratioun | 1723 | |||
Baujoer | 1711 | |||
Koordinaten | 49° 43’ 56.3’’ N 05° 53’ 08.1’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Kierch zu Biekerech ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Atertdall Sainte-Claire an zu der Gemeng Biekerech gehéiert.
D'Patréiner vun der Kierch sinn déi zwéin Helleg Péitrus a Paulus, deenen hiert Fest den 29. Juni gefeiert gëtt. Niewpatréiner sinn den hellege Sebastian an den hellege Rochus. Viru 1628 war den hellege Péitrus deen eenzege Patréiner.
D'Kierch läit am Oste vun der Uertschaft nieft der Dikrecher Strooss, der N24.
Den 11. Februar 2022 gouf s'als nationaalt Monument klasséiert.[1]
Zur fréierer Par Biekerech hunn ausser der Parkierch vu Biekerech och nach d'Kapell vu Liewel, d'Kapell vun Hitten an d'Jobskapell um Kuelebierg gehéiert.
Geschicht
Déi éischt Kierch zu Biekerech gëtt dokumentaresch schonn am 12. Joerhonnert ernimmt.
1711 gouf ënner dem Paschtouer Kuborn d'Schëff vun der haiteger Kierch nei gebaut. Se gouf du 1723 vum Tréierer Weibëschof Johann Matthias von Eyss konsekréiert[2]
1742 a 1748 krut dëse Bau en neien Daach. Den Tuerm koum 1750 dobäi. Um Kierchtuerm iwwer der Agangsdier ass d'Joreszuel 1750 grouss ze gesinn.
1850 ass d'Querschëff agebaut ginn. 1897 gouf den haitege Chouer an d'Sakristei gebaut.
Am Tuerm hänken dräi Klacken, zwou vun 1869/1870 (Helleg Péiter & Pol a Marie) vun engem Géisser François vu Metz an eng vun 1976 (Tous les Saints) vun der Klackegéisserei Mabilon vu Saarburg.
D'Kierch gouf fir d'lescht 2000 bis 2001 renovéiert; dobäi gouf och den Duxall ofgerappt an d'Uergel gouf nieft dem lénkse Säitenaltor opgeriicht.
Well am Laf vun der Zäit vill un der haiteger Kierch geschafft gouf, ass dat zentraalt Kiercheschëff romanesch, d'Querschëff awer gotesch. Den Haaptaltor am Chouer staamt aus dem Barock.
Kräizwee
De Kräizwee huet 7 Statiounen a fänkt ronn 150 Meter vun der Kierch ewech un a féiert bis bei d'Jobskapell um Kuelebierg.
D'Statioune stinn all am Fräien a sinn aus Lëtzebuerger Sandsteen.
Mëttlerweil sinn déi eenzel Statiounen alleguer Kopien, vu datt d'Originaler scho viru 1600 opgeriicht goufen.
Uergel
D'Uergel gouf 1931 vun der Lëntgener Uergelfabréck ënner der Leedung vum Geoerges Haupt gebaut an den 11. Oktober 1931 ageweit.
D'Instrument gouf bei der Renovatioun vun der Kierch an de Joren 2000-01 vum Duxall an de Chouer deplacéiert, d'Dispositioun gouf awer net geännert an ass nach ëmmer déi nämmlecht.
Den Opbau vun der Uergel:
- I Haaptwierk (6 Reg.)
- II Schwellwierk (8 Reg.)
- Pedall (3 Reg.)
Literatur
- Bosseler, Nic, 1975: Beckerich, Hüttingen und Levelingen, in ihrer schicksalhaften Geschichte im Wandel der Jahrhunderte, Krippler & Cie, 332 S., S. 78-123
D'Paschtéier vu Biekerech
- 1265: Nikolaus von Bekirchen
- 1276: Theodorich von Bethkyrche
- 1351: Johann von Betonglises
- 1476: Michel
- 1476: Jean Naeuve de Noirhusen
- 1484: Nikolaus de Belkirchen
- 1510: Pilgrinus
- 1540: Michel Naewen
- 1550: Reinhard Dunninger
- 1552: Johann von Gerlingen
- 1570: Nikolaus von Brittert (Breitert)
- 1579: Conrad Ell
- 1580: Nikolaus Rantzleiden
- 1586: Anton Donlingen
- 1589: Michel Heintz
- 1596: Johann Kalbfleisch (Mucheron, Machuray, Moschion)
- 1617: Robert Lindanus
- 1623: Nikolaus Molinaeus (Molinarus)
- 1633: Rudolf Weingart
- 1636: Ludwig Molinaeus (Moliné, Molinari)
- 1679: Michel Kuborn (Geimlinger, Kuboren) vu Grëmmelescht
- 1716: Nicolas Becker
- 1717: Peter Mallaise (Maller, Mallert) vu Stroossen
- 1737: Heinrich Bertembois vu Grendel
- 1758: Peter Mayss (Meys, Meis) vu Schweech
- 1775: Heinrich Hemmer vu Bierchem
- 1794: Nikolaus Michels vu Leideleng
- 1800: Nikolaus Palen vu Rued
- 1818: Peter Guerstener vu Bruch
- 1873: Johann Welter vun Ierpeldeng (Sauer)
- 1875: Nikolaus Mertens vu Mamer
- 1900: Theodor Maeillet vu Rouderssen
- 1908: André Clemens vu Méischdref
- 1929: Joseph Poos vu Béiwen
- 1947: Albert Muller aus dem Rollengergronn
- 1952: Mathias Fellens vu Wäiswampech
- 2000: John. Bintz vun Useldeng
- 2004: Nicolas Hardt vu Grooljen
- 2005: Denis Wellisch vu Colmar (Fr.), leschte Paschtouer deen am Paschtoueschhaus zu Biekerech gewunnt huet
- zanter 2010: Mathieu Janssen
Biller
Kuckt och
- Lëscht vu reliéise Gebaier zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vun de fréiere Lëtzebuerger Paren
Um Spaweck
Commons: Kierch Biekerech – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vum Parverband Biekerech-Useldeng (fr)
- D'Fënstere vun der Kierch vu Biekerech op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
- D'Uergel vun der Kierch op der Websäit Orgues.lu
Referenzen an Notten
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 26. November 2024).
- ↑ Weihbischöfe in Luxemburg op cathol.lu Archivéiert de(n) 01.01.2022. Gekuckt de(n) 01.01.2022.