Adlerniwwel
Date vum Adlerniwwel | |
---|---|
Objettyp | Emissiounsniwwel (Typ H II) |
Stärebild | Serpens (Ser) |
Positioun (Equinoxe J2000.0) | |
Rektaszensioun | 118h 18m 48s |
Deklinatioun | − 13° 49' 00" |
Klassifikatioun | II,3,m,n (Trumpler), e (Shapley) |
Ausgesinn | |
Visuell Magnitude | + 6,0 mag |
Wénkelduerchmiesser | 7,0' |
Physikalesch Daten | |
Gehéiert zum | |
Distanz | zirka 7000 Liichtjoer |
Routverrécklung | 60 ∙ 10−6 |
Radialvitess | 18,0 |
Alter | 5,5 Mio. |
Entdecker | Cheseaux |
Entdeckungsjoer | 1745 |
Katalogbezeechnungen | |
Messier 16, NGC 6611, C 1816-138, OCl 54, OCISM 10, IC 4703 |
Den Adlerniwwel oder IC 4703 (kuckt Index-Katalog) ass en Niwwel zesumme mat engem Oppene Stärekoup am Stärebild Serpens. Dëse Koup huet am Messier-Katalog d'Nummer M 16 resp. am NGC d'Nummer NGC 6611. A ville Kataloge ginn d'Niwwelen an d'Stärekéip gläichbedeitend opgefouert, soudatt d'Messier-Katalog-Bezeechnung meeschtens och fir den Niwwel gebraucht gëtt.
Beschreiwung
Den Adlerniwwel ass ongeféier 7.000 Liichtjoer vun eiser Sonn ewech. Hien huet eng Visuell Magnitude vu 6,4m.
Et ass en Emissiounsniwwel (Typ H II), aus deem sech en oppene Stärekoup forméiert. E besteet haaptsächlech aus Waasserstoff, dee sech wéinst der niddreger Temperatur zu Waasserstoffmoleküllen zesummeschléisse konnt. Den zirka 20 Liichtjoer groussen Niwwel huet Stëbssailen, déi bis zu 9,5 Liichtjoer laang sinn an un deenen hire Spëtzten nei Stäre sinn, woufir si och Pillars of Creation (Saile vun der Genesis) gedeeft goufen. Déi Onduerchsiichtegkeet vum Niwwel kënnt duerch Silikat- a Kuelestoffpartikel zustan. Den Alter vun de Stäre läit bei ronn 800.000 Joer. E puer Stäre si ganz jonk, a ginn op 50.000 Joer geschat.
Entdeckung
Den oppene Stärekoup gouf vum Schwäizer Astronom Jean-Philippe de Chéseaux wärend der Kartographéierung vun 21 Niwwelen an de Jore 1745 a 1746 entdeckt.
Onofhängeg vun der Observatioun vum Chésaux, (seng Lëscht koum eréischt 1892 eraus, hat de franséischen Astronom Charles Messier den Niwwel 18 Joer méi spéit entdeckt. Seng Observatioun hat de Messier den 3. Juni 1764 a sengem Katalog agedroen. Den observéierte Stärekoup gëtt a sengem Katalog als e Koup vu klenge Stären, agebett an engem schwaache Gléie beschriwwen. Ausserdeem stellt hie fest, datt dee Stärekoup an engem "klengen Teleskop wéi en Niwwel ausgesäit". Eng direkt Observatioun vum Niwwel, sou wéi d'Fotoe vum Hubble-Weltraumteleskop e weisen, gouf nach net gemaach.
Fuerschung
1995 goufe mam Hubble-Weltraumteleskop Fotoe vun dëser Regioun gemaach, déi faszinéierend Strukture gewisen hunn. Et war fir déi éischt Kéier gelongen, detailléiert Ablécker an d'Genesisprozesser vu Stären ze maachen. D'Stëbssaile gläichen der Struktur vu Gräifvullen am Stuerzfluch, wouduerch den Niwwel säin Numm krut.
Ufank 2007 hat de Spitzer-Weltraumteleskop Fotoen am Infraroutberäich gemaach. Déi Fotoe weisen den intakten Niwwel, wéi een e vu bekannte Fotoe vum Hubble-Teleskop kennt, an eng Wollek aus gliddegem Stëbs. Et gëtt ugeholl, datt déi Wollek en Iwwerrescht vun enger Stärenexplosioun respektiv vun enger Supernova ass, an datt se warscheinlech genuch Kraaft huet, fir d'Moleküllwolleken, aus deenen d'Saile bestinn, an hirer Form ze veränneren. Sou besteet d'Méiglechkeet, datt dës Wollek vun der Supernova Stëbs a Gasen aus dem Niwwel mat sech räisst an déi doran an dohanner verstoppt jonk Stäre fräileet. D'Supernova, déi de méiglechen Ausléiser war, konnt warscheinlech virun ee bis zweedausend Joer um Himmel observéiert ginn. Duerch d'Distanz vu 7000 Liichtjoer läit d'Evenement schonn aacht oder néngdausend Joer zeréck. Astronome spekuléieren, datt d'Saile scho fort kéinte sinn, mir awer wéinst der grousser Distanz an der Zäit, déi d'Liicht fir dës Rees brauch, (kuckt Liichtvitess), nach den Zoustand vum Niwwel gesi wéi viru 7000 Joer.
Kuckt och
Um Spaweck
Commons: Adlernebel – Biller, Videoen oder Audiodateien |