Michel Think
Ausgesinn
Michel Think | |
---|---|
Gebuer |
24. Abrëll 1960 Diddeleng |
Gestuerwen | 18. September 2024 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Sportschéisser, Armurier |
De Michel Think, gebuer de 24. Abrëll 1960 a gestuerwen den 18. September 2024[1], war e lëtzebuergesche Sportler am Schéissen an Olympionik.[2]
Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1992 zu Barcelona am Trapschéisse vertrueden[3] a koum do op déi 29. Plaz. Wärend senger Karriär huet den Think doriwwer eraus am Ganze 25 Landesmeeschtertitele gewonnen.[4]
Kuckt och
- Portal Sport
- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympionicken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer
Referenzen
- ↑ Doudesannonce am Luxemburger Wort, 24. September 2024.
- ↑ De Michel Think op der Websäit vu sports-reference.com
- ↑ De Michel Think op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'
- ↑ Yann Duarte: "Olympia-Teilnehmer Michel Think im Alter von 64 Jahren verstorben." wort.lu, 24.09.2024.