Ministère de l'Économie
Ministère de l'Économie | |
---|---|
Wirtschaftsministère | |
Land | Lëtzebuerg |
Minister | Lex Delles, Eric Thill |
Verwaltungssëtz | Lëtzebuerg |
Adress | Forum Royal, 19-21, boulevard Royal L-2449 Lëtzebuerg |
Ënnersteet der/dem | Lëtzebuerger Regierung |
Um Spaweck | https://meco.gouvernement.lu/ |
De Wirtschaftsministère (fr: Ministère de l'Économie, gekierzt MECO), ass e Ministère zu Lëtzebuerg deen zoustänneg ass fir d'Wirtschaftspolitik vum Land ëmzesetzen, grad wéi fir d'Mëttelklass, d'Energie an den Tourismus.
Opdeelung
[änneren | Quelltext änneren]D'Zoustännegkeete vum Ministère ginn op zwéi Ministeren opgedeelt:
- de Lex Delles ass Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus;
- den Eric Thill ass delegéierte Minister fir Tourismus.
Allgemenges
[änneren | Quelltext änneren]Fir d'Wirtschaftspolitik vun der Regierung ëmzesetzen, hëlt de Ministère strateegesch Decisiounen a këmmert sech drëm, déi néideg Instrumenter fir d'Dynamik a fir eng nohalteg Entwécklung vun der nationaler Ekonomie ze schafen.
En ass zoustänneg fir d'allgemeng Wirtschaftspolitik (Kompetitivitéit an Opschwong, Bannemaart, industriell Politik), d'allgemeng Politik vun den Entreprisen, d'Gesellschaftsverantwortung vun den Entreprisen, Ënnerstëtzung, d'Entwécklung an d'Diversifizéierung vun der Ekonomie.
Do dernieft këmmert e sech ëm de Aussenhandel, d'Fuerschung an d'Innovatiounen, d'intellektuell Proprietéit, d'Raumfaartpolitik an de Pavillon maritime.
An d'Attributioune vum Wirtschaftsministère falen och d'Beräicher vun der Mëttelklass, der Energie an dem Tourismus.
Kompetenz vum Ministère
[änneren | Quelltext änneren]D'Beräicher, Servicer a Verwaltungen déi ënnert d'Kompetenz vum Wirtschaftsministère falen, sinn am interne Reglement vun der Regierung festgehalen[1]. Dozou gehéieren ë. a.:
Beräich „Wirtschaft“
[änneren | Quelltext änneren]- Allgemeng Wirtschaftspolitik; Statec; Observatoire vun der Kompetitivitéit; Relatioune mam der Handelskummer, Société nationale de crédit et d'investissement, Technoport, Post Luxembourg, Luxtrust, …
- Allgemeng Firmepolitik
- Wirtschaftlech Entwécklung an Diversifikatioun
- Entwécklung vun neie Mäert, Qualitéit a Regulatioun
- Fuerschung an Innovatioun
- Geeschtegen Eegentum
- Weltraumpolitik a -strategie
- Schëfffaart
- Wirtschaftlech Sécherheet
- Promotioun vun der „Mark Lëtzebuerg“ am Ausland
Beräich „Mëttelklass“
[änneren | Quelltext änneren]- Allgemeng Politik vun de PMEen; allgemeng Politik fir d'Promotioun vun de PMEen; Promotioun vum Entrepreneursgeescht; Sustainable entrepreneurial schools; Jonk Entrepreneuren Lëtzebuerg (JEL); Politik zu Gonschte vum Handel, dem Handwierk, dem Horeca-Secteur a vu verschidde fräie Beruffer; Kreativwirtschaft; Aktiounsplang PME; Héije Kommitee fir d'Ënnerstëtzung un de PMEen an den Entrepreneursgeescht; Pakt Pro-Handel a Pakt Pro-Handwierk; digital Transformatioun vun de PMEen; staatlech Hëllef zu Gonschte vun de PMEen; Handelsermächtegungen; Reglementatioun iwwer Geschäftspraktiken an onlauter Konkurrenz; Ëffnungszäite vun de Butteker; Foiren a professionell Ausstellungen; Relatioune mat der Handwierkerkummer; Bezéiung mam House of Entrepreneurship; Luxembourg for Shopping GIE – Observatoire national des PME GIE
Beräich „Energie“
[änneren | Quelltext änneren]- national Koordinatioun vun der Energiepolitik
- Investitiounshëllef fir d'rational Notzung vun der Energie an den erneierbaren Energien
- ENCEVO; ENOVOS; CREOS; Société électrique de l'Our (SEO); Sudcal; Energieagence; Klima-Agence; Klimapakt fir Entreprisen; Conseil national pour la construction durable
- international Relatiounen (an Zesummenaarbecht mam Ausseministère): Energieconseil (IEA, IRENA); Koordinatioun vun der staatlecher Atomenergiepolitik
- Klima- an Energiefong (deels zesumme mam Ëmweltministère)
Beräich „Tourismus“,
[änneren | Quelltext änneren]- Allgemeng Politik vum Fräizäit- a Businesstourismus; allgemeng Politik vum Tourismus; Fërderung vum Tourismus; touristesch Infrastrukturen, z. B. Wander- a Vëlosweeër; Office national du tourisme; grenziwwergräifend Zesummenaarbecht am Tourismus
- Luxembourg for Tourism GIE (LfT); Regional Touristebüroen (ORT); Société immobilière du parc des expositions de Luxembourg; Luxexpo The Box; Luxembourg Congrès; Luxembourg Convention Bureau; Europamusée Schengen; Musée A Possen; Entente touristique de la Moselle
Historique vum Wirtschaftsministère
[änneren | Quelltext änneren]Iwwer d'Jore war de Ressort vun der Ekonomie deels mat anere Ressorte kombinéiert an den Numm vum Ministère huet deementspriechend gewiesselt:
- 1964 - 1969 : Ministre de l'Économie nationale et de l'Énergie
- 1969 - 1977 : Ministre de l'Économie nationale, des Classes moyennes et du Tourisme
- 1977 - 1989 : Ministre de l'Économie nationale et des Classes moyennes
- 1989 - 2004: Ministre de l'Économie
- 2004 - 2013: Ministre de l'Économie et du Commerce extérieur
- zënter 2013 : Ministère de l'Économie
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Regierung (Lëtzebuerg)
- Lëscht vun de lëtzebuergesche Wirtschaftsministeren
- Lëscht vun de lëtzebuergeschen Tourismusministeren
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Ministère de l'Économie – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- De Ministère op gouvernement.lu, der Websäit vun der Regierung (fr)
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Constitution des Ministères am Arrêté grand-ducal du 27 novembre 2023 portant approbation et publication du règlement interne du Gouvernement.